Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - CSI: Petralona

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virtuell Schëffer um New Yorker Times Square

Kultur

Virtuell Schëffer um New Yorker Times Square

Nach bis den 12. August ass New York souzesoen an der Hand vum Mel Chin. Dem Kënschtler seng grouss Retrospektiv dréit den Titel "All over the place", bedeit: hie stellt Wierker aus véier Joerzéngten iwwer New York verspreet aus: am Queens Museum, um Times Square, a Metro-Statiounen.

auto_stories

3 min

New York an der Hand vum Mel Chin? Dat schéngt bal paradox. De visuelle Konzeptkënschtler, deen 1951 zu Houston, Texas, op d'Welt koum, an deen no senge Studien, ufanks der 1980er op New York geplënnert ass, kritiséiert nämlech regelméisseg Eruewerer an Ausbeuter. An dat an der fräier Natur, ëffentleche Raim, Galerien a Muséeën. "Making objects and marks is also about making possibilities, making choices-and that is one of the last freedoms we have. To provide that is one of the functions of art.", seet de Mel Chin.

D'Equipe vum Mudam war och op dem Artist seng ausdrocksstaark Aarbechten opmierksam ginn. D'Installatioun "shape of lie", vun 2005, gehéiert zu der Mudam-Kollektioun. Wat charakteriséiert d'Morphologie vun enger Ligen? De Mel Chin stellt se an zwee Voleten duer. Eng ausgestreckten Zong kuckt zu der enger Säit vun der wäisser Muséesmauer eraus, hannendru gesäit ee Modeller, also Skulpture vun Organer, déi mat der Ligen ze dinn hunn, an dee Prozess involvéiert sinn.

Shape of a lie

"Shape of a lie" thematiséiert d'Exploitatioun vun den Urawunner vun Amerika. Hänn, Äerm, Been, Féiss, d'Stëmm, Aen an Zong gi bei den Dänz vun traditionelle Vëlker agesat, fir d'Gefiller auszedrécken. D'Dänzer rappen zum Beispill d'Ae grouss op oder strecken d'Zong eraus. Mee déi westlech Eruewerer hunn an Amerika d'Zong aus engem ganz anere Grond erausgestreckt. Si hunn, wéi ee seet, mat gespléckten Zonge geschwat. Nëmmen, dat ass vun den Indigenë falsch verstane ginn.

D'Wierk "Shape of a lie" war de leschte Summer Deel vun der Mudam-Expo "double coding". Déi Responsabel vun der Mudam-Kollektioun Marie-Noëlle Farcy iwwer d'Intentioun vun de Kënschtler, deenen hir Aarbechte presentéiert goufen.

D'Schëfffahrt passt gutt bei de Sujet "double coding". Engersäits huet d'Navigatioun fir verschidde Populatiounen de Progrès bruecht, den Tourismus erméiglecht; hir Geschicht steet awer och ëmmer nees fir Mëssbrauch, Sklaverei, Piraterie. Schëffsliwwerunge vu Waffen a Sklaven hunn zum Wuesstem vun New York bäigedroen, also dozou, datt de Big Apple en Zentrum fir Handel, Finanzen, Entertainment an Tourismus ginn ass.

De Mel Chin illustréiert d'Zäit vun der Sklaverei

D'Segelschëff mam schéinen Numm Nightingale gouf zum Beispill 1861 mat knapps 1.000 Sklaven u Bord virun der Küst vu Westafrika entdeckt an ass doropshin an d'Flott vun der US-Marine iwwergaangen. Sklave gouf et zu New York schonn am fréie 17. Joerhonnert. Si goufen un der Wall Street gehandelt an hu 15 bis 20 Prozent vun der Bevëlkerung ausgemaach. 1827 ass d'Sklaverei zu New York offiziell ofgeschaaft ginn, 1865 nom Biergerkrich dann am ganze Land.

De Mel Chin thematiséiert all dat. Hien huet um Times Square déi hëlze Coque vun engem Schëffswrack installéiert, parallel dozou Cruise Schëffer an enger virtueller Animatioun duerch d'Héichhaiser-Schluchte mat all hire Publicitéitsaffichen. Visiteure kënnen dem Chin säi Wierk mat Virtual-Reality-Brëller oder mat Hëllef vun enger App op hirem Handy genéissen. Wie weess, vläicht ass um Times Square dëse Summer Zäit net just Geld, mee brénge virtuell Tanker, Segel- a Motorbooter um Stadhimmel et fäerdeg, d'Chronoen ze stoppen an d'Passanten zum Nodenken ze animéieren.