Radioen

On air

Notturno  |  Tuys - Everyday Soleil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat ass nach vu blo-rout-gréng ze erwaarden?

Kaarten op den Dësch

Wat ass nach vu blo-rout-gréng ze erwaarden?

D'Deputéiert aus der Finanz- a Budgetskontrollkommissioun ginn e Méindeg vun der Finanzministesch gewuer, wat déi finanziell Situatioun vum Staat op den 31. Dezember 2022 war. SI kréie sou éischt Indikatiounen, wéi vill Spillraum et fir Steiererliichterunge gëtt.

auto_stories

4 min

De Gilles Baum, d'Josée Lorsché an den Yves Cruchten

De Resumé iwwer Steiererliichterunge lauschterenplay_arrow


Et géif awer nach zwee Méint daueren, bis een e komplett Bild hätt, seet den DP-Fraktiounschef Gilles Baum an eiser Emissioun "Kaarten op den Dësch". Hie plädéiert dofir de Bilan vun 2022 ofzewaarden, deen nach bis Enn Mäerz géif lafen.

D'Finanzministesch Yuriko Backes hätt sech zu Steiererliichterungen net verschloss, an et hätt och kee gesot, datt näischt géif geschéien, datt näischt méiglech wier. Trotzdeem misst een ofwaarden, a wéi enger Envergure esou eng Steiererliichterung méiglech wier, seet de Gilles Baum.

"Wa mer den 31. Mäerz gesinn, dass Méiglechkeeten do si fir sozial selektiv Entlaaschtungen an d'Stéit eranzebréngen, ech mengen, da wäert kee vun deenen 3 Koalitiounspartner sech dogéint wieren, fir wierklech nach eppes am Kader vun de Steieren ze maachen."

De Gilles Baum wëllt sech net op Prezisiounen zu Steiererliichterunge festleeën

Koalitiounspartner si méi zouversiichtlech

Wat beim Gilles Baum nach e bësse verhale klengt, héiert sech beim LSAP-Fraktiounspresident Yves Cruchten scho vill méi zouversiichtlech un. Hie gëtt ze bedenken, datt d'Gaspräisser net méi esou héich si wéi virun zwee Méint gefaart gouf, och den Index wier net op den éischte Januar erfall.

"Also do sinn awer elo eng Partie Parameteren, déi sech éischter beweegen an d'Richtung "et gëtt e bësse méi Sputt": Warscheinlech wäert d'Situatioun am Fréijoer e bësse besser sinn."

Freet sech, wat da mat deem Sputt gemaach gëtt. An do huet déi gréng Fraktiounscheffin Josée Lorsché schonn zimmlech prezis Virstellungen:

"Ech menge, mir hunn ëmmer Moyene genuch - oder mer mussen eis d'Moyene ginn - fir déi kleng a mëttel Revenuen ze stäerken: bis zu 3 mol de Mindestloun kann een awer goen, fir déi Bevëlkerungsschichten an dëse schwieregen Zäite besser opzestellen. An d'Mëttel, dat mir eis do virstellen ass de Steierkredit."

De Steierkredit huet och de Virdeel, datt een en allzäit am Joer ulafe loosse kann, datt een dofir also net den Ufank vum nächste Steierjoer ofwaarde muss.

Fir d'Josée Lorsché ass de Steierkredit de beschte Modell fir Steiererliichterungen unzegoen

Mietgesetz: "Ee ganz gutt Gesetz", seet den Yves Cruchten

An der Emissioun "Kaarten op den Dësch" gouf och iwwer d'Kritik un der geplangter Reform vum Mietgesetz diskutéiert. Dräi jonk Leit aus der zweeter Rei vun de LSAP haten de Logementsminister jo schaarf attackéiert wéinst sengem Projet.

Den Yves Cruchten ass Fraktiounspresident vun der LSAP

De sozialistesche Fraktiounspresident wollt sech där Kritik awer net uschléissen. Den Yves Cruchten huet vun engem "ganz gudde Gesetz" geschwat, dat den Henri Kox op den Dësch geluecht hätt:

"Do si ganz vill Saachen dran, déi richteg gutt sinn. Insgesamt kënnt et do zu enger Stäerkung vun de Locatairen, d'Colocatioun gëtt reguléiert, déi ganz däreg Geschicht mat deene Chambres meublées, wou horrend Präisser gefrot ginn, dat gëtt alles gereegelt."

Op enger Detailfro, nämlech der Berechnung vum Maximalloyer, géifen et verschidden Aart a Weise ginn, wéi een dat upake kéint. Hei géif een no Iddie sichen, mee den Yves Cruchten weist sech zouversiichtlech, datt een och hei eng Léisung géif fannen, "esou wéi eis dat an der Vergaangenheet och ëmmer gelongen ass."


Nieft der Debatt iwwer d'Steiererliichterungen, der Kritik um Mietgesetz war och d'Verkierzung vun der Aarbechtszäit Theema an der Emissioun "Kaarten op den Dësch". Kuckt déi ganz Emissioun hei: