Radioen

On air

Notturno  |  Simon McCorry & Wodwo - By Water Mite

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vum Findel op Köln/Bonn

Johan Vanneste

Vum Findel op Köln/Bonn

De 57 Joer ale Generaldirekter vu LuxAirport soll spéitstens den 1. Juni d'Direktioun vum däitsche Fluchhafen iwwerhuelen. "Kee Problem fir de Findel", seet de Minister Bausch. De President vum Verwaltungsrot vu LuxAirport seet, hie wier eréischt de Méideng Moie vum Johan Vanneste iwwer säi beruffleche Wiessel informéiert ginn.

auto_stories

3 min

Zënter Ufank 2014 steet de Johan Vanneste un der Spëtzt vu LuxAirport, der Gestiouns-Gesellschaft vum Findel, déi zu 100% dem Lëtzebuerger Staat gehéiert. De Fluchhafe Köln/Bonn, op deen de Johan Vanneste wiesselt, ass am Passagéier-Beräich méi grouss wéi de Findel an am Cargo-Beräich läit en direkt hanner Lëtzebuerg.

Opportunitéit

De Johan Vanneste schwätzt vun enger Opportunitéit, déi hie sech net hätt kënne laanscht d'Nues goe loossen. Um Fluchhafe Findel goufen et 2017 Rekordzuele souwuel am Passagéier- wéi och am Cargo-Beräich. Och déi finanziell Resultater wiere considerabel verbessert ginn, bilanzéiert den Nach-LuxAirport-Generaldirekter. De Fluchhafen zu Lëtzbebuerg hätt nach vill Defie viru sech. Perséinlech wier hien houfreg, iwwer dat, wat een als Equipe zesumme fäerdeg bruecht hätt.

De President vum Verwaltungsrot vu LuxAirport seet, hie wier eréischt de Méindeg de Moie vum Johan Vanneste iwwer säi beruffleche Wiessel informéiert ginn. Konflikter oder Problemer hätten et awer keng ginn, esou den Tom Weisgerber. D'Transitioun bei LuxAirport soll zesumme mam Johan Vanneste geregelt ginn.

Séier Léisung

Den Depart vum Johan Vanneste "ass kee Problem fir de Findel", sot eis den Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) während der Staatsvisite zu Paräis. LuxAirport géif séier e Verwaltungsrot aberuffe fir eng Interimsléisung ze decidéieren. Et wiere gutt Leit am Betrib. Dem François Bausch no huet de Johan Vanneste de Maximum aus de Virdeeler vum Findel erausgeholl: "Och wann hie geet, hëlt hien d'Atoute vum Findel net mat", esou de Minister.


Reaktioun vum François Bausch (Interview: Jean-Claude Franck)play_arrow


Vun de Gewerkschafte war d'Personalpolitik bei LuxAirport an der Vergaangenheet schaarf kritiséiert ginn. Et géif ëmmer Kritiker ginn, mä d'Ambiance bannent der Gesellschaft wier ëmmer gutt gewiecht, seet dozou de Johan Vanneste.

"D'Personal war him relativ egal"

"De Johan Vanneste huet dem Fluchhafe Findel net onbedéngt gutt gedo", seet den OGBL-Gewerkschaftler Romain Daubenfeld am Kontext vum ugekënnegten Depart vum LuxAirport-Generaldirekter, no gutt véier Joer um Findel.

De Johan Vanneste hätt ëmmer nëmme probéiert, fir de Findel méi grouss ze maachen, ouni nom Personal ze kucken. D'Personal wier him relativ egal gewiescht, hie wier wéi bänzeg gewiescht, op alles wat Commerce war.

"Den Här Vanneste hat wahrscheinlech iergend eng Virlag vum Ministère - ouni datt ech dat elo ka behaapten", seet de Romain Daubenfeld. Hie wier ëmmer drop aus gewiescht, fir d'Passagéierzuel an d'Luucht ze drécken, de Fret an drëttens d'Rentabilitéit vum Fluchhafen ëmmer méi grouss ze maachen. Dat hätt hie gemaach, ouni no den Degâten ze kucken.


Reaktioun OGBLplay_arrow


Neiufank fir Fluchhafe Köln/Bonn

"Mir verbanne mam Här Vanneste och e Kulturwandel", sou haut de President vum Verwaltungsrot vum däitsche Fluchhafen, de fréieren CDU-Politiker Friedrich Merz. Dat géif souwuel fir den Ëmgang mat den 1.800 Leit Personal gëllen, wéi och an der Kommunikatioun no baussen.

De laangjärege Chef vum däitsche Fluchhafen Michael Garvens war Enn 2017 no engem Sträit gaangen, den ëffentlech ausgedroe gi war.


Bäitrag vum Serge Kesseler am Panorama vun 18 Auer:

Lauschterenplay_arrow