Radioen

On air

Notturno  |  Edna Wright - If The Price Is Right

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat Ausblécker ausblenden

Fräie Mikro

Wat Ausblécker ausblenden

Wann déi amerikanesch East Coast vu Keelt ziddert, stiermt et an Europa. Mä weder d'Zesummenhäng tëscht extreme Wiederevenementer nach de Klimawandel an aner global Phenomener fanne mir an de Joresréck- an Ausblécker vun den nationale Medien erëm.

auto_stories

3 min

Denis Scuto

Mir stinn alt nees um Ufank vun engem neie Joer. An och dëst Joer hunn ech mir d'Réck- an d'Ausblécker an der Lëtzebuerger Press ugekuckt. A war am Ufank paff.

Paff war ech iwwer dee fundamentale Widdersproch, mat deem mir momentan - eigentlech schonn e ganz laange Moment - konfrontéiert sinn. Mir beweegen eis an engem Ëmfeld, dat ëmmer méi internationaliséiert ass a vun internationalen Entwécklunge beaflosst gëtt. Déi Musek, déi mir lauschteren, déi Filmer déi mir kucken, déi Bicher déi mir liesen, déi Reesen déi mir maachen, d'Sportsveräiner, déi mir bewonneren, mä och déi Gesellschaft, an där mir liewen, déi Leit mat deene mir schaffen, déi Bankverbindungen, déi mir aginn, déi Gesetzer a Reglementer, déi mir gebiede sinn ze respektéieren, sinn ëmmer méi international gepräägt. Eisen Handlungsraum ass längst kosmopolitesch. En heescht net nëmme Lëtzebuerg. An och net nëmmen Europa. D'Welt ass eisen Handlungsraum.

Iwwer Lëtzebuerg erauskucken

Mä d'Zeitungen, déi mir liesen, de Radio, dee mir lauschteren, d'Tëlee, déi mir kucken, d'Politiker an d'Politikerinnen, déi mir wielen, betounen all dat Nationaalt, maachen, wéi wa mir eis an engem reng nationale Raum oder nëmmen an nationalstaatlech getrennte Sphäre géife beweegen.

D'Réck- an d'Ausblécker an der Lëtzebuerger Press hunn dat och dëst Joer op eng exemplaresch Aart a Weis ënnerstrach. Si kucke bal ausschliisslech op déi national a politesch Aktualitéit vu Lëtzebuerg an de groussen, respektiv fir Lëtzebuerg relevanten Nationalstaaten zréck an no vir. Als eenzeg supranational Acteuren, respektiv Felder, tauchen d'EU an den Noen Osten op.

Den eenzege Réckbléck an Ausbléck op e globale Phenomen hunn ech am Tageblatt fonnt, mat zwee Artikelen, déi sech den 30. Dezember mam Opschwong vum Rietspopulismus an Europa an an der Welt beschäftegt hunn. Aner global, international, kosmopolitesch Theme wéi de Klimawandel, weltwäit sozial Ongläichheeten a Migratiounsstréimungen oder déi totalitär Iwwerwaachung vun eisen digitale Kommunikatiounsweeër ware kee Bäitrag am Réck- oder Ausbléck vun der Lëtzebuerger Press wäert.

Klimawandel war net present

Pikant ass dat dëse Joreswiessel. Grad wat de Klimawandel betrëfft. Et hätt ee kënnen dovun ausgoen, datt d'Keeltwell an den USA an d'Stierm an Europa den Ophänkert fir e Bäitrag zu deem Thema géife liwweren. Mä déi eenzeg Reflexiounen dozou an der Lëtzebuerger Press hunn ech an engem zitéierten Tweet vum amerikanesche President fonnt. Den 29. Dezember twittert den Donald Trump: "Vläicht kéinte mir e bësse vun dëser gudder aler Äerderwiermung gebrauchen, fir déi eist Land, awer net aner Länner, Milliarden un Dollar bezuele soll, fir sech dogéint ze schützen."

Amplaz vun engem Reflexiounsartikel iwwert e Phenomen, de Klimawandel a seng katastrophal Folgen, déi aus de Feeler vun iwwert 100 Joer nationalstaatlech organiséierten Industriekapitalismus erwuessen, geléngt et der personeller Verkierperung vun deem Kapitalismus déi medial Bühn ronderëm dëst Thema ze beherrschen.

Bléck op dat Wesentlecht feelt

Doriwwer war ech paff an awer och erëm net. Well soulaang national Siichtweisen an Interessie Politik, Medien an domat och eist Denke bestëmmen, bleift d'Wëssen ëm d'Bedrohunge vum Klimawandel am kollektiven Onbewosste verdrängt a kënnt vläicht heiansdo eraus luussen, wa Seefeblosen zerbriechen an Haien un der amerikanescher Atlantikküst erfréieren. Well déi gréissten Zuel vu Politiker mä och vu Wieler ëmmer nach dovun ausgeet, datt si d'Folge vum Klimawandel wäerte maîtriséieren. Datt mir an eisem klengen nationale Raum schonn iergendwéi eens domatter wäerte ginn.

A quoi bon also e Reflexiounsartikel iwwer déi iwwregens längst bekannten an noutwendeg Moossname géint d'Surchauffe vun eisem Planéit oder iwwer dat, wat 2018 ze maache wier. Soulaang geet et och mat e puer Commentairen zum neisten zyneschen Tweet vum Donald Trump duer.