Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Richard Hawley - Two For His Heels

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wann de Frigo zur kritescher Infrastruktur gehéiert

Cyber-Sécherheet

Wann de Frigo zur kritescher Infrastruktur gehéiert

Eng Cyber-Attack huet leschte Weekend an Däitschland derzou gefouert, datt 900.000 Internet-Router net méi funktionéiert hunn. Den Incident huet op en Neits gewisen, datt d'Digitaliséierung och Sécherheetsrisike mat sech bréngt. Een Thema, dat an der Rifkin-Etude iwwer déi drëtt industriell Revolutioun zu Lëtzebuerg erstaunlech wéineg zur Sprooch kënnt.

auto_stories

3 min

(© Bigstock)

Den US-amerikaneschen Auteur Jeremy Rifkin proposéiert a senger Etude d'Schafe vun engem Kommunikatiouns-Internet, engem Energie-Internet, an engem automatiséierten Transport- a Logistik-Internet. D'Konvergenz vun dësen dräi Reseauen, heescht et, wier de Kär vun der "Internet vun de Saachen"-Plattform, fir de Management, d'Undreiwen, an den Transport vu Gidder a Passagéier an enger Ekonomie vun der drëtter industrieller Revolutioun:

"The convergence of these three Internets comprise the kernel of the Internet of Things platform for managing, powering, and transporting goods and passengers in a Third Industrial Revolution economy"

Connectéiert Geméis an Uebst

Wat heescht dat konkret? Méiglechst vill Géigestänn solle connectéiert ginn, fir Informatiounen matenaner auszetauschen an esou méi effizient a méi intelligent ze ginn. De Wirtschaftsminister Etienne Schneider hat am Juni zum Aféiere vun intelligente Stroumcompteuren dëst Beispill genannt: Ee connectéierten Tiefkühler kéint da wëssen, datt en d'Killphas besser baussent de Spëtzenzäiten declenchéiert. Dat ass méi effizient an et kann ee Sue spueren.

Masse vu weidere Beispiller fënnt een an der Rifkin-Etude. Do geet souguer Rieds vu Sensoren, déi beim Transport vu Geméis an Uebst moossen, ob d'Wuer nach frësch ass a wéi wäit fort se nach kann transportéiert ginn.

Mee wa vum Auto bis zur Atomzentral alles mat engem Reseau connectéiert ass, wiisst natierlech de Sécherheetsrisiko. Da bedeit eng Hacker-Attack eventuell net méi just, datt d'Leit ee puer Stonne keen Accès zu Youtube hunn. Mee da si séier och kritesch Infrastrukture betraff, déi eng ganz Ekonomie zum Erleie brénge kënnen.

Exzellenz-Zentrum fir Datesécherheet

An der Rifkin-Etude fënnt een zu deem Thema vill Pisten awer wéineg Konkretes. Entreprisë sollte sech d'Fro stellen, wéi se a Cyber-Sécherheet mussen investéieren. Den Austausch vun Informatiounen iwwer Cyber-Attacke sollt tëscht Privat-Acteuren an dem Staat verbessert ginn.

A Lëtzebuerg kéint sech als Standuert positionéieren, fir Léisungen am Beräich Cyber-Sécherheet z'erfuerschen, z'entwéckelen an ze vermaarten. Zum Beispill duerch d'Schafe vun engem Exzellenz-Zentrum fir Datesécherheet, a vun engem speziellen Investmentfong.

Pionéiergeescht?

Dem Jeremy Rifkin no, soll Lëtzebuerg als Virreider d'Méiglechkeeten vun enger kompletter Digitaliséierung vun der Ekonomie testen. Fir datt dat net de Risiko vun engem digitale Super-GAU mat sech bréngt, misst d'Regierung bereet sinn, déi Thematik méi konkret unzegoen, wéi dat an der Etude de Fall ass. A si misst enorm finanziell Mëttel an d'Cybersécherheet investéieren.

Ob ee Land an deem nach viru Kuerzem Passwierder vu staatlechen Datebanken op PC-Ecrane gepescht gouf, d'Viraussetzungen erfëllt, fir an dësem Beräich Pionéieraarbecht ze leeschten, ass eng Fro.

Internet-Euphorie hannerfroen

Méi prinzipiell misst doriwwer diskutéiert ginn, ob d'Connectioun vun allem mat allem wierklech sou vill Virdeeler mat sech bréngt, datt et sech an all Fall lount an eng sophistiquéiert Infrastruktur fir d'Datesécherheet z'investéieren.

Den Internet-Theoretiker Evgeny Morozov schwätzt vu "Solutionismus", wann ee fir falsch definéiert Problemer, ëmmer den Internet als eenzeg Léisung proposéiert. Well géint de Stau hëllefen net onbedéngt Autoen, déi dank dem Transport-Internet ouni Chauffer kënne fueren ...