Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - CSI: Petralona

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vill soziale Schued wéinst dem Coronavirus

Corona-Kris

Vill soziale Schued wéinst dem Coronavirus

Wärend der Kris hätte sech vill Persoune bei der Caritas gemellt, déi nach ni virdrun enzwousch Hëllef gefrot hunn, nämlech gutt d'Hallschecht vun de ronn 400 Leit, déi op der Helpline ugeruff hunn, seet de Robert Urbé, Redakter vum Caritas-Sozialalmanach.

auto_stories

3 min

De Robert Urbé ass Redakter vum Caritas-Sozialalmanach

Et misst een dovun ausgoen, datt de Risiko an d'Prekaritéit ze fale fir eng ganz Rei Leit, déi an de Chômage gerode sinn oder duerch de Chômage partiel just 80 Prozent vun hirem Akommes kruten, méi grouss ginn ass. Besonnesch schlëmm wier d'Situatioun fir Sans-papieren, déi schwaarz geschafft hunn, also net ugemellt waren, an déi op eemol guer kee Revenu méi haten.

D'Caritas verlaangt, d'Situatioun vun esou Leit automatesch ze regulariséieren, wa si bis eng gewëss Zäit hei am Land liewen.

Covid-19: Vill soziale Schued

Et misst een dovun ausgoen, datt de Virus um soziale Plang vill Schued gemaach huet. Un d'Politik ass et den Appell direkt ze reagéieren, och wann ee sech haut nach keen definitiivt Bild iwwer d'Envergure vun deem Schued ka maachen. Et géif een awer scho wëssen, "wou de Schong dréckt", seet de Robert Urbé. Et sollt een dofir och net ofwaarden, bis een e komplett Bild hätt.

"Am Géigendeel, et misst een elo schonn déi Saache maachen, wou ee weess, datt ee se maache muss, an datt ee se maache kann."

Wann ee riskéiert an d'Aarmut ze falen, ass et dann net awer nach besser, et geschitt engem zu Lëtzebuerg wéi anerwäerts? De Robert Urbé relativéiert: och wann d'Situatioun zu Lëtzebuerg besser wier wéi an anere Länner, dierft een net vergiessen, datt déi Leit awer zu Lëtzebuerg liewen an eben och hei Ausgaben hunn. "Ech soen nëmme just Loyeren, an da wësse mer all, ëm wat et geet", esou de Redakter vum Caritas-Sozialalmanach.

De Staat ass gefuerdert fir ze hëllefen. An et wieren och genuch Suen do, wéi de Robert Urbé virrechent:

"De STATEC huet emol eng Kéier ausgerechent, wa mer wéilte jiddwerengem esouvill Sue ginn, datt en net méi an den Aarmutsrisiko fält, da géif dat eis 220 Millioune kaschten. Wann een dat vergläicht mat de ronn 10 Milliarden, déi elo an d'Wirtschaft gepompelt ginn, fir erëm opzebauen, dann ass dat e verhältnisméisseg nidderege Betrag, dee mer och kéinten opbréngen."

Gerechtegkeet an der Steierreform

D'Caritas hofft, datt déi ugekënnegt Steierreform zu méi Gerechtegkeet am Steiersystem féiert, datt d'Kapitalerträg zum Beispill net méi manner héich besteiert gi wéi d'Salairen.

Vun enger Individualiséierung vum Steiersystem, déi d'Regierung onbedéngt am Kader vun där Reform duerchsetze wëllt, hält de Robert Urbé awer net vill. Hie stellt sech d'Fro, wat dat brénge soll a wiem dat notze soll. "An enger Koppel gesinn ech net, datt et däi Geld a mäi Geld gëtt. An dat do géif dat just nach zementéieren."

Et géif op d'mannst d'Fiktioun bestoen, datt déi Koppel gemeinsaamt Geld huet, dat och gemeinsam besteiert géif ginn. Duerch d'Praxis, datt d'Fra meeschtens déi zweet Steierkaart huet a prozentual besteiert gëtt, géif d'Gefill entstoen, datt dat näischt bréngt als Zweete schaffen ze goen. Dofir misst een déi ganz Koppel kucken, fënnt de Robert Urbé.