Radioen

On air

De Moien  |  Thundercat - Friend Zone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill Onkloerheeten am Dossier Google

Google Datenzenter

Vill Onkloerheeten am Dossier Google

D'Biisser Biergerinitiative gesinn de geplangten Datenzenter vu Google weiderhi kritesch: Op der Informatiounsversammlung wier een "net vill Neies" iwwer de Projet gewuer ginn, esou d'Denise Fischer. Si ass Presidentin vun der Biisser Biergerinitiativ.

auto_stories

2 min

Den Dan Hientgen vun der Initiativ "Pro Biissen" begréisst zwar, datt esou vill Leit do waren, an datt Google eng Versammlung organiséiert hätt. Fir hien ass awer nach villes onkloer, ënner anerem wéi vill Waasser genee gebraucht géif ginn. Google hätt annoncéiert eng Studie auszeschaffe fir ze kucken, wou een dat Waasser géif hierhuelen:

"Do hu si elo eng nei Theorie bruecht, déi virdrun nach keen um Plang hat. An et ännert nach alles. Et freet ee sech, ob si iwwerhaapt schonn eppes am Detail geplangt hunn. Hir Pläng ware generell: Esou kéint allgemeng en Datenzenter ausgesinn."

"Wat ass d'Plus-value?"

En anere Volet, dee fir den Dan Hientgen onkloer ass, ass de Stroumverbrauch: "Si ginn do just e puer Angaben a Prozenter. Mee wat d'Konsequenzen dovu sinn, soe si net." Generell géif et dem Projet Datenzenter un Detailer feelen, beklot sech den Dani Hientgen. "Ech kennen net vill Projeten, déi an där do Phas - zwee Joer virun der Fäerdegstellung - net geplangt sinn."

Fir den Dan Hientgen ass onkloer, wat d'Gemeng Biissen vun deem grousse Projet soll hunn:

"Et freet ee sech: Wat ass d'Plus-value fir d'Gemeng? Virdru waren et 400 Aarbechtsplaze vun deene si geschwat hunn, elo sinn et der 100. Déi kommen net fir d'Biisser Leit. A mat der Gewerbesteier kennt och näischt eran, wat elo nenneswäert wier. An da freet ee sech e bëssen: Firwat mécht een dat Ganzt?"

Dräi Vertrieder vum Internetris stoungen de Biisser Bierger iwwer zwou Stonne Ried an Äntwert. Et waren eng 400 Leit op d'Versammlung komm.