Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat beweegt déi Jonk?

Chamberwahlen 2018

Wat beweegt déi Jonk?

Wat beweegt déi Jonk an der Politik? Doriwwer goung et bei enger Table Ronde am Exit 07 zu Hollerech, organiséiert vun der Zäitschrëft Forum. "Was tun? Politische Forderungen an die nächste Regierung" war den Titel vun der Debatt, bei där sechs jonk Politikerinnen a Politiker sechs gestanene Politiker géigeniwwer stoungen.

auto_stories

6 min

De Sall war gutt gefëllt zu Hollerech, an dat trotz Fussball an engem Concert e puer Honnert Meter weider. Debattéiert hunn déi Jonk mat jee engem Vertrieder aus Parlament oder Regierung, an dat zu engem festgeluechten Thema.

D'Konzept war einfach: Diskutéiert gouf a Gruppe vun zwee. Ugefaangen huet de Jonken, deen als éischt seng Iddien zum Sujet presentéiert huet. Duerno huet de Mandataire dorop geäntwert, an eng Debatt war lancéiert. Wie mengt, datt déi gewielte Politiker am Virdeel waren, deen iert sech.

Gratis ëffentlechen Transport

Deen éischte Jonken, dee seng Positioun vertrueden huet, war de Michel Lemaire vun der ADR. Thema: Mobilitéit. Et sollt ee keng ideologesch Diskussioun féieren an d'Leit net forcéieren, den ëffentlechen Transport ze notzen, seet de jonken ADR-Member, deen och Kandidat am Norden ass. Et sollt een éischter positiv Begleedmesüren op den Instanzewee bréngen, sou datt d'Leit fräiwëlleg méi op den ëffentlechen Transport ëmklammen. Esou fuerdert de Michel Lemaire, datt den ëffentlechen Transport gratis sollt sinn. Weider stellt de President vum ADRenalin fest, datt een d'Nordstrooss misst ausbauen, fir dem enormen Trafic entgéint ze wierken.

D'Carole Dieschbourg (déi gréng). Foto: Sophie Margue.

D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg (déi gréng) ass anerer Meenung: D'Nordstrooss wier nach net un hirer Limitt ukomm, an en Ausbau vun der Strooss géif d'Leit dozou ermonteren, ëmmer méi mam Auto an d'Stad schaffen ze fueren. Dobäi wiere schonn all Dag eng 250.000 Autosplazen den Dag net besat. Weider erënnert si dorun, datt Lëtzebuerg ee vun de gënschtegste Länner a Westeuropa ass, wat den ëffentlechen Transport ugeet.

Déi digital Revolutioun

Am zweeten Themeblock hunn de Loris Meyer vun de Jongdemokraten an d'LSAP-Staatssekretärin Francine Closener iwwer d'Digitaliséierung diskutéiert. De Loris Meyer huet op Studië vun der Europäescher Kommissioun verwisen, wou Lëtzebuerg schlecht an der Digitalisatioun ofschneit. Et misst een Estland als Virbild gesinn, déi eng e-Residency agefouert hunn. Weider fuerdert de Loris Meyer e Ministère fir d'Digitalisatioun, fir de Prozess och seriö ze huelen an ze koordinéieren.

D'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère, Francine Closener (LSAP), mengt net, datt een en eenzege Ministère fir Digitales bräicht: All Ministère wier nämlech gläichermoosse vum Prozess vun der Digitalisatioun betraff. Et wier wichteg, datt de Lëtzebuerger Commerce, mee och d'Hotellerie sech adequat op dës digital Ëmstellung preparéieren. De Wirtschaftsministère hätt dowéinst eng Strategie ausgeschafft, fir dësen Entreprisen ënner d'Äerm ze gräifen.

D'Zukunft vun der Finanzplaz

Datt de Räichtum vu Lëtzebuerg gréisstendeels der Finanzplaz ze verdanken ass, war net ëmstridden um Public Forum. Den Jimmy Skenderovic vun de jonke Sozialisten huet ënnerstrach, datt sech déi lëtzebuergesch Wirtschaft diversifizéiere misst, fir net méi eleng vun der Finanzplaz ofhängeg ze sinn.

D'Tania Mousel (déi jonk lénk), d'Elisabeth Margue (CSV), den Jimmy Skenderovic (JSL), de Loris Meyer (JDL) an de Michel Lemaire (ADRenalin). Foto: Sophie Margue.

Den ADR-Deputéierte Gast Gibéryen huet betount, datt et e Wandel an de Parteie gouf: Während d'Bankgeheimnis laang en Tabuthema war, sou hu sech déi eenzel Parteie lues a lues dozou bekannt, datt dëse Modell op laang Siicht net oprecht ze erhale wier, och wann et momentan nach e Bankgeheimnis fir Residente géif ginn.

Wéi kënne mir eis Pensiounen ofsécheren?

De Pensiounsmodell, wéi en haut existéiert, wier e ganz soziale Modell, an ee vun de beschten an Europa. Doriwwer ware sech d'Elisabeth Margue (CSJ) an de Marc Baum (déi Lénk) eens. Dëse Modell wier awer mëttel- a laangfristeg net oprecht ze erhalen, esou d'Elisabeth Margue. Dat géife Studië weisen. Dofir schléit déi jonk Politikerin vir, datt een de reelle Pensiounsalter un de legale Pensiounsalter