An dëser Etude ginn engersäits Pisten opgezeechent, fir d'Präsenz vu Miseler Wäiner an eisen Nopeschlänner, virun allem an Däitschland, ze verbesseren, mä och fir méi eng grouss Visibilitéit um Lëtzebuerger Marché ze kréien. Dee Marché zeechent sech duerch eng ganz international Clientèle aus, déi dacks net wéisst, datt et Lëtzebuerger Wäi gëtt. Dat seet déi fir d'Aarbechten un där neier Marketings-Strategie zoustänneg Mataarbechterin am Wäibau Institut Claire Sertznig. Dofir wär et wichteg, datt d'Fläsche vun der Musel duerch iergend ee Symbol direkt als Lëtzebuerger Produit z'erkenne wären.
Op den däitsche Marché goen
Et wieren elo fënnef Ziler festgehale ginn, sot de Moien d'Claire Sertznig vum Wäibau Institut. Een Zil wier zum Beispill, fir d'Reputatioun vum Rivaner, an och seng Qualitéit, opzewäerten. An da wier, nieft Holland a Frankräich besonnesch och Däitschland als Land viséiert, wou ee méi Lëtzebuerger Wäiner wéilt verkafen, virun allem a groussen däitsche Stied wéi München oder Berlin.
Däitschland wier de véiertgréisste Wäikonsument op der Welt, a si wieren dee gréissten Importateur vun auslännesche Wäiner, sou d'Claire Sertznig. "Eist Zil ass et, op den däitsche Marché ze goe mat Wäiner, déi sech vun hiren ënnerscheeden, ganz kloer, do schwätze mir dann zum Beispill vun engem Auxerrois oder engem Pinot Gris, oder vun eisem Crémant." Haaptsächlech géif et do drëms goen, fir mat Restaurateuren oder Fachhändler an d'Gespréich ze kommen, déi och sou méi exklusiv Produite siche wéi de Lëtzebuergesche Wäin.