Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Francis Of Delirium - Lakes

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verstouss géint d'Streikrecht?

Fleegesecteur

Verstouss géint d'Streikrecht?

Am Streik am Fleegeheem "an de Wisen" zu Beetebuerg gëtt géint d'Streikrecht verstouss. Dat behaapt den OGBL. Et wier eng Circulaire vun der COPAS, dem Daachverband vun de Prestatairen am Fleegesecteur, un aner Haiser gaangen, an där no Personal gefrot gëtt, fir zu Beetebuerg auszehëllefen.

auto_stories

3 min

Am Streik am Fleegeheem "an de Wisen" zu Beetebuerg gëtt géint d'Streikrecht verstouss. Dat behaapt den OGBL. Et wier eng Circulaire vun der COPAS, dem Daachverband vun de Prestatairen am Fleegesecteur, un aner Haiser gaangen, an där no Personal gefrot gëtt, fir zu Beetebuerg auszehëllefen.

Et wéisst een och vun Haiser, déi wëlles hätten där Fuerderung vun der COPAS nozekommen, seet d'Zentralsekretärin vum OGBL Nora Back. Dat wier laut Streikrecht awer verbueden. Den OGBL wéilt elo geriichtlech dogéint virgoen.

Et wier ee schockéiert iwwer d'Verhale vum Patronatsverband, dee sech nach net offiziell zum Dossier geäussert hätt. Gläichzäiteg hätt d'COPAS awer ugefaangen d'Haiser a Schutz ze huelen, déi net korrekt bezuelen. Domat géif d'COPAS déi aner Haiser "fir domm verkafen". Et wäert ee gewerkschaftlech Aktiounen géint Haiser organiséieren, déi Leit op Beetebuerg schécken. Et wiere Bréiwer formuléiert ginn, a sämtlech OGBL-Personaldelegatioune géife momentan zesumme mat de respektiven Direktioune kucken, datt keng Leit méi an d'Fleegeheem "an de Wisen" op Beetebuerg geschéckt ginn.

ITM op der Plaz

Schonn e Samschdeg hätt d'Sodexo probéiert fir Zäitaarbechter ze engagéieren, déi während dem Streik am Beetebuerger Heem kéinten aushëllefen, sou e weidere Virworf vum OGBL. Dee Moment wier d'ITM ageschalt ginn.

D'Gewerbeinspektioun war och e Méindeg op der Plaz, fir ze préiwen, op tatsächlech esou Verstéiss stattfonnt hunn, huet eis op Nofro den Aarbechtsminister Nicolas Schmit confirméiert. Den Asaz vun Interimsleit während engem Streik ass nämlech net autoriséiert.

Minister Schmit huet momentan keng direkt Preuve

Esou e Prêt de main d'oeuvre, vun deem elo rieds geet, a wou Personal aus enger anerer Struktur ugefrot gëtt, misst am Virfeld der ADEM matgedeelt ginn. Dat wier senges Wëssens no awer net geschitt, sou de Minister.

"Sollten also Leit do engagéiert gi sinn, oder do schaffen, da wier dat e Verstouss géint d'Gesetz", seet den Nicolas Schmit. Hien hätt awer keng Elementer, déi dat géifen direkt confirméieren. Den Aarbechtsministère an d'ITM wäerten den Dossier awer opmierksam suivéieren an d'ITM wier och befugt, Injonctiounen ze maachen a Sanktiounen auszeschwätzen.

Vum Nicolas Schmit ass et weider nach den Appell un déi zwou Säiten, fir sech gemeinsam un een Dësch ze setzen, fir eng Léisung ze fannen. Dat och am Interessi vun deene Leit, déi am Fleegeheem zu Beetebuerg liewen, an déi nach am Meeschte vun dësem Streik betraff wieren.


D'Paule Rodesch am Panorama vu 7 Auer:

Lauschterenplay_arrow