Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wann d'Gebuert zum Albdram gëtt

Temoignage

Wann d'Gebuert zum Albdram gëtt

Zu Lëtzebuerg ginn et keng Daten doriwwer, ewéi vill Frae Gewalt bei der Gebuertshëllef erliewen. Mee wéi an alle Länner, erliewen och hei am Land Frae Gewalt bei der Gebuertshëllef, wéi den Temoignage vun der Silvana weist.

Dësen Artikel enthält explizitt Beschreiwunge vu Gewalt-Erfarungen. Wann dës bei iech negativ Emotiounen oder en Trauma ausléisen, liest net virun.

auto_stories

4 min

Et gëtt kee Konsens doriwwer, wéi een d'Violence obstétrique definéiert.

Der WHO no, fält ënner d'Form vu physescher a psychescher Gewalt an der Gebuertshëllef ënner anerem: kierperlech Mësshandlung, déif Demütegung, verbal Beleidegungen, opgezwongen oder ouni ausdrécklech Awëllegung medezinesch Agrëffer, oder nach schlëmm Verletzungen an der Intimsphär.

Mee och Virgäng wärend der Schwangerschaft oder am Wochebett falen ënner d'Gewalt an der Gebuertshëllef. Indirekt kënnen och Pappen, Partner, Personal oder Bëbeeë selwer dovu betraff sinn.

CHL: "Eis Dier ass ëmmer op"

Schätzunge vun Experten no, sinn an Däitschland zum Beispill, jee no Definitioun, 10-50 Prozent vun de Gebuerte vu verschiddene Gewaltformen an der Gebuertshëllef betraff.

Zu Lëtzebuerg ginn et keng Statistiken doriwwer. Eng Enquête doriwwer ass op eis Nofro hin am Gesondheetsministère och net virgesinn, genau esou wéineg ewéi eng Sensibiliséierungscampagne.

Am CHL wier ee sech der Problematik bewosst, erkläert den Dr Didier Van Wymersch, Direkter vum Pole Centre Mère-Enfant. All Joer géife Rouse virun der Maternité an der Stad néiergeluecht ginn. Den Didier Van Wymersch bedauert awer, datt d'Leit dat anonym géife maachen.

Bei Patientinnen, wou den Accouchement net gutt gaangen ass, wier et immens wichteg, fir een Debriefing mat der betraffener Koppel ze maachen, seet hien:

"Ech empfänke reegelméisseg Koppele fir mat hinnen de Problem ze diskutéieren a fir Solutiounen ze fannen. Well wann et Saache ginn, déi mir net verstanen hunn, da wëlle mir net, datt aner Fraen an Zukunft dee selwechte Problem erliewen. Eis Dier ass ëmmer op. Wat mir net gären hunn, ass wa Patientinnen en Trauma erliewen an duerno net bei eis komme fir doriwwer ze diskutéieren."

Gynekologen am CHL hate Formatioun zum Sujet

Et wier gutt, datt d'Fraen ëmmer méi an der Ëffentlechkeet iwwer hir traumatesch Erliefnesser schwätzen, seet den Didier Van Wymersch.

Den Dokter aus dem CHL ass awer iwwerzeegt, datt et am Verglach zu virun 30 Joer haut manner Fäll vu Gewalt an der Gebuertshëllef géif ginn.

D'Personal an de Klinicke wier méi sensibiliséiert: d'lescht Joer nach, hätten d'Gynekologen eng Formatioun zum Sujet gehat, esou den Didier Van Wymersch.

Témoignage vun der Silvana

2016 hunn d'Silvana an de Joe eng traumatesch Gebuert erlieft, déi bis haut esouwuel hiert Liewen, ewéi och dat vun hirem Kand staark beaflosst. Eigentlech hat d'Koppel sech, ewéi déi meescht zukünfteg Elteren, eng schéin natierlech a selbstbestëmmt Gebuert gewënscht.

Mee wéi d'Silvana bis eng Woch iwwer dem geplangten Accouchement-Datum war, wier si vun hirer Fraendoktesch ënner Drock gesat ginn an zu enger Aleedung gedrängt ginn.

Eng bis dohi schéi Schwangerschaft huet sech wärend dem Gebuertsprozess an en Albdram verwandelt erkläert d'Koppel sechs Joer duerno.

"Wat geschitt elo hei mat mir?"

Wärend der Gebuert, zum Beispill, wier d'Silvana a Positioune gedrängt ginn, an hätt ouni gefrot ze gi Medikamenter kritt:

"D'Fraendoktesch huet du mat Ulaf mam Ielebou op mäi Bauch gedréckt. Dat war esou eng grouss Péng. Ech hu mir geduecht, wat geschitt elo hei mat mir? Et ass wierklech wéi an engem Horrorfilm, wéi e Massaker. An ouni Virwarnung och. An dunn ass Si d'Saugglock siche gaangen. Dat war meng gréissten Angscht. Ech wollt net, datt mäi Bëbee mat der Ventouse geholl gëtt. A si sot ëmmer nach ech soll pressen, obwuel ech guer keng Presswéien hat. "

Et goufen och Problemer beim Baxter, dee falsch gesat gouf:

"An am Endeffekt hu mir gesinn datt den Aarm, wou de Baxter dra war, ganz déck war [...] déi ganz Wéieflëssegkeet ass ënner d'Haut vum Aarm gelaf. Et ass gemuerkst a gezu ginn. A schlussendlech war d'Kand do. Natierlech alles gerass, gutt geblutt. Zwee mol schwaach gefall. Ech duecht du bass an engem Schluechthaus hei. Ech hat Dammrëss, Dammschnëtt, eemol alles."

"Bis haut knaen ech un där Gebuert"

Eréischt no e puer Joer huet d'Koppel realiséiert, datt dat, wat hinne geschitt ass, net normal war.

Der Silvana hir Wënsch wieren eegenen Aussoen no guer net respektéiert ginn - si wéisst, datt hire Kierper et hikritt hätt, mee et wier net dono gekuckt ginn:

"Ech louch do wéi e Stéck Véi. Et ass alles iwwer mech ewech decidéiert ginn. Bis haut knaen ech un där Gebuert. Dat geet esou wäit, datt ech net méi an der Klinik well accouchéieren. Ech hu keng Angscht virun de Wéie mee Angscht, datt nach eemol esou iwwer mäi Kierper decidéiert gëtt."