Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  The Police - Roxanne

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vitamin D-Tester: Trend oder Noutwendegkeet?

Gesondheet

Vitamin D-Tester: Trend oder Noutwendegkeet?

Ze vill Leit loosse sech Vitamin D-Tester verschreiwen. Dat geet aus enger rezenter Etüde ervir. Mä déi Meescht hunn e Vitamin D-Wäert am Blutt, deen héich genuch ass. En Test wier dacks net néideg.

auto_stories

4 min

An de leschten zéng Joer ass d'Zuel vun de Vitamin D-Tester explosiounsaarteg an d'Luucht gaangen. 2014 sinn 33 mol méi Analyse gemaach ginn, wéi dat nach 2005 de Fall war. Dat huet eng Käschtenexplosioun mat sech bruecht. Dobäi wier esou een Test oder eng Behandlung mat Vitamin D an deene meeschte Fäll guer net néideg, seet den Dokter Marco Hirsch aus der Zitha Klinik. Vitamin D géif een am Alldag iwwert d'Iessen an iwwert d'Sonn ophuelen.

"Vitamin D ze doséieren ass sënnvoll a ganz spezifesche Krankheeten. Wou mir wëssen, datt Vitamin D, déi ze vill déif ass, e groussen Impakt dorop huet." Et wier d'Aufgab vun den Doktere fir de Leit ze soen, wéini et sënnvoll wier, eng Vitamin D Behandlung ze maachen, a wéini net, esou den Dokter Marco Hirsch.

Falsch Interpretatioun vum Mindestwäert

Déi meescht Leit hunn nämlech e gesonde Wäert vu Vitamin D am Blutt. Dat geet aus enger Etüde ervir, déi rezent an der Publikatioun "Le Corps Médical" vun der Dokters-Associatioun AMMD verëffentlecht gouf. Och wann d'Testresultater dacks en aneren Androck géife vermëttelen. De Grond heifir wier eng falsch Interpretatioun vun den offizielle Richtlinnen, esou d'Etüde.

Dem Dokter Alexandre Bisdorff no géif de Mindestwäert, deen e gewësse Konsens hätt, falsch interpretéiert ginn. "Datt ee mindestens dee Wäert do soll hunn, fir datt ee gutt ass. Déi reell Interpretatioun ass, datt u sech 97 Prozent vun de Leit deen Niveau vu Vitamin an hirem Kierper hunn, deen duergeet. Och wann en ënnert dem Mindestwäert läit."

Net jidderee braucht d'selwecht vill Vitamin D

Vitamin D-Mangel kann a spezielle Krankheetsfäll wéi Osteoporose zwar kritesch sinn. Mä en akuten, an deemno geféierleche Vitamin D-Mangel géif seele virkommen. De Stock u Vitamin D ass bei deene meeschte Leit grouss genuch, mä et brauch awer net all Mënsch d'selwecht vill Vitamin D.

Et kann een hei och saisonal Effekter feststellen. Vitamin D gëtt am Kierper haaptsächlech iwwert d'Haut duerch Sonnestrale produzéiert. Et huet een es deemno am Summer méi zur Verfügung, wéi am Wanter. Dat géif et schwéier maachen eng eenheetlech Richtlinn auszeschaffen, déi de Besoin vu Jidderengem couvréiert, seet den Dokter Alexandre Bisdorff:

"Wann een eng Ernährungs-Recommandatioun mécht, dann hätt ee gär, datt déi allermeeschte Leit mat där Recommandatioun gutt leien. A fir dat ze maachen, setzt een d'Recommandatioun relativ héich. Fir datt och déi, déi een héije Besoin hunn, domadder ofgedeckt sinn."

"Et ass e bëssen een Hype"

De Conseil Scientifique kritiséiert, datt ze vill Vitamin D-Tester verschriwwe géife ginn. Ee méigleche Grond dofir kéint een Trend sinn, mengt den Dokter Marco Hirsch aus der Zitha Klinik.

"Et ass wéi mat allem, et ass e bëssen een Hype. Wa vill driwwer geschwat gëtt, wëll natierlech all Mënsch och wëssen, wou en drun ass domadder. Dat heescht d'Demande vum Public, vun de Patiente par rapport zu eis ass relativ grouss, fir ze wëssen, wou si mat Vitamin D dru sinn."

Grousse finanziellen Opwand

De Risiko vun enger Iwwerdosis vu Vitamin D-Präparater wier allerdéngs onwahrscheinlech. Laangfristeg Niewewierkunge wiere seelen. De finanzielle Schued fir d'Gesondheetskeess ass allerdéngs méi grouss. D'Tester kaschten d'CNS ronn dräi Milliounen Euro d'Joer.

Dat sinn ëmmerhi fënnef Prozent vum Budget fir all d'Laboratoire Tester. Esou ee Vitamin D-Test huet nämlech säi Präis. Een Test kascht genee sou vill, wéi eng Vitamin D-Behandlung vun engem ganze Joer. Et misst ee sech Gedanke maachen, ob dës Tester sënnvoll wieren, esou d'Etüde vun der Doktesch-Associatioun.

D'CNS wier awer bereet, d'Richtlinne méi genee ënnert d'Lupp ze huelen. De Carlos Pereira, OGBL-Vertrieder a Vize-President vum Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess, plädéiert dofir de Mindestwäert méi regelméisseg mat den zoustännegen Autoritéiten am Ausland ze vergläichen an eventuell unzepassen.

Vitamin D a Liewensmëttel

Et kann ee säi Vitamin D-Wäert och duerch eng gesond Ernärung gutt ergänzen. An enger Rëtsch Liewensmëttel ass nämlech vill Vitamin D dran. Zum Beispill:

  • an Thon
  • a Saumon
  • an Nëss
  • an Avocado
  • a Muerten
  • an Eeër
  • an a Mëllechproduiten.

Vitamin D wier eng fetteg Vitamin, seet den Olivier Moes vun der Pharmacie- a Medikamenten-Divisioun vum Gesondheetsministère. An deem Sënn wier et logesch, datt ee Vitamin D a fettege Liewensmëttel géif fannen.

Allerdéngs wier et net méiglech säi komplette Vitamin D-Besoin just iwwert d'Ernärung ofzedecken. Am einfachste wier et sech an d'Sonn ze leeën. Tëscht zéng an 30 Minutte Sonneliicht den Dag géifen duer goe fir genuch Vitamin D ze produzéieren, esou d'Experten.