Radioen

On air

Tockcity  |  Owespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wa se hei Steiere bezuelen, beschäftege se vläicht och Leit"

Sträit ëm Minimalbesteierung vu Grousskonzerner

"Wa se hei Steiere bezuelen, beschäftege se vläicht och Leit"

D'Upassung vun der Minimalbesteierung vu Grousskonzerner hätt den David Wagner (Déi Lénk) gären am Kader vun der Steierreform diskutéiert gehat. Fir d'Joëlle Elvinger (DP) wier et drëms gaang, sech am leschte Moment mat EU-Recht konform ze setzen. D'Oppositioun huet d'Regierung beschëllegt, eng Rei wichteg Gesetzer ouni Diskussioun wëlle bis Enn des Joers duerch d'Parlament ze bréngen.

Michel Delage

auto_stories

3 min

Joëlle Elvinger (DP), David Wagner (Déi Lénk)

Zwar wier den Zäitdrock an deem heite Fall "net optimal", seet déi liberal Deputéiert Joëlle Elvinger. Déi betraffe Gesetzprojete wieren awer "scho ganz laang deposéiert ginn". De "groussen Trallala" vun der Oppositioun wier "OK, mee sou schlëmm ass et net".

Fir den David Wagner, Deputéierte vun Déi Lénk, wier de "Problem éischter d'Ampleur vun dëse Gesetzestexter". A sengen Aen hätten déi Projete missten am Kader vun der Steierreform debattéiert ginn. Virun allem wier eng breet Diskussioun an der Gesellschaft néideg. Betriber géifen elo schonn nëmmen zu engem Véierel bis engem Drëttel vun de Steierrecettë bäidroen, de Gros kéim vun de Stéit. Weider Mesure wieren, dem David Wagner no, net néideg. "Mir hunn zu Lëtzebuerg een Environnement, dee favorabel ass fir Entreprisen".

Der Steierreform géif hei net virgegraff ginn, äntwert d'Joëlle Elvinger. "Et geet hei drëms, datt d'EU-Kommissioun eis mat enger 'procédure d'infraction' gedreet huet". Déi minimal Kierperschaftssteier wier net konform mat der deementspriechender EU-Direktive.

"Ka mer virstellen, datt wann déi Betriber hei Steiere bezuele vläicht och Leit beschäftegen"

"Méi wéi eng hallef Dosen" Entreprisë mat engem Kapital vu 500 Milliounen € a méi wieren hei betraff, sou d'DP-Deputéiert a Bezuch op de Finanzminister Pierre Gramegna. (De Premier Bettel hat um 100,7 nach vu "4-5 Entreprisë" geschwat). Des Konzerner "sollen net ofgeschreckt si vun der Verméigenssteier", déi et an anere Länner net géif ginn. "Mir hätte jo gär, datt se zu Lëtzebuerg Aarbechtsplaze schafen, datt se Steieren a Soziallaaschten hei bezuelen", an datt Lëtzebuerg weider attraktiv sollt bleiwe fir nei Entreprisen. "Betriber delokaliséieren net einfach esou, dat ass eng Legend", sou den David Wagner.

Ëm wéi eng Entreprisen et sech handelt wéisst d'Joëlle Elvinger net. Op d'Fro, ob se och wierklech Aarbechtsplazen hei géife schafen, huet d'DP-Politikerin gezéckt a geäntwert: "ech ka mer virstellen, datt wann déi Betriber hei Steiere bezuele vläicht och Leit beschäftegen". Dem David Wagner no hätt d'Affaire Luxleaks gewisen, datt Substanz keng grouss Roll spillt fir sech hei kënnen z'etabléieren. Den Oppositiounsdeputéierten huet d'Steiergeheimnis kritiséiert hannert dat sech géif verstoppt gi fir keng Nimm vu Betriber mussen ze nennen. Et "fänkt u wierklech politesch problematesch ze ginn." Et kéint een "net méi richteg politesch dirigéieren".

Fir déi geplangte Reduktioun vun der Minimalbesteierung fir Grousskonzerner (vun 0,5% op 0,05%) ze kompenséieren, solle relativ méi kleng Entreprisen (mat enger Bilanz-Zomm vun 20-30 Milliounen €) 10.000 € méi Steiere bezuelen. "Dat si keng kleng Betriber méi", sou d'Joëlle Elvinger, déi Rapportrice vum Gesetzprojet ass.

Mam Joëlle Elvinger a mam David Wagner huet sech d'Mick Entringer ënnerhalen: