Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wahlcampagnen op soziale Medien

Wahlkampf

Wahlcampagnen op soziale Medien

Election Day bitt Social Media-Marketing-Campagnë fir Parteien a Politiker iwwerall op der Welt un. Si verschafft dofir ëffentlech Daten, déi op de sougenannte sozialen Netzwierker generéiert ginn. Zu Lëtzebuerg hätt et bis ewell wéineg Interessi fir eng Kooperatioun ginn.

auto_stories

3 min

De Luca Splendore Di Gennaro, ee vun de Grënner vun Election Day, fënnt et schued, datt d'lëtzebuergesch Parteien net un de Servicer vu senger Entreprise interesséiert waren.

Kee groussen Interessi

Zu Lëtzebuerg hätten d'Politiker méi en enke perséinleche Kontakt mat de Wieler wéi an anere Länner, mengt de Matgrënner vun Election Day, dowéinst wier den Interessi fir eng gezielt Campagne an de soziale Medien ze maache vläicht méi kleng.

Op Nofro bei de sechs Parteien, déi an der Chamber representéiert sinn, huet et deelweis geheescht, et wier een net un dëser Zort vu Campagne interesséiert, well een éischter de perséinleche Kontakt mat de Wieler wéilt sichen. Ausserdeem wéilt een eng allgemeng Campagne an net spezifesche Contenu fir d'sozial Medien. Anerer hu gesot, datt fir si och nom Gespréich net kloer gewiescht wier, wat Election Day genee géif maachen.

Likes a Kommentaren analyséieren

De Service, deen Election Day hire Clienten ubidde géif, wier et, d'Likes an d'Kommentaren op der Säit vun der Partei oder vum Politiker ze analyséieren. D'Mataarbechter vun der Entreprise hätte bal alleguer e Background an der Statistik, esou de Luca Splendore Di Gennaro. Hie selwer hätt zu Lëtzebuerg als Beroder fir Eurostat geschafft, éier hien Election Day gegrënnt hätt.

Fir eng Social-Media-Campagne auszeschaffen, bräicht een ongeféier sechs Méint, erkläert hien. Election Day wéilt och nëmme Projete vu Minimum sechs Méint unhuelen an d'Käschte fir d'Servicer géife bei 1.000 Euro de Mount ufänken. Fir d'éischt misst ee seng Onlinepräsenz verbesseren an dann d'Netzwierk vergréisseren. Eréischt da géif ee mat der Campagne, also mam politesche Message, ufänken. Hei géifen d'Likes an d'Kommentaren hëllefen ze verstoen, ob de Message gutt wier oder net, ob et méi wichteg wier iwwer d'Educatioun ze schwätzen oder iwwer d'Wirtschaft.

Election Day gouf zu Lëtzebuerg gegrënnt, potentiell Cliente wieren awer iwwerall an der Welt - an d'Equipe wier och verspreet, et géif ee sech souzesoen an engem virtuelle Büro begéinen. D'Mataarbechter wiere gréisstendeels onofhängeg Beroder, also ouni feste Kontrakt. Momentan hätt Election Day nach keng Clienten. Et géif ee sech op d'nächst Joer konzentréieren: Da si Wahle fir d'Europaparlament, a Südafrika, an Argentinien, an Indien, am Botswana, an Namibia, an an Tunesien. Dëst wiere ganz wichteg Wahlen iwwerall op der Welt.

Cambridge Analytica

Duerch de Skandal ëm déi britesch Entreprise Cambridge Analytica, déi fir dem Donald Trump seng Campagne Donnéeë vu Facebook-Notzer illegal verwäert huet, wiere verschidde potentiell Clienten, mat deenen Election Day bis ewell am Kontakt ware méi skeptesch, anere wier et egal. De Luca Splendore Di Gennaro gesäit den Timing vum Skandal skeptesch - am Fong wier dat scho virun engem Joer bekannt gewiescht. Et géif hei net wierklech ëm Cambridge Analytica goen - de Feeler géif nämlech bei Facebook leien.

GDPR: Virun den amerikanesche Betriber schützen

D'Europäescht Dateschutzgesetz (GDPR), dat dëst Joer a Kraaft triede soll, wier dofir, fir d'Europäer virun den amerikanesche Betriber ze schützen. Et wier keen Zoufall, datt d'Cambridge Analytica Affär grad elo - kuerz éier dat neit europäescht Dateschutzgesetz iwwerall an Europa a Kraaft trëtt - esou staark thematiséiert géif ginn. All déi grouss Entreprisë wieren amerikanesch Betriber, déi keng Steieren zu Lëtzebuerg bezuelen, mee vill Problemer fir d'Zeitunge bedeiten.

Dat neit europäescht Dateschutzgesetz muss spéitstens nächste Mount iwwerall an Europa ëmgesat ginn - doduerch soll et fir d'Benotzer vu soziale Medien ënner anerem méi novollzéibar ginn, wat mat hiren Donnéeë geschitt. De Luca Splendore Di Gennaro gesäit dat positiv - den Dateschutz wier senger Entreprise ganz wichteg. Well si eng nei Entreprise wieren, géife si sech souwisou schonn un déi Regelen halen.