Fräie Mikro Vun Aschränkungen an Allgemengwuel

Et gëtt Situatiounen, wou ee seng eegen Intresse muss zeréckschrauwe fir d'Allgemengheet weiderzebréngen. Datt een domadder e Problem huet ass eng Saach, dann awer a Selbstherrlechkeet ze verfalen, lassgeléist vun Zuelen a Fakten ass eng aner. Wa perséinlech Usiichten zur allgemeng gelter Wourecht ausgeruff ginn hëlt een d'Gesellschaft en otage - ob et drëms geet de Sécherheetsgurt unzedoen, oder sech impfen ze loossen, mengt d'Isabelle Medinger.

Meenung Isabelle Medinger
D'Isabelle Medinger ass fréier Journalistin an zanter iwwer 20 Joer Direktesch vun der Sécurité Routière.

An de 70er Jore war hei zu Lëtzebuerg an och bei eisen europäeschen Noperen en Déifpunkt wat Doudesaffer am Stroosseverkéier ugeet erreecht. D'Zuele waren iwwerall dramatesch schlecht, soudatt d'Politik huet misse reagéieren.

Mesuren, déi d'Gewunnechten déifgräifend änneren

Bei eis war de Pic vun 132 Doudegen 1972 erreecht. Ënner dem Impuls vum deemolegen Transportminister Marcel Mart, sinn doropshin tëschent 1973 a 1976 fënnef wichteg Mesuren ëmgesat ginn: de maximalen Taux vun 0,8 Promill; d'Vitesslimitatioune vun 90 an 120 km/h; de Casque fir Motorradsfuerer, de Stage fir jonk Chauffer an d'Droe vum Sécherheetsgurt vir am Auto.

Dat ware ganz wichteg Mesuren, déi eis Gewunnechten déifgräifend geännert hunn an d'Zuel vun den déidlechen a grave Kollisiounen no ënne gedréckt hunn an esou d'Kollektivitéit weiderbruecht hunn.

Mee et waren aschneidend Mesuren. Wann een et an den haitege Kontext setzt, wier dat vläicht net sou ouni Weideres ofgelaf. Verschiddener wieren hautzedaags mat der "Marche blanche" matgelaf, fir hir Fräiheeten anzekloen, déi déi soi-disant "vun uewen erof" beschnidde goufen.

Viru kuerzem ass an de soziale Medien en Bäitrag aus enger Éisträicher Dageszeitung zirkuléiert, wou de Kolumnist um Beispill vum Gurtzwang Wutbürger, Impfgéigner a Verschwierungstheoretiker op den Aarm hëlt.

Den Auteur hëlt do déi Argumenter op d'Schëpp, déi an d'Feld gefouert ginn, wa rose Matbierger iwwerall Bedruch a Ligen ausruffen. Fräi iwwerholl: "De Gurt ass eng Zwangsjackett; ech loosse mech net ustrécken; et stierwen och Leit, déi d'Ceinture unhaten, also ass se net effikass, an iwwerhaapt, wien mécht den décke Goss mat deene Gurten?"

Dat ass natierlech Satire a soll d'Impfgéigner diskreditéieren, fir net ze soe ridiculiséieren. Gutt esou!

Den 'Ech' am Zentrum vun der Welt

D'Ceinture ass nëmmen ee Beispill. Bei de Vitesslimitatiounen ass et scho méi haart hiergaangen an déi verrécktsten Theorien, firwat déi näischt bréngen zirkuléieren haut nach. Et brauch een nëmmen d'Commentairë vun den Adepte vum Liewensmotto "freie Fahrt für freie Bürger" bei der Aféierung vun de fixe Radaren ze kucken. Och do ass ongefiltert posaunt ginn, dat wier just eng Geldmaschinn fir de Staat.

Beim Erofsetze vum legalen Taux d'alcoolémie op 0,5 Promill a beim Aféiere vum Punkteführerschäin ass scho carrement gestridde ginn, mat de Beruffskummeren, de Gewerkschaften an esouguer an der Chamber. Gottseidank hate mer dunn nach kee Facebook, soudatt eis Villes erspuert bliwwen ass.

Datt all déi Mesuren - déi aus de 70er Joren - an déi vill, déi bis haut dobäi koume gegraff hunn, ass jo kaum nach a Fro ze stellen. Duerfir ass et och sou wichteg, datt weiderhin Efforten an d'Upasse vum Reegelwierk gestach ginn, parallel mat Formatioun a Preventioun an an d'Verbesserung vun den Infrastrukturen.

Wann ee kann dozou bäidroe Mënscheliewen ze retten, misst et selbstverständlech sinn, sech selwer e bëssen zeréckzehuelen. Ech!, ech!, ech! sinn den Zentrum vun der Welt.

Mir liewen net an enger Diktatur, och net wa mer forcéiert ginn eis kierperlech anzeengen, jo souguer unzestrécke wa mer am Auto sëtzen.


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren. De Fräie Mikro ass e Gaaschtbäitrag mat Richtlinnen, am Respekt vun eisem Cahier des Charges, ënner der finaler Responsabilitéit vum radio 100,7. Dëse Bäitrag gëtt d'Meenung vu sengem Auteur erëm an net vun der Redaktioun.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Frank Wies Meenung
Fräie Mikro

E franséische Politiker gouf verurteelt, well hien op senger Facebooksäit Haasskommentaren net geläscht hat. En Urteel, dat och fir Lëtzebuerg relevant ass, mengt de Fränk Wies am Fräie Mikro.

Bob Reuter Meenung
Fräie Mikro

Den Doud ass en natierlechen Deel vum Liewen. Dat ass net nëmmen esou, mee dat ass och gutt esou, fënnt de Bob Reuter, President vun AHA Lëtzebuerg am Fräie Mikro.

Judith Reicherzer Meenung
Fräie Mikro

An de Schoule gëtt et kee CovidCheck. Mee déi Jonk, déi net geimpft sinn, mussen op flott Aktivitéite verzichten. Elo sinn d'Elteren an der Flicht, mengt d'Judith Reicherzer am Fräie Mikro.

Jean-Jacques Rommes Meenung
Fräie Mikro

D'Méiglechkeet vum CovidCheck op der Aarbechtsplaz géif d'Impfflicht duerch d'Hannerdier aféieren an d'Gesellschaft splécken, esou zwee vun de Reprochen. Wie spléckt eigentlech d'Gesellschaft?, freet de Jean-Jacques Rommes.

Net verpassen

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen