Tourismus zu Lëtzebuerg Vill Potential am Tourismussecteur
D'Vermaartung vun Touristendestinatioune wier an de leschte Joren "extrem komplex" ginn, seet de Sebastian Reddeker, de Chef vu Luxembourg for Tourism. D'Agence baséiert hir Aarbecht fir Lëtzebuerg am Ausland ze promovéieren ganz staark op Maartfuerschung.

Luxembourg for Tourism wéilt kënne genee dat offréieren, wat de Client wëllt. Dofir misst ee wëssen, wat de Client wëllt, an datt dat och zu Lëtzebuerg fonnt ka ginn.
Lëtzebuerg de Frënn recommandéieren
Néng vun zéng Touristen, déi zu Lëtzebuerg waren, géifen hire Frënn a Bekannten d'Land als Destinatioun recommandéieren. Dat huet TNS Ilres erausfonnt an engem Sondage bei nobäi 1.300 Leit, déi eng Rees op Lëtzebuerg gemaach hunn. D'Resultater vun där Ëmfro goufe kierzlech publizéiert. Déi positiv Bewäertung ass fir déi verschidden Acteuren am Tourissem eng extrem gutt Nouvelle gewiescht.
De Sebastian Reddeker freet dës Nouvelle immens: dat wiere bal 100 Prozent vun den Visiteuren. D'Touriste géifen d'Land och anescht wouerhuele wéi d'Lëtzebuerger, si wiere manner kritesch. "Heiansdo sinn d'Lëtzebuerger oder mir, déi am Tourismus schaffen, selwer immens kritesch par Rapport zu der Offer." Wann een awer d'Gäscht freet, da wieren déi "extrem positiv" agestallt a frou fir kënne Vakanz hei ze maachen. "Et ass extrem vill Potential dra fir d'Zukunft, do musse mir weider schaffen."
Kleng an onentdeckt
D'Stäerkte vu Lëtzebuerg als Reesdestinatioun si fir de Sebastian Reddeker nieft deene bekannte wéi Gastronomie a kulturell Offer virun allem, datt Lëtzebuerg onentdeckt a kleng ass. "Et ass net nëmmen d'Stad, mee et sinn och fënnef Regiounen." Wann ee wéilt, da kéint een de Weekend och mat flotte Stied aus der Regioun verbannen.
Et wier momentan just nach problematesch mam ëffentlechen Transport dës Stied ze erreechen. "Mee ech si mir awer ganz sécher, datt do an den nächste Wochen a Méint eppes kënnt, wat do kéint hëllefen", seet de Sebastian Reddeker. Et géifen haaptsächlech Problemer mat der Infrastruktur ginn. Besonnesch um Land wier et mam Hotelsecteur e bësse schwiereg. Et misst ee kucken, datt een den Hotellen esou vill Ënnerstëtzung wéi méiglech géif ginn, ebe grad mat den Donnéeë vun der Maartfuerschung.