Radioen

On air

De Moien  |  Ainhoa Achutegui

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wa Betriber fir Chrëschtdag hiren Image oppoléieren

WIRTSCHAFT

Wa Betriber fir Chrëschtdag hiren Image oppoléieren

Chrëschtdag steet virun der Dier an domat och heefeg dat schlecht Gewëssen, well een d'ganzt Joer verschleeft huet, fir sech sozial oder karitativ z'engagéieren. Dovunner bleiwen och d'Betriber net verschount. Wéi praktesch, wann een dat ka mam eegene Bedierfnis no Profit kombinéieren, a selwer net esouvill muss dofir maachen.

auto_stories

4 min

D'Rechnung ass eigentlech ganz séier gemaach: Et bitt een e Produit un, am Beschte fir Kanner, datt déi d'Elteren och richteg nerven, fir en ze kréien; et schreift een drop, datt et fir e gudden Zweck ass, an Zack! fléie se drop, wéi d'Mécken. Dëst gesinn an de leschte Woche beim Cactus mat der Aktioun Big Plush.

Net méi spéit wéi gëschter koum de Communiqué vum Betrib: Duerch de Verkaf vun deene grousse Petzien, op deenen all Kéiers fënnef Euro zréckbehale goufen (op engem Verkafspräis vun 59,50€, oder 4.000 sougenannter Cactuspunkten), konnt een der Banque Alimentaire e Scheck vu knapp 5.000 Euro iwwerreechen. Wéi vill vun deene 5€ de Client bezilt, a wéi vill de Verkeefer, sief dohinner gestallt.

Wie profitéiert am meeschten?

Fir mech stellt sech an deem Zesummenhank fir t'éischt d'Fro, wien am Endeffekt op deenen Aktiounen am meeschte profitéiert. De Konsument, kloer, well hie seng Kanner zefridde gestallt an zousätzlech nach eppes fir säi Gewësse gemaach huet, och wann et nëmme fënnef Euro waren; de Verkeefer, well deen net nëmme Profit gemaach huet, mä dobäi och nach d'Gefill huet, eng gutt Dot gemaach ze hunn. D'Associatioun, déi Sue gespent kritt, ass natierlech och frou, mä si mer elo mol éierlech, mat 5.000 Euro leeft een och net wäit.

Et fält schonn op, wann dee fënneft gréissten Employeur am Land am November ufänkt Häerz ze weisen, wann ee virdrun d'ganzt Joer am karitative Beräich net vill vun him héieren huet, well e vläicht och net esouvill driwwer kommunizéiert huet. An da setzt en och nach op seng Clienten. Eigentlech hätt de Betrib jo och vu sech selwer kënne 5.000 Euro spenden. Déi steierlech Virdeeler, vun deenen en doduerch ka profitéieren, hätt et jo egal wéi.

En Trend a ville Betriber

Dat ass awer net nëmme beim Cactus de Fall. Wann ee sech aner grouss Employeuren am Land ukuckt, dorënner Arcelor Mittal, stellt ee ganz séier en Trend fest. Viru Chrëschtdag gëtt den Image oppoléiert, aneschters kann een et a mengen Aen net nennen, andeems een nach séier lénks a riets e puer Euroe spent, spende léisst, oder sech sozial engagéiert.

Sou organiséiert ArcelorMittal beispillsweis am Dezember eng Woch vum Benevolat, an där d'Employeë vum Stolkonzern dëst Joer hir al Spillsaachen a Bicher konnten ewech ginn an hir Mëttespaus geaffert hunn, fir sech sozial z'engagéieren, eng luewenswäert Initiativ.

Och finanziell géif een eng Partie Associatiounen ënnerstëtzen. Op konkret Zuelen ugeschwat, wëllt een déi bei ArcelorMittal awer net nennen, mat der fluer Ausso, et wéilt een d'Engagement vum Betrib net un Zuele moossen. Eng Äntwert konnt een och net ginn, op dann och d'Chefetage un där Benevolatsaktioun deelgeholl huet.

Ënnert dem Deckmantel vun der Solidaritéit

Vum Cactus gouf et, aus zäitleche Grënn, keng konkret Zuelen iwwert aner Projeten, mä dach awer Unhaltspunkter, wéi vill de Betrib am karitativen a soziale Beräich mécht. Dat ass effektiv eng ganz Lëscht, sou ginn och net verkaafte Produiten un d'Caritas an d'Croix-Rouge, mä et fält awer ëmmer nees op, datt am Endeffekt de Client selwer gefrot ass, fir säi Bäitrag ze leeschten, an net de Betrib selwer.

Dëst sinn zwee Beispiller, der méi ze nennen, géif de Kader vun dësem Bäitrag sprengen, mä et fënnt ee se iwwerall. Et weist ee sech solidaresch, an awer iergendwéi net. Fir mech hannerléisst et ee batteren Nogeschmaach.

Hëllef gëtt ëmmer gebraucht

An esouguer wann een als Betrib sech och d'Joer iwwer am sozialen a karitative Beräich engagéiert, muss et da wierklech sinn, datt een um Enn vum Joer nach eemol de grousse Wueltäter eraushänke léisst? Déi Leit an Associatiounen, déi op Hëllef ugewise sinn, sinn et net just fir Chrëschtdag.

Hei geet et, menger Meenung no, haaptsächlech dorëm, fir an den Ae vum Client, vum Konsument, gutt do ze stoen a sech seng Loyalitéit och fir d'nächst Joer ze sécheren. Well, wann een am Juni 5.000 Euro spent, dat intresséiert keen. Eréischt ëm Chrëschtdag mécht sech nees dat schlecht Gewësse breet, an do ass et dach gutt, wann een dem Client als Betrib eng Méiglechkeet bitt, fir eppes dogéint ze maachen.