Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Rui Gabriel - Target Feat. Kate Teague

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Walen a Frankräich: politesch Reaktiounen aus Lëtzebuerg

Franséisch Presidentielles

Walen a Frankräich: politesch Reaktiounen aus Lëtzebuerg

Nom Resultat vu gëschter gëtt sech och zu Lëtzebuerg gefrot, wéi et kéint weidergoe mat de Muechtverhältnisser a Frankräich. Fir déi nächst fënnef Joer ass dat lescht Wuert nach net geschwat, do si sech politesch Acteuren hei am Land eens.

auto_stories

2 min

Wéi vill den Emmanuel Macron vu sengem eegene Programm wäert kënnen duerchsetzen - déi Entscheedung fält no den zwee Tier vun de Legislativwalen a Frankräich. Dobäi sinn d'Hoffnunge grouss, datt de rëmgewielte President säi Versprieche wäert aléise fir an Zukunft méi inklusiv ze schaffen.

D'Nathalie Oberweis, Deputéiert vun déi Lénk hofft, datt de Jean-Luc Mélenchon bei de Parlamentswalen am Juni op säi relative Succès am éischten Tour opbaue kann, bleift awer virsiichteg.

"Ech hunn awer och schonn héieren, datt et esou ee Phenomen gëtt, sou eng Middegkeet no de Presidentiellen, een Essoufflement soe se, datt d'Leit dann net méi sou vill wiele ginn an datt dat eng Bestätegung vu de presidentielle Resultater géif mat sech bréngen, och bei de Legislativen. Also et ass schonn esou eng Angscht do, datt de lénken Opschwong sech elo erëm kéint leeën."

LSAP: demokrateschen Debat opliewe loossen

De Co-President vun der LSAP Dan Biancalana hofft sengersäits, datt de Parti socialiste de Schlamassel aus dem éischten Tour am Juni op d'mannst zum Deel erëm wäert kënne gutt maachen.

Och datt den demokrateschen Debat, deen de President jo wëllt opliewe loossen, tatsächlech zustane kënnt. Den Dan Bianacana mengt, datt dofir eng Cohibatioun wichteg wier.

ADR: Emmanuel Macron ass geschwächt

Dem Emmanuel Macron säi Resultat wier historesch schlecht, betount den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. Och hie schléisst net aus, datt Frankräich déi nächst fënnef Joer ënner enger Cohabitatioun wäert fonctionéieren, mat Konsequenze fir de President.

"E muss vill méi Récksiicht huelen op aner politesch Stréimungen, en hat dat jo schonn ugekënnegt am Walkampf, datt en dat wäert maachen. Et gëtt warscheinlech vill méi ee schwaache President Macron am zweete Quinquennat wéi am éischten."

Dat wier innepolitesch schwiereg, fir Lëtzebuerg hätt dat awer keng Konsequenzen, sou dem Fernand Kartheiser seng Aschätzung.