Radioen

On air

Notturno  |  Ryan Davis & The Roadhouse Band - Free From The Guillotine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wann dat Kollektiivt feelt

Sozialistesch Partei

Wann dat Kollektiivt feelt

D'LSAP-Europadeputéiert Mady Delvaux geet net méi mat an d'Europawahlen am Mee. No 30 Joer an der aktiver Politik wier et Zäit opzehalen. Haut géif et de Sozialisten um kollektiven Engagement feelen, dee si an de 70er an 80er erlieft hätt.

auto_stories

6 min

D'LSAP-Europadeputéiert Mady Delvaux geet de 26. Mee net méi mat an d'Europawahlen. Si hätt déi Decisioun scho laang geholl. Dat hätt och näischt ze di mam Wonsch vum fréieren LSAP-Aarbechtsminister Nicolas Schmit fir als Spëtzekandidat mat an d'Europawahlen ze goen an EU-Kommissär ze ginn.

EU-Kommissär trotz Wahlechec?

D'LSAP krut 2014 bei den Europawahlen nëmme méi knapps 12 Prozent vun de Stëmmen a riskéiert hire Sëtz am Europaparlament bei weidere Stëmmeverloschter am Mee ze verléieren. An hiren Ae wier et an deem Fall trotzdeem kee Problem, datt den Nicolas Schmit vun der Regierung als EU-Kommissär op Bréissel geschéckt gëtt: "U sech gëtt et kee Lien tëschent enger Kandidatur fir d'Europawahlen an engem Kandidat, dee vun enger Regierung proposéiert gëtt, fir an d'Kommissioun ze goen."

Fir d'Demokratie wier et gutt, wann een de Lien géif maachen. D'Realitéit wier awer eng aner. De Kommissiounspresident misst d'Propos vun der Regierung och nach unhuelen: "Hie muss jo kucken, en Equiliber tëschent politesche Parteien an tëschent Männer a Fraen, fir datt déi ganz Equipe am Europaparlament akzeptéiert gëtt. Dat heescht, et ass nach ee laange Wee."

Problemer mat der Erneierung

D'Mady Delvaux war 63 Joer al, wéi si 2014 Spëtzekandidatin bei den Europawahle war. Den Nicolas Schmit geet mat 65 nach emol als Spëtzekandidat mat. Zur Fro, wéi do d'Erneierung soll geléngen, verweist d'Mady Delvaux op de Wahlsystem. Dee géif fërderen, datt bekannte Leit erëmgewielt ginn an deemno och ëmmer nees mat an d'Wahle ginn.

Mee am Verglach zu anere Parteien hei am Land hätt d'LSAP effektiv spezifesch Problemer, fir sech ze erneieren, gëtt d'Mady Delvaux zou. Wa si wéisst, wourunner dat genee läit, da géif si hire Parteikollegen dat soen. Mee da missten déi nach op si lauschteren - an dat géife si net maachen. Si wier zu Bréissel "wäit vum Schoss": "A mir hu lauter Leit, déi ganz fest Iwwerzeegungen hunn an eng grouss Legitimitéit, well si ëmmer erëmgewielt goufen. Déi brauche keng gutt Rotschléi."

LSAP an d'Oppositioun

Mady Delvaux verstoppt hir Enttäuschung net virun deem erneite Wahlechec bei de Chamberwahlen am Oktober 2018. Zanter si an der Partei ass, also Mëtt de 70er, hätten d'Sozialisten ëmmer weider Stëmme verluer oder sech just liicht gehalen.

Si hätt sech erwaart, datt d'Partei géif an d'Oppositioun goen. Dat hätt si awer och schonn 2013 gesot, dowéinst wier si do kee gudde "Barometer". A fir ze erneiere bréicht ee "sécher aner Rezepter, wéi just an der Regierung sinn oder net."

Midd Militanten

D'Mady Delvaux seet, si kéint sech dat schlecht Wahlresultat net erklären. Si nennt awer eng Rei Pisten: "Vläicht läit dat un net genuch Asaz, net genuch Optimismus verstreeën, oder vläicht och net genuch Equippegeescht, well mir am Fong lauter Primadonnen hunn, wou jiddweree weess, wéi et geet. Dat ass een allgemenge Phenomen an der Partei, datt et ëmmer méi individuell Approchë ginn an dat Kollektiivt net richteg zur Geltung kënnt."

Viru 40 Joer wier nach vill méi Liewen an der Partei gewiescht. "D'Leit si bëssi saturéiert, si midd, hunn aner Saachen ze dinn" wéi sech am Alldag fir d'Partei ze engagéieren. "Ech hunn heiansdo d'Impressioun, de Wieler géif mierken, datt mir midd sinn." Dofir hätt et fir si och kee Wäert méi, weider aktiv Politik ze maachen, et kéint ee jo net ëmmer deem notraueren, wéi et viru 40 Joer war.

