Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  Evelyn Kryger - Epi (feat. Ómar Guðjónsson)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Kanner hunn Defiziter am Schwammen

Schwammmeeschter a Rettungsschwëmmer

Vill Kanner hunn Defiziter am Schwammen

Déi däitsch Liewensrettungsgesellschaft DLRG schléit scho méi laang Alarm: Ëmmer manner Kanner kënne richteg schwammen, heescht et, woumat d'Gefor fir schwéier Schwammaccidenter géif eropgoen. Och zu Lëtzebuerg géifen net all déi Kleng gutt schwamme léieren, seet d'Fédération de natation et de sauvetage.

auto_stories

3 min

D'Äntwert vum President vun der Federatioun, de Marco Stacchiotti, ass kloer: Och zu Lëtzebuerg kéinte Kanner dacks net gutt schwammen. De Schwammclub zu Ettelbréck hätt dofir och en Accord mat der Primärschoul gemaach, fir datt déi Kanner, déi am Alter vun zéng oder eelef Joer nach net schwamme kënnen, samschdes mëttes speziell Course kréien.

Speziell Schwammschoule fir Kanner

An dëse Schwammschoule géifen déi Kleng dann dacks ganz séier Fortschrëtter maachen, bannent 12 Stonne Cours hätte si déi néideg Kompetenze fir sech sécher am Waasser ze beweegen. Den Undrang bei de Schwammclibb uechter d'Land fir esou Kannerschwammcourse wier riseg, seet de Marco Stacchiotti, an et géif souguer eng Waardelëscht ginn. Déi meescht Kanner géifen no engem Semester zwar schwamme kënnen, géifen awer keng Kompetitiounsschwëmmer ginn, bedauert de Papp vum bekannte Schwëmmer.

D'Grënn, firwat deelweis Kanner vun zéng Joer nach net kënne schwamme wiere verschidden, seet de President vun der Lëtzebuerger Schwamm a Sauvetage-Federatioun. Ee vun de Grënn kéint sinn, datt si et an der Schoul net geléiert hätten, oder datt d'Personal net genuch forméiert wier fir Schwammcoursen ze halen. D'Kanner géifen zwar am Waasser spillen, mee verschiddener hätten awer Angscht virum Waasser, anerer wieren do méi oppen.

Spezifesch Course fir d'Personal

D'Federatioun war am leschte Joer regelméisseg am Kontakt mam Sports- an Educatiounsministère fir spezifesch Coursen ze entwéckelen, bei deenen d'Léierpersonal léiert Schwammkompetenzen ze vermëttelen. Op ville Plaze wieren et nämlech si, an net e Schwammmeeschter, deen de Kanner d'Schwammen direkt bäibréngt. Déi hätten awer dacks net d'Kompetenz, fir de Kanner Schwammen adequat bäizebréngen.

Déi schwiereg Tâche vum Rettungsschwëmmer

Dem Marco Stacchiotti no bilt d'Schwammfederatioun iwwer d'Joer och e puer Honnert sougenannte Lifesaver aus, Persounen also, déi no enger spezifescher Formatioun capabel sinn, eng Persoun aus dem Waasser ze zéien - an esou am beschte Fall Liewen ze retten. Dat wier wichteg, well och dee beschte Schwammmeeschter kéint net ëmmer alles am Aen hunn, sou de Marco Stacchiotti.

Et wieren dacks vill Kanner gläichzäiteg am Waasser an do wier et schwéier, alles am A ze halen, besonnesch wann een aacht Stonnen den Dag op Kanner géif oppassen. An de Schwammschoule wiere just aacht Kanner gläichzäiteg am Waasser, do wier et da méi einfach den Iwwerbléck ze behalen, seet de Marco Stacchiotti.

De President vun der Schwamm- a Sauvetagefederatioun widderhëlt och nach déi gängeg Regelen a Saache Sécherheet beim Schwammen: besonnesch wichteg wier een thermesche Schock ze verhënneren: dat heescht net bei extrem héijen Temperaturen an d'kaalt Waasser sprangen ouni sech virdrun ofgekillt ze hunn.