Den CSV-Parteipresident Marc Spautz hat jo um CSV-Nationalkongress am Mäerz 2016 een Opruff lancéiert, datt all CSV-Mandatairë mat an d'Gemengewahle solle goen. Am Prinzip wier dat eng richteg Decisioun, esou d’Viviane Reding. Allerdéngs misst eng Kandidatur och méiglech sinn, wat bei Europadeputéierten hirer Meenung no net de Fall wier.
A wéi engem Wahl-Bezierk si bei de Chamberwahlen 2018 untrëtt - ob am Süden oder am Zentrum - weess d'CSV-Europadeputéiert Viviane Reding eegener Ausso no iwwerdeems nach net. A béide Bezierker wier si scho mat an d'Nationalwahle gaangen.
Deen ee Bezierk wier hir esou léif, wéi deen aneren, huet d'Viviane Reding ënnerstrach. Deemno hätt si keng Preferenz ausgedréckt. Et wier also eng Decisioun vun der Partei, a wéi engem Bezierk si 2018 soll untrieden.
D'Viviane Reding war vun 1999 bis 2014 EU-Kommissärin. Zënterhier ass si erëm Deputéiert am Europaparlament.