Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Elo musse mir och handelen!"

FRANSÉISCH PARLAMENTSWAHLEN

"Elo musse mir och handelen!"

Dem Emmanuel Macron seng Sympathisanten hunn zwar gefeiert, awer a Moossen. Mat 350 Sëtz huet d'Allianz vu La République En Marche a MoDem zwar méi wéi d'absolut Majoritéit am Parlament erreecht. Mä d'Resultat ass méi niddereg wéi erwaart, den Taux d'abstention dofir awer historesch héich.

auto_stories

2 min

Elo heescht et, déi nei Partei weider ze mobiliséieren, mengen och d'Militanten an d'Deputéiert, déi e Sonndeg den Owend zu Paräis op d'Resultater vum zweeten Tour vun de Parlamentswahlen gewaart hunn.

Un d'Fransousen eruntrieden

An der Woch virun de Wahle gouf nach mat 450 Sëtz fir dem aktuelle President seng Partei gerechent. Trotzdeem wier een net enttäuscht, erkläert d'Mila, eng Militantin vum Emmanuel Macron senger Beweegung. Elo géif et dorëms goen, weider ze mobiliséieren. An d'Wieler net ze enttäuschen. "Dat Wichtegst ass, fir lo ze handelen. Mir komme lo vun der Epoque vun der Campagne an d'Epoque vun der Aktioun."

Elo misst een un d'Fransousen eruntrieden, seet d'Sarah. "Et ass eng partizipativ Demokratie. Mir hunn Ateliere virgesinn. Net just fir d'Militante vun "En Marche", mä och fir d'Bierger."

Aacht mol wielen

D'Wahlparticipatioun bei dësem decisiven zweete Wahltour war och sou niddereg wéi nach ni bei Parlamentswahlen an der Fënnefter Republik. Nëmme ronn 43 Prozent vun de 47 Millioune franséische Wieler hunn hir Stëmm ofginn.

D'Leit hätten es bësse genuch, mengt ee weidere Militant. Zënter dem Ufank vun der Campagne am September hätten d'Wieler aacht mol misste wiele goen. En Deel vun de Leit hätt sech och gesot "si hunn d'Majoritéit schonn, et huet kee wäert, datt ech ginn", sou seng Aschätzung. Ausserdeem wiere vill Supporter vun eliminéierte Kandidaten net méi wiele gaangen.

Elo géif et drëm goen, d'Reformen ëmzesetzen. Dorënner och déi a Frankräich ganz sensibel Reform vum Code du Travail, sou de Silvain Maillard, Deputéierte vu Paräis. "Mir hunn e moralesche Kontrakt mam Emmanuel Macron. Mir wäerte fir d'Gesetzprojete stëmmen."

Representativitéit vun der Assemblée Nationale

Den Emmanuel Macron hat e Renouveau versprach, huet Lëschte presentéiert mat d'selwecht vill Frae wéi Männer, a mat vill Kandidaten, déi keng Beruffspolitiker sinn, mä déi aus der Zivilgesellschaft kommen. Déi meescht sinn allerdéngs éischter aus engem privilegéierte Milieu. Vill vun hinne sinn eréischt zënter engem Joer an der Politik. Zum Beispill d'Deputeiert Laetitia Avia. Si seet, déi nei Assemblée Nationale géif jidderee representéieren: "Et si Leit aus alle Milieuen. Si representéiere Frankräich a senger Pluralitéit an Diversitéit."

"La République En marche" gouf als politesch Beweegung eréischt viru gutt engem Joer gegrënnt. Et wier nach net alles gewonnen, seet d'Catherine Barbaroux, Presidentin vun der Partei . Elo misst een d'Vertraue vun de Fransousen zréckgewannen.