Radioen

On air

Resonanzen  |  Sergei Bortkiewicz - Etude Nr.9, Op. 15 - Romain Nosbaum (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verschidden Interpretatioune bei Filmfong Audit

Filmfong

Verschidden Interpretatioune bei Filmfong Audit

An enger parlamentarescher Ufro hat den CSV Deputéierten eng ganz Rei Froe gestallt, déi eegenen Aussoen no op engem externen Audit vun 2018 baséieren, an deen Irregularitéite beim Filmfong festgestallt hätt.

auto_stories

1 min

De Premier a Medieminister huet dës Froe gréisstendeels negativ beäntwert. Dem Xavier Bettel no wier hei alles korrekt ofgelaf an anescht wéi den Deputéierten a senger Fro undeit, wiere keng Interessekonflikter festgestallt ginn. De Félix Eischen reagéiert iwwerrascht. Deemno hätt de Premier een aneren Audit gelies, wéi hie selwer.

Wann ech seng Äntwerten do kucken, da liest de Xavier Bettel en aneren Audit wéi ech. Do gëtt einfach gesot, datt dem Minister keng Interessekonflikter bekannt sinn. Dem Minister ass och net bekannt, datt ee Produzent staatlech finanziell Hëllef fir seng Produktiounsfirme kritt huet a gläichzäiteg e Salaire als Beschäftegte vum Filmfong ausbezuelt kritt huet. Mee dat geet ganz kloer aus dem Audit ervir. Do ginn Zommen avancéiert vu 70.000 Euro. Ech erfannen déi jo awer net.

An der Äntwert op eng parlamentaresch Ufro ass dem Minister och keng Vermëschungen a keng "prise illégale d'intérêts" tëschent Responsabelen aus dem Filmfong an de Produzente bekannt.

De Félix Eischen wëllt et net dobäi beloossen a fuerdert ee finanziellen Audit vum Filmfong.