Radioen

On air

De Moien  |  Charel Schmit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verontreiung an der Hesper Gemeng: Audit soll net public gemaach ginn

Finanzgestioun vun der Gemeng

Verontreiung an der Hesper Gemeng: Audit soll net public gemaach ginn

Op Grond vun engem Audit huet d'Gemeng Hesper eng Lëscht vu Recommandatiounen un den Inneministère geschéckt fir Verbesserungen am Gemengegesetz an och un der informatescher Plattform vum Sigi. Rezent war bekannt ginn, datt déi lescht 20 Joer Suen an eestelleger Milliounenhéicht ënnerschloe goufen.

auto_stories

2 min

De Marc Lies ass Buergermeeschter vun der Hesper Gemeng

De Bäitrag vum Maxi Pesch lauschterenplay_arrow


De ganzen Interview mam Marc Lies lauschterenplay_arrow


Fir datt esou eppes net méi virkënnt hätt een dem Inneministère an der informatescher Plattform fir d'Gemengen dem Sigi Recommandatiounen zoukomme gelooss, esou den Hesper CSV-Buergermeeschter Marc Lies. Den Audit géif eng Partie Upassungen um System proposéieren, géif méi Transparenz a méi Kontrolle virgesinn.

Detailer wat genee am Audit steet, krute mir allerdéngs keng. Den Audit soll och net an d'Ëffentlechkeet kommen, esou de Marc Lies. Een Deel vun den Informatioune wieren nominell. "Dat sinn deelweis och Interna, wat de Fonctionnement an d'Payementer an déi ganz Gestioun vun de Finanzen ugeet. Ech mengen dat soll in-House bleiwen", sou de Marc Lies. E Freideg soll de Gemengerot den Audit da ganz presentéiert kréien.

"Si kréien alles, wat mir un Dokumentatioun hu vum Auditeur. Ech hu gesot: Mir hu keng Geheimnisser an dat wäert presentéiert ginn, mat der Oplag, datt et net ëffentlech ass, mee eng separat Aarbechtssëtzung vun der Gemeng."

Vum Ministère erwaart sech den Hesper Buergermeeschter, datt d'Recommandatiounen eventuell an dat neit Gemengegesetz mat afléissen. Fir datt esou eppes net méi virkënnt, hätt een dem Inneministère an der informatescher Plattform fir d'Gemengen dem Sigi Recommandatiounen zoukomme gelooss, esou den Hesper CSV-Buergermeeschter Marc Lies. Den Audit géif eng Partie Upassungen um System proposéieren, géif méi Transparenz a méi Kontrolle virgesinn.