Radioen

On air

De Weekend  |  Cass Mccombs - Switch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wa "Fake News" jäizen net méi duergeet

Chronik

Wa "Fake News" jäizen net méi duergeet

Well de Virworf vu "Fake News" net méi duergeet, behaapte Politiker falsch Tatsaachen. Och hei am Land bedéngen sech Politiker där Method. Dobäi schéngen si och d'Roll vum Journalismus net ze verstoen, mengt de Matthias Kirsch.

auto_stories

2 min

Kuerz nodeems den Donald Trump fir seng Staatsvisitt a Groussbritannien gelant war, beschwéiert hie sech op Twitter: well et kee Fox News gëtt, misst hie CNN kucken - a CNN huet den Trump guer net gär. "Fake News", seet hien evidenterweis, dat ass ee jo mëttlerweil gewinnt. Ganz schlecht wier esou eppes fir d'Reputatioun vun den USA.

Dem Besëtzer vu CNN, de Kommunikatiounsgigant AT&T, leet den Donald Trump doropshin no, dach endlech eppes géint dës Sauerei z'ënnerhuelen. Well och dat ass natierlech e logesche Schrëtt: wien iwwer mech net esou schreift oder bericht wéi ech wëll, deen dierf am beschte guer net méi berichten.

Virbild Trump

Dem Donald Trump seng Ofneigung géintiwwer enger ganzer Rei Medien - a CNN am besonneschen - ass natierlech net nei. Dozou zwou Saachen: Éischtens sollt een, just well de Bashing an d'Fake-News-Reprochen net nei sinn, net ophalen ze widderhuelen, wéi falsch dës Astellung ass.

An zweetens gesäit een och zu Lëtzebuerg ëmmer méi heefeg, wéi dës Taktiken iwwerholl ginn. D'Virwërf vum Marc Goergen vun der Piratepartei géigeniwwer dem Noriichtesite Reporter.lu ass do dat leschten a beschte Beispill.

Am Europawahlkampf huet de Marc Goergen, zanter leschtem Hierscht Deputéierten an der Chamber, der Redaktioun vu Reporter virgeheit, eng Hetzcampagne géint seng Partei lancéiert ze hunn. Wat hat Reporter gemaach? Ganz einfach: journalistesch Aarbecht. Reporter hat Informatiounen ausgewäert an opgeschafft - an an engem Text verschafft. Datt dobäi eng Partei heiansdo schlecht ewechkënnt, kënnt vir. Journalismus ass schliisslech keng PR.

Mat Kritik ëmgoen

Mee dat war dem Marc Goergen, ganz am Stil vum Donald Trump, ze vill. Datt seng Partei schlecht ewechkomm ass, konnt hien sou net stoe loossen. Also gouf via der Facebook-Säit vun de Piraten aus dem Bezierk Süde Reprochë formuléiert. Nieft dem klassesche Fake News Virworf eben och dee vun der Hetzcampagne - eng Positioun, déi de Marc Goergen op sengem privaten Twitter-Profil wärend Deeg an Deeg widderholl an drop bestanen huet.

Natierlech dierf ee Journalisten a Journalismus kritiséieren. Wien dat fundéiert mécht, wäert mierken, datt Medien sech iwwer Feedback freeën. E Medium awer ze diskreditéieren, well ee Kritik net verdréit - dat wéist just, datt een net verstan huet, wat Journalismus ass.