Späichere vu Kommunikatiounsdonnéeën bleift a Kraaft

D’Gesetz iwwert d’Späichere vu Kommunikatiounsdonnéeë bleift zu Lëtzebuerg a Kraaft. Dem Justizminister Felix Braz no soll d’Gesetz punktuell un d’Argumentatioun vum Europäesche Geriichtshaff ugepasst ginn. D’Geriicht huet haut decidéiert, datt d’EU-Direktiv (op där déi Lëtzebuerger Gesetzgebung baséiert) ongülteg ass.

Dat systematescht Späichere vu sougenannte Metadonnéeën iwwert Telefons- an Internetverbindungen ouni Verdacht ass dem Geriicht no vun der Direktiv net streng genuch encadréiert. Dat well dorausser en disproportionnéierten Agrëff an d’Privatsphär vun de Bierger géif entstoen.

Wéi eng Changementer sinn an der Lëtzebuerger Gesetzgebung z'erwaarden? De Felix Braz:

 

Déi Gréng haten sech bis ewell ëmmer géint de Prinzip vun der sougenannter "Vorratsdatenspeicherung" ausgeschwat. Anescht wéi zum Beispill déi däitsch Regierung et mécht, verzicht de grénge Justizminister awer op d’Méiglechkeet déi national Gesetzgebung opgrond vun deem europäeschen Uerteel op Äis ze leeën, bis eng nei europäesch Direktiv virläit. Virwat?

Programm

Net verpassen

  • Komponist vum Mount: Ludwig van Beethoven

    Ludwig van Beethoven

    De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Dossieren

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun senge Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen