Radioen

On air

Tockcity  |  J. Bernardt - Last Waltz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Obstakele fir d'Paralympics

Rio 2016

Vill Obstakele fir d'Paralympics

No den Olympesche Spiller sinn am September zu Rio d'Paralympics, bei deene Sportler mat enger Behënnerung géinteneen untrieden. Net dobäi sinn déi russesch Sportler. Déi Decisioun huet den Internationale Sportsgeriichtshaff confirméiert. Dëst wéinst Verdacht op russesche Staatsdoping.

auto_stories

4 min

"Doping soll am Behënnerte-Sport genee esou streng bestrooft ginn, wéi an all anerem Sport." Foto: Bigstock

Op de Paralympics ginn déi Russesch Sportler méi haart bestrooft, wéi op den Olympesche Spiller zu Rio. Si si komplett ausgeschloss. Dat mat der Begrënnung, Russland géing net déi néideg Efforte maachen, fir den Norme vun der Welt-Anti-Doping-Agence z'entspriechen.

De kanadesche Jurist Richard McLaren hat erausfonnt, datt eng Partie Dopingsprouwen aus dem Moskauer Labo verschwonne waren. Op Basis vum sougenannte McLaren-Rapport gouf dunn d'Decisioun getraff, de russesche Paralympesche Comité vun de Spiller auszeschléissen.

Allerdéngs goufen et während der Enquête och Schwieregkeeten, erkläert de Marc Schreiner, President vum Lëtzebuerger Paralympesche Comité LPC. D'Enquêteure wieren zwar a Russland eragelooss ginn. Si wieren awer dru gehënnert ginn, richteg z'enquêtéieren. D'Athlete wieren a Militärbasen ënnerbruecht gewiescht, esou de Marc Schreiner. Do hätt awer d'Militärgeheimnis gegëllt. "D'Enquêteure si guer net do erakomm, si si guer net un d'Sportler komm. Dat ass net Zoufall."

Sport ass Sport

D’Uerteel gouf vun de russeschen Autoritéiten als absurd zréckgewisen an als éischter politesch, wéi juristesch motivéiert Decisioun bezeechent. De Marc Schreiner fënnt dës Reaktioun net verwonnerlech. Am McLaren-Rapport ass ze liesen, datt den Dopingsystem staatlech organiséiert wier. Vum Russesche Paralympesche Comité hätt et nach eng aner Reaktioun ginn. Virum Uerteel hätten si e Schreiwen u sämtlech paralympesch Comitée geschéckt. "Dora biedelen si déi aner Komiteeën un, datt déi fir si intervenéieren, well dat do wier ganz kloer géint den Handicapéierte-Sport geriicht."

Bei den Olympesche Summerspiller zu Rio ware vill russesch Sportler wéinst der Dopingaffär ausgeschloss ginn, mä Verschiddener kruten d'Autorisatioun fir matzemaachen. Dozou, datt den Internationale Sportsgeriichtshaff CAS méi eng streng Decisioun getraff huet, wéi den Internationalen Olympesche Comité, seet de Marc Schreiner, datt den Doping am Handicapéierte-Sport d'selwecht misst behandelt ginn, wéi an all anerem Sport. "Mir wëlle Sportler sinn a soss näischt." Et wier dofir normal, datt den Doping esou bestrooft géing ginn.

Finanziell Problemer

Direkt no der Annonce, datt déi russesch Sportler vun der Paralympesche Spiller ausgeschloss wieren, huet den LPC matgedeelt kritt, datt de Lëtzebuerger Handbiker Luciano Frattini als drëtte Lëtzebuerger noselektionéiert gouf. De President vum Comité mengt, datt hien d’Plaz vun engem russesche Sportler krut.

Nieft dem Ausschloss vun de russeschen Athlete stoungen d'Paralympics och scho wéinst organisatoresche Problemer am Mëttelpunkt. No den Olympesche Spiller wiere keng Sue méi do, erkläert de Marc Schreiner. Vum brasilianesche Staat ass zwar garantéiert ginn, datt nofinanzéiert gëtt, "mee och do ass gewosst, datt dat nach ëmmer net duergeet."

Dem Marc Schreiner no wiere schonn eng Partie Servicer gekierzt ginn, zum Beispill am Transport. Dat wier problematesch. Schonn op der Olympiad am August hätt den Transport net geklappt. "Elo gëtt e gekierzt. Dat gëtt bedenklech." Et sollen zwar nach Autoen zur Verfügung gestallt ginn, mee keng Chauffere méi. Dowéinst huet de Lëtzebuerger Paralympesche Comité selwer no Chaufferen op der Plaz gesicht. Dat géing den nationale Comité allerdéngs méi deier ginn, wéi geplangt.

Den Internationale Paralympesche Comité IPC huet awer dës Woch verséchert, datt d’Paralympics net mussen ofgeblose ginn an datt ee mat alle Mëttel wéilt verhënneren, datt déi organisatoresch Problemer en Afloss op den Deroulement vun de Spiller kréien. De Marc Schreiner gleeft dodrun. Hie fënnt et verstänneg, datt zum Beispill och d'Transportmëttel fir déi Offiziell gestrach goufen. "Dat betrëfft si jo och selwer. Dat heescht, si hunn och bei sech ugefaange mat Spueren."

An der lëtzebuergescher Delegatioun gouf et am leschte Moment eng weider Ännerung. De sportlechen Direkter Romain Fiegen kann net mat op Rio goen. D'Sophie Minelli, déi fir d'Kommunikatioun zoustänneg ass, ersetzt hien.