Radioen

On air

Notturno  |  Mark Renner - Half A Heart

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wa Fakten, Logik a Geschicht egal sinn"

Wahlkampf USA

"Wa Fakten, Logik a Geschicht egal sinn"

Den Donald Trump huet dozou bäigedroen, datt Rassismus, Misogynie, primitiv Iwwerleeungen a Steierbedruch presidentiabel sinn. Et ass schwéier ze verstoen, datt eng grouss Partei wéi déi Republikanesch hien als Presidentschaftskandidat opgesat huet.

auto_stories

3 min

Simone Beck

"When facts, logic and history don't matter", ass den Titel vun engem Artikel, deen de Charles Krauthammer an der Washington Post nom Clinton-Trump-Debat verëffentlecht huet. Honnert Millioune Leit hunn den Debat live verfollegt, honnerte Milliounen hunn en duerno um Internet an an de soziale Medien gekuckt.

Et gouf laang analyséiert, debattéiert a kommentéiert, wat wien wéi gesot huet: Form virun Inhalt. War d’Hillary Clinton gutt ugedon a friséiert ? No der eelefter Minutt huet den Trump d’Kontroll verluer an hien huet am Ganzen 37 Mol geschnoffelt. Et gouf haart doriwwer no geduecht, op hie Kokainofhängeg wier. Dobäi drénkt hie mol kee Kaffi.

Kënnt Dir Iech virstellen, datt Leit mat engem Chrono oder engem Block do souze fir de Kandidaten hier Schwächte festzehalen? Ech ka mir dat esou wéineg virstellen, wéi ee sech an Europa denke kann, datt Kandidaten an engem Debat op deem Niveau sech duzen. Déi méi imformell Ëmgangsforme vun den Amerikaner ware falsch op der Plaz.

Vill Verspriechen

Awer dat ass Form. Wéi war et da mam Inhalt ? Natierlech ginn déi zwee Kandidaten an den USA gewielt a schwätzen deemno virun allem intern Problemer un. Awer wann den Donald Trump President gëtt, sinn déi direkt wéi ewech geblosen. Op engem Kongress vu senger Partei hat hie versprach, datt et, wann hie gewielt wier, direkt mat der Kriminalitéit an der Gewalt an der amerikanescher Gesellschaft eriwwer wier. "It will come to an end." Am Dakota sot hien, datt d’Politiker d’Leit an hier Stëmme géife mëssbrauchen. "Si hunn Iech näischt ginn, 'I will give you everything'." Den Afroamerikaner sot hien, hie géif all hier Problem léisen. Wat fir Problemer, wousst hien net. Mee, "I’ll fix it".

E Mënsch, deen esou en nuancéierte Programm huet, verdéngt et wierklech President ze ginn. Dobäi kënnt jo nach déi wichteg Tatsaach, datt hie smart ass. Wéi d’Hillary Clinton him op de Kapp zougesot huet, datt hie keng Steiere géif bezuelen, sot hien : "That makes me smart". Wat dat dann all Steierzueler sinn, ass a senger Optik och kloer.

Keng Aussepolitik

Och huet et mech schockéiert, datt an deem wichtegen Debat den Numm Aleppo net eng Kéier gefall ass. Syrien, Irak, Iran, Afghanistan, Russland - alles keen Thema. Mee wien och ëmmer deen nächste President gëtt, gëtt confrontéiert mat enger Welt an där de Vladimir Putin ëmmer méi mam Säbel rasselt, Europa sech a sengen eegene Konflikter a Problemer verstréckt, den Terrorismus iwwerall eng grouss Gefor ass an de Fridden am Noen Oste méi wäit ewech ass wéi jee.

Et ass kaum ze hoffen, datt déi Sujete beim nächsten Debat drukommen, well deen ass an engem Gemengesall, an deem Wieler, déi nach net decidéiert sinn an déi vun engem Sondage-Institut ausgewielt goufen, hir Froen dierfe stellen. Och do wäert et éischter ëm intern amerikanesch Ugeleeënheete goen.

Fir e Mënsch aus dem alen Europa - wéi den Donald Rumsfeld eng Kéier ofwäertend gesot huet - ass et schwéier ze verstoen, datt eng grouss Partei wéi déi Republikanesch den Donald Trump als Presidentschaftskandidat opgesat huet. Onberechenbar, onnuancéiert, graff, friemen- a fraefeindlech, huet hien dozou bäigedroen, datt op eemol Rassismus, Misogynie, primitiv Iwwerleeungen a Steierbedruch presidentiabel sinn.
Och wann d’Hillary Clinton keng "Kandidatin der Herzen ass", an och muenches aussepolitesch ze veräntwerten huet, ass si dach eng Fra mat Kompetenz an Erfahrung. Hoffentlech kritt si d’Chance, déi ëmzesetzen.