Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wahlmanipulatioun "immens onwahrscheinlech"

Nei Technologien

Wahlmanipulatioun "immens onwahrscheinlech"

D'US-Wahlen d’lescht Joer sollen, ënnert anerem, duerch Hackerattacke beaflosst gi sinn. Zu Lëtzebuerg wieren d'Infrastrukturen awer sécher, heescht et. Mir hu beim Centre informatique vum Staat an enger Partei, der LSAP, nogefrot.

auto_stories

3 min

Propaganda a Falschinformatioune gëtt et scho laang, seet de Pascal Steichen vu securitymadein.lu. Medien a d'Politiker missten d'Thema Falsch- an Desinformatioun dowéinst offensiv mat der Populatioun diskutéieren.

Geziilt Attacken op kritesch Infrastrukture wieren iwwerdeems zu Lëtzebuerg éischter seelen, sou de Pascal Steichen. Alles an allem géif d'Zuel vun de Cyberattacken awer eropgoen, an dat wier och "normal". "Dat läit dorun, datt Infrastrukture generell méi staark informatiséiert ginn, an d'Technologië vermëscht ginn. Alles baséiert sech ëmmer méi op d'Plattform Internet".

Wahlresultater "extrem gutt geséchert"

Zu Lëtzebuerg gëtt bekanntlech net iwwer elektronesch Wahlcomputeren ofgestëmmt, mee iwwert ee Pabeiersziedel, anescht also wéi zum Beispill a verschiddenen US-Bundesstaaten oder a Frankräich.

Déi virleefeg Resultater vu Chamber- a Gemengewahlen a Referenden, gëtt de Presse- an Informatiounsdéngscht (SIP) vun der Regierung der Ëffentlechkeet nach am Laf vum Dag vun de Wahle weider, dat iwwer d'Medien an de Site elections.lu. Dofir schafft de SIP mam Centre informatique vum Staat zesummen. Deem säin Direkter, de Gilles Feith, seet all d'Donnéeën wieren "extrem gutt geséchert". "Mir sammelen d'Informatiounen iwwer Resultater an den eenzele Wahlbüroen, an deene grousse Gemengen geschitt dat direkt op der Plaz".

Vun offiziéis bis offiziell

An dësem Prozess géifen d’Stëmmziedelen alleguer nach emol nogezielt an et géife sougenannt Konsistenztester duerchgefouert ginn, fir auszeschléissen, datt falsch oder ze vill Stëmmziedelen ofgi goufen. "Um Enn vum Wahlsonndeg gi mir offiziéis Resultater eraus, also Resultater, déi mir iwwer de ganze Sonndeg gesammelt hunn. Dës offiziéis Resultater ginn dann duerno nach vun den zoustännegen Instanzen iwwerpréift a eréischt e puer Deeg duerno gi se offiziell", sou de Gilles Feith. An deem Prozess kéint een zu all Moment "bis op de Wahlziedel" nokucke goen, fir z'iwwerpréiwen, ob an all Büro och richteg gezielt gouf.

Eng Cyberattack op de Prozess vu Lëtzebuerger Wahlen ass deemno aus Siicht vum Centre Informatique "immens onwahrscheinlech". Aktuell gëtt et och keng Pläng fir den elektronesche Vote anzeféieren, mee et wier een am permanenten Austausch mat enger Ënnerorganisatioun vun Conseil de l'Europe fir ze suivéieren, wéi esou Systemer sech op internationalem Plang entwéckelen, esou den Direkter vum CTIE.

LSAP: Infrastrukturen "zimlech sécher"

An den USA hunn auslännesch Acteuren "d'Campagne" vun der Demokratescher Partei gehacked, mam Ziil der Presidentschaftskandidatin Hillary Clinton ze schueden. Och a Frankräich an an Däitschland fäert een, datt d'Wahlen duerch Cyberattacken oder och nach Fake News-Campagnë kéinte beaflosst ginn.

Wéi gesäit en typesche Reseau vun enger Lëtzebuerger Partei aus? Den LSAP-Generalsekretär Yves Cruchten beschreift déi technesch Infrastrukture vu senger Partei als relativ sécher. "Et ass ee klenge Reseau mat enge fënnef bis sechs Memberen. Fir an de Reseau eranzekommen, muss een um Site sinn. Dat ass eng zimlech sécher Manéier fir ze schaffen".

Fir d'Zukunft misst een awer weider Léisunge fannen, sou den Deputéierten. "Et muss een ëmmer méi mobil ginn an aus der Distanz op Donnéeë kënnen zréckgräifen, wat mat sech bréngt, datt een och méi an d'Sécherheet muss investéieren". Offiziell Richtlinnen, wéi eenzel Parteimemberen hir Kommunikatioun an hir Donnéeë schütze missten, ginn et dem Yves Cruchten no bei der LSAP awer net.

Risike besser erkennen a managen

De Cyber Security Competence Center deen d’lescht Joer vum Wirtschaftsministère gegrënnt gouf, kéint an Zukunft den néidege Know-How fir d'Parteien an aner Acteure bidden, esou den Direkter vu securitymadein.lu, Pascal Steichen. "An enger Zort Observatoire kéinte Firmen an aner Strukturen, och Parteien, direkt déi néideg Informatioune kréien, fir eben hir Risike besser kënnen z'identifizéieren an ze managen".

Bis elo goufen zu Lëtzebuerg keng Erfahrunge gemaach mat Wahlmanipulatioune, déi mam Ausland vergläichbar wieren. Et schéngt awer e Konsens ënner de Parteien ze ginn, datt ee sech an Zukunft verstäerkt mat dem Thema vun der Ofsécherung vun elektronesche Kommunikatiounsstrukture muss ausernee setzen.