Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Les Imprimés - You

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Virum Chamberdebat: Fir d'LSAP wier d'Impfflicht "nach ëmmer déi lescht Optioun"

Positioun geholl

Virum Chamberdebat: Fir d'LSAP wier d'Impfflicht "nach ëmmer déi lescht Optioun"

D'LSAP ass fir d'Aféierung vun enger legaler Impfflicht wann d'Situatioun dat erfuerdert, esou de Fraktiounschef Yves Cruchten de Moien am 100,7-Interview. Fir d'LSAP wier d'Impfflicht awer nach ëmmer déi lescht Optioun.

auto_stories

1 min

Foto: Kaori Anne Jolliffe

Lauschterenplay_arrow

D'Majoritéitspartei wier fir eng partiell Impfflicht, sou wéi den Experte-Grupp se recommandéiert huet, wann d'Verhältnisméissegkeet geséchert wier, an déi néideg Zuelen um Dësch léichen, wéi z.B. déi iwwert den Impakt vun der Mesure op d'Spideeler mee och op de Rescht vun der Bevëlkerung, huet den Yves Cruchten erkläert.

Fir d'LSAP géifen nach vill Froen ze kläre bleiwen, éier eng definitiv Entscheedung kéint falen. Et soll awer direkt un de Gesetzestexter geschafft ginn, fir prett ze si wann se gebraucht ginn.

Eng Aféierung vun enger Impfflicht virum Fréijoer schéngt dem Yves Cruchten "vill ze optimistesch". Hie wonnert sech och doriwwer, wéi séier aner Parteien an dëser Fro decidéiert waren.