Radioen

On air

Notturno  |  Mathieu Clement Sextet - Coming Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wäit iwwer 500 Poliziste concernéiert"

Carrièrë bei der Police

"Wäit iwwer 500 Poliziste concernéiert"

D'Polizisten aus der ënneschter Carrière beim Staat missten alleguer an déi nei geschafe Carrière Moyenne B1 reklasséiert ginn - och déi ouni 1ères oder 13iemes Diplom. Dat fuerdert de President vun der Policegewerkschaft Pascal Ricquier.

auto_stories

2 min

headphones

20 min

play_arrow
Pascal Ricquier

Wäit iwwer 100 Policebeamte mat 1ères respektiv 13èmes-Diplom froen, fir an déi nei Carrière B1 reklasséiert ze ginn. Dës Carrière gëtt et eréischt zanter e puer Méint bei der Police. D'Poliziste riichten eng Demande an deem Sënn un den neie Police-Minister François Bausch.

D'Policegewerkschaft SNPGL ënnerstëtzt dës Demarche, seet hire President Pascal Ricquier. D'Gewerkschaft géif sech elo awer net direkt implizéieren, well en Affekot ageschalt gouf.

Automatesch Ëmklasséierung oder out-in

Datt d'Gewerkschaft sech bei de Verhandlungen iwwer d'Policereform an dësem Dossier net genuch duerchgesat hätt, léist de Pascal Ricquier net gëllen. D'Regierung an den zoustännege Minister Dan Kersch hätte fir d'B1-Carrière op eng aner Léisung insistéiert - de sougenannten out-in, deemno déi Police-Beamten an de B1 komme kënnen, awer net automatesch. Si musse virdrun austrieden an dann nees en Exame maachen.

De Pascal Ricquier hofft elo, datt eng automatesch Ëmklasséierung, sou wéi vill Poliziste se mat Hëllef vun der Affekotin Carole Hartmann fuerderen, duerchgesat ka ginn. Wann néideg och iwwer de geriichtleche Wee. Aktuell wiere wahrscheinlech iwwer 500 Poliziste concernéiert.

Polizistenausbildung generell iwwerdenken

D'Polizisten aus der ënneschter Carrière beim Staat missten alleguer an déi nei geschafe Carrière Moyenne B1 reklasséiert ginn, fënnt de Pascal Ricquier. "Déi Leit an der B1-Carrière sëtzen zesumme mat de Leit aus der C1-Carrière an der Klass. Firwat? D'Gesetzer si genee déi selwecht. Dat heescht, een C1 muss genee sou vill wëssen a kënne wéi ee B1. Dat huet näischt mat engem Ofschloss oder mat engem Net-Ofschloss ze dinn." D'SNPGL fuerdert dofir och fir d'Carrière C1 ofzeschafen a generell méi héich Ufuerderungen ze stellen. Verschidden europäesch Länner géife mam positive Beispill virgoen, andeems si Policeschüler dräi Joer laang an d'Schoul géife schécken. "An an deenen dräi Joer Schoul kréien déi e Bac+3 unerkannt, e Bachelor", sou de Pascal Ricquier.