Radioen

On air

Resonanzen  |  Franz Xaver Mozart - Sonat fir Piano a Sol Majeur, Op. 10, IV. Rondo Allegretto - Anna Liszewska (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Verschidde Baache si komplett dréchen!"

Zoustand vun de Gewässer

"Verschidde Baache si komplett dréchen!"

De Summer 2018 dierft dee wäermste vun allen Zäite sinn. D'Natur leit ënner der Hëtzt: Eng Partie Baache si komplett dréchen. D'Analys vun der Situatioun mam Jean-Paul Lickes vum Waasserwirtschaftsamt.

auto_stories

2 min

Jean-Paul Lickes, Waasserwirtschaftsamt

"Ech behaapten, datt d'Situatioun an eisem bekanntste Floss, der Musel, nach am beschten ass", esou kommentéiert de Jean-Paul Lickes vum Waasserwirtschaftsamt déi aktuell Situatioun. Wuel wieren d'Temperaturen op iwwer 20 Grad geklommen - de kritesche Beräich wier awer nach net erreecht. Bei 27 Grad kéint d'Situatioun fir d'Fësch kritesch ginn, well et dann ëmmer manner Sauerstoff gëtt. Den Direkter vum Waasserwirtschaftsamt mécht sech méi Gedanken ëm aner Baachen, déi net stauregléiert sinn. "Do ass d'Situatioun méi kritesch", seet hien. "Verschidde Baache si komplett dréchen." D'Ökosystemer vu Fauna a Flora géifen extrem an nohalteg drënner leiden.

Kee Waasser aus de Baachen zapen!

"Et ass wéineg Debit an de Baachen", explizéiert de Jean-Paul Lickes. Sollt et zu enger Pollutioun kommen - a sief se och kleng - kéint dat den Doudesstouss fir verschidde Gewässer bedeiten, einfach well net genuch Waasser do ass, fir d'Verschmotzung ze diluéieren. Et gëllt dofir e Verbuet, fir nach Waasser aus Baachen ofzezapen.

Keen Drénkwaassermangel

"De Verbrauch vun Drénkwaasser huet sech op engem héijen Niveau agependelt", weess de Jean-Paul Lickes. Well awer Kollektivcongé ass, a vill Leit an der Vakanz sinn, wier d'Situatioun net an engem kritesche Beräich. D'Waasserwirtschaftsamt hält d'Situatioun awer genee am A.

"Mir brauchen nohaltege Reen!"

"Mir brauchen e puer Deeg hannertenee kontinuéierlechen normale Reen", seet de Jean-Paul Lickes. "D'Situatioun ka sech just normaliséieren, wann dee gemittlech an de Buedem anzéie kann." Guer net gutt wiere schwéier Wiederen. Dat géif dann zu weiderer Erosioun feieren, esou d'Analys vum Direkter vum Waasserwirtschaftsamt.