Wäerteunterrecht: Virtrag vum Bildungsexpert Jürgen Oelkers

De Jürgen Oelkers schléisst Philosophie als "Leitdisziplin" fir de Wäerteunterrecht aus. Vetrieder aus de Majoritéitsfraktioune sote gëscht nach, Philosophie géing d’Basis vum neie Cours ginn. An sengem ëffentleche Virtrag gëscht Owend am Forum Campus Geesseknäppchen huet de Bildungsexpert vun der Uni Zürich de Relioune vill Plaatz ageraumt. Philosophie gouf just kuerz als eng Approche nieft aneren ernimmt, wéi de Reliounen, de Naturwëssenschaften oder der Geschicht. De Conferencier huet Wëssen iwwert Reliounen als Viraussetzung vum gudden Zesummeliewen an der Gesellschaft virausgesot. Wäerter déi ausserhalb vun de Relioune vermëttelt ginn, wéi d’Mënscherechter, goufe just um Rand ernimmt. D’Termë wéi netkonfessionnell, laizistesch oder agnostesch sinn an der Konferenz net gefall. Den Expert soll als neutrale "Moderateur" am Optrag vum Educatiounsministère den Aarbechtsgrupp moderéieren deen de Léierplang vum neie Wäerteunterrecht ausschafft.

Hei déi schrëftlech Versioun vum Virtrag vum Jürgen Oelkers

Hei déi mëndlech Versioun vum Virtrag:

 
ei d'Froën an d'Äntwerten nom Virtrag:
nbsp;
audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2015-03-24-me-BLOG-Froën-an-Äntwerten-no-der-Konferenz-vum-Jürgen-Oelkers.mp3"][/audio] 
lauschtert hei de Bäitrag vum Mick Entringer iwwer d'Konferenz :
nbsp;
audio mp3="http://www.100komma7.lu/emissions/wp-content/uploads/2015-03-25-me-DOS-Wäerteunterrecht-Konferenz-Jürgen-Oelkers.mp3"][/audio]

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen