Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ VOLT hëlt un Europawahl deel

Europawahlen 2019

VOLT hëlt un Europawahl deel

Déi pan-europäesch Partei Volt huet déi 250 Ënnerschrëften zesumme fir kënnen un den Europawahlen de 26. Mee deelzehuelen. Dat sot eis de President vu Volt Lëtzebuerg, George Penn.

auto_stories

1 min

Am Ament huet Volt Lëtzebuerg véier Kandidate presentéiert. Ob si mat enger kompletter Lescht vu sechs Kandidaten untrieden ass zu dësem Zäitpunkt nach net gewosst. Als Kandidate si momentan bekannt:

  • Rolf Tarrach, 71 Joer
  • Fiona Godfrey, 53 Joer
  • Daniel Silva, 35 Joer
  • Marthe Hoffmann, 23 Joer

D'Beweegung Volt Europe wëllt a méi Länner mat dem selwechte pro-europäesche Programm untrieden.