Juncker hätt 2013 sollen zrécktrieden

D'CSV hätt den Depart vum Jean-Claude Juncker nach ëmmer net verkraaft, mengt d'Mady Delvaux. D'Aart a Weis, wéi d'Regierungskris 2013 verlaf ass, kommentéiert d'Mady Delvaux esou: "Dat war eng ellen Zäit. Am Fong war vun deem Ament u wéi déi ganz Affär ugaangen ass, d'Regierungsaarbecht am Stëllstand."

Zur Fro, ob den deemolege Premier besser gehat hätt, fir mat Zäiten zréckzetrieden a seng Konsequenzen ze zéien, seet d'Mady Delvaux: "Ech weess et nach ëmmer net. Wahrscheinlech wier et besser gewiescht, hie wier zréckgetrueden. Mee hie wollt op kee Fall zrécktrieden, well hie sech net bewosst war, datt hien eppes falsch gemaach huet. An hie fillt sech jo nach ëmmer ongerecht behandelt." Si géif mengen, datt hien d'Situatioun schlecht geréiert huet.

Net déi lescht Chance

Als EU-Kommissiounspresident hätt de Jean-Claude Juncker keng einfach Zäit, well d'Problemer ëmmer méi grouss ginn an d'EU-Memberstaate gemeinsame Léisungen dacks am Wee stinn.

Dem Jean-Claude Juncker seng Ausso, et wier d'Kommissioun vun der leschter Chance, wier "bëssi iwwerdriwwen" gewiescht, fënnt d'Mady Delvaux. Well natierlech kéinten net all d'Problemer vun dëser Kommissioun geléist ginn. D'Zesummesetzung vun der nächster EU-Kommissioun géif par konter effektiv een enormen Defi ginn, well sou vill europaskeptesch Regierungen dann hir Vertrieder op Bréissel schécken. An och d'Europaparlament wier wahrscheinlech no de Wahlen nach méi zerpléckt, mat ville klengen, europakritesche Gruppen.

Déi heefeg Wahlechece vu Sozialisten a Sozialdemokraten an Europa erkläert d'Mady Delvaux domadder, datt ze vill géif versprach ginn, wat een net kéint anhalen. De "sozialistesche Message" vu Gerechtegkeet a Redistributioun wier awer nach ëmmer dee richtegen.

Educatioun: Grousse Regret

Vun 2004 bis 2013 war d'Mady Delvaux Educatiounsministesch. Si huet ënner anerem d'Grondschoul an d'Beruffsausbildung reforméiert, déi geplangte Lycéesreform ass awer net méi fäerdeg ginn. Si huet déi Jore vill an hefteg mat den Enseignantsgewerkschafte gestridden. Am Réckbléck schwätzt si vun enger "schwéierer Zäit". Vläicht hätt si deemools ze vill op Consultatioun gesat, mee eng Schoulreform kéint een net géint d'Enseignanten duerchsetzen.

Hire grousse Regret an der Politik wier et, datt si de Lëtzebuerger Schoulsystem net méi egalitär hätt kënne maachen. Dat wier dramatesch. D'Kanner aus engem defavoriséierte Milieu hätten et ganz schwéier.

Mentalitéit vun den Enseignanten

Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch géif probéiere Saachen ze verbesseren, mee fundamental géif näischt änneren. Datt dee selwechten Niveau fir Däitsch a Franséisch néideg ass, wier fir auslännesch Kanner "onméiglech".

D'Mady Delvaux war ëmmer dogéint, fir d'Responsabilitéit fir d'Hausaufgaben un d'Elteren ofzeginn, déi dacks keng Zäit hätten oder d'Sproochen net kéinten. Déi fréier Educatiounsministesch huet kee Versteesdemech fir déi rezent Kritik vun der Enseignantsgewerkschaft un der Hausaufgabenhëllef. Dem SNE no dierften d'Aarbechtszäite vun den Enseignanten net änneren, an deemno kéint d'Hausaufgabenhëllef net vum Schoulpersonal assuréiert ginn.

"Ech fannen dat ee staarkt Stéck", äntwert d'Mady Delvaux: An der leschter Grondschoulreform wier ausdrécklech virgesinn, datt an der Grille horaire vun den Enseignanten Zäite virgesi sinn, fir manner favoriséiert Kanner ze betreien.

Weider Themen

Am Gespréich geet et och ëm den Engagement vun der Mady Delvaux bei de Femmes Socialistes, hir éischt Erfarungen an der Regierung als Staatssekretärin fir Sozialversécherung a Jugend, ëm hir Zäit als Transportministesch, wou de Projet vun engem Tram gescheitert ass, ëm der Mady Delvaux hire spéiden Informatikstudium an ëm d'Robotik.