D'Gratiszeitung L'Essentiel hat gemellt, datt d'Prozedure fir de Projet viru kéimen. Den Nohaltegkeetsministère kann elo nach méi detailléiert Analyse froen.
Wéi vill Drénkwaasser gëtt gebraucht?
Méi problematesch wier d'Fro vum Waasserverbrauch. Do géif een zesumme mat Google no enger technescher Léisung siche fir esou mann wéi méiglech, respektiv iwwerhaapt keen Drénkwaasser fir d'Kille vun de Serveren ze benotzen. D'Zesummenaarbecht mat Google wier awer net schwiereg.
Genee Informatiounen, wéi vill Waasser Google effektiv brauch, hätt hien net. Hien hätt awer d'Impressioun, datt jiddwereen dorunner interesséiert wier sécherzestellen, datt d'Ëmwelt esou mann wéi méiglech, respektiv iwwerhaapt net leit.
Google huet nach keng Decisioun geholl
De Jos Schummer sot, et kéint een net duerch eng Gesellschaft "e ganzt Land brooch leeë mam Drénkwaasser". Drénkwaasser wier nämlech "dat Kostbarst", wat een am Land hätt. D'Decisioun, ob de Google-Datenzenter effektiv gebaut gëtt, wier awer nach net gefall, esou de Jos Schummer. Hien hofft awer, datt am Hierscht éischt Detailer vum Projet kéinte presentéiert ginn.
D'Pia Oppel am Gespréich mam Jos Schummer: