Radioen

On air

Notturno  |  Yoshika Colwell - It's Getting Late

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wandel durch Handel?

Fräie Mikro

Wandel durch Handel?

No der russescher Invasioun vun der Ukrain gouf vum Enn vun der Naivitéit an de wirtschaftleche Bezéiungen zu anere Länner geschwat. Dat dierf sech awer net eleng op Russland bezéien, mee och op all aner Länner mat schlechter Reputatioun, déi hoféiert ginn. Do ass de Wee zu enger wierklech anerer Handelspolitik zu Lëtzebuerg nach wäit, mengt de Frank Wies, Affekot a Mënscherechtsaktivist.

auto_stories

4 min

No dem russeschen Iwwerfall op d'Ukrain ass de Wirtschaftsminister Fayot zu de Konsequenzen op déi Lëtzebuerger Ekonomie befrot ginn a wéi een an Zukunft d'Handelsbezéiungen zu anere Staate soll an d'A faassen. Hie gouf an engem Zeitungsartikel zitéiert, datt déi Doktrinn, no där een am Aussenhandel mat jiddwerengem kooperéiere kéint, net méi géif gëllen. An Zukunft misst der "Human Rights Diligence" an deene Bezéiungen eng wichteg Plaz ageraumt ginn.

Och de Carlo Thelen, Direkter vun der Chambre du Commerce, sot, datt déi al Maxime vum "Wandel duerch Handel" wuel obsolet wier. Dësem Prinzip no sollte Länner, déi net no demokrateschen a rechtsstaatleche Prinzippie regéiert ginn, sech duerch de Kommerz mat westlechen Demokratien zwangsleefeg vun dem demokratesche Virus ustieche loossen a lues a lues selwer déi Wäerter iwwerhuelen.

Keng kohärent Linn

Datt dat net funktionéiert, ass net eréischt zënter dem russeschen Iwwerfall bekannt. De Sproch vum Wandel zum Gudden duerch de Kommerz ass scho laang virun allem en Alibi fir ouni schlecht Gewësse Suen ze verdénge mat Länner an deenen d'Rechter op fräi Meenung, politesch Oppositioun oder reliéis a sexuell Fräiheet fir vill Leit net existéieren.

Déi spéit Asiicht déi vum Wirtschaftsminister oder der Handelskummer an de Medie kommunizéiert gouf schéngt sech nach net op all Länner vun der Welt ze applizéieren. Sou huet d'Chambre de commerce hirer Internetsäit no nach am Mäerz eng Wirtschaftsmissioun a Saudi-Arabien organiséiert. E Land an deem Frae kaum politesch oder sozial Rechter hunn a wou et schonn als Fortschrëtt gëllt, wa si eleng mam Auto fueren dierfen. E Land wat e kritesche Journalist, den Jamal Khashoggi, 2018 a sengem Konsulat zu Istanbul ëmbréngen a seng Läich verschwanne gelooss huet. E Land wat am Jemen an e Krich verstréckt ass bei deem Krichsverbrieche géint d'Zivilbevëlkerung dokumentéiert sinn.

Zur selwechter Zäit wéi d'Chambre du Commerce déi wirtschaftlech Bezéiunge mat Saudi-Arabie gefleegt huet, ass de Grand-Duc mam Ausseminister op Dubai an déi Vereenegt arabesch Emirater geflunn. Elo sinn d'Fraen do zwar e bësse besser drun wéi hier saudesch Schwësteren, an dach brauch een net laang ze sichen, fir Informatiounen iwwert d'Mënscherechtsverletzungen ze fannen. Kritesch Stëmmen oder friddlech Manifestante kommen an de Prisong a sinn do viru Folter net geschützt. An d'Emirater sinn och am Jemen Krichspartei, genau esou wéi se a Libyen aktiv an de Konflikt agräifen an esou Friddensbeméiungen torpedéieren.

Dat sinn zwee Länner bei deenen eng "Human Rights Diligence", dem Franz Fayot no, wuel nach net uewen op der Agenda steet, wann et drëms geet mat hinne Geschäfter ze maachen.

China: D'Lëtzebuerger Regierung hält sech bedeckt

Wéi et mat den Handelsbezéiunge mat China weider geet ass och vun offizieller Säit nach net kommentéiert ginn. Kee Wuert vum Premier oder sengem Wirtschaftsminister zu de rezente Revelatiounen iwwert d'Ausmooss vun de Verbrieche géint déi muslimesch Minoritéit vun den Uiguren. Wärend d'USA mëttlerweil vu Genozid schwätzen, musse mir eis mat engem Communiqué vum Ausseministère zefridde ginn, an deem sech besuergt doriwwer gewise gëtt.

Kee Wuert zum Beispill doriwwer, ob och an Zukunft Lëtzebuerger Betriber vum Office du Ducroire staatlech Garantië kréie fir Geschäfter an der Volleksrepublik ofzesécheren. Do sinn eis däitsch Nopere schonn e Schratt méi wäit. Den Autosbauer Volkswagen soll keng staatlech Garantië méi kréien, fir seng Gefierer net nëmmen a China ze verkafen, mee och do ze produzéieren.

Ech soen net, datt ee guer keng Bezéiunge mat problematesche Länner méi soll hunn. Wann een awer d'Grondrechter nëmme bei eis als prioritär behandelt, wärend se an den internationalen Handelsbezéiungen zwar ugeschwat, hier Mëssuechtung awer keng nennenswäert Konsequenze fir déi betraffe Länner oder déi do aktiv Betriber huet, da brauch ee sech net ze wonnere wann den "Wandel duerch Handel" net funktionéiert.

Wéi sollen d'Autokrate vun dëser Welt dat och eescht huelen, wa mir am Zweiwel déi geschäftlech Bezéiungen dach weider féiere wéi virdrun?


Mam Zil fir déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Theemen ze kommentéieren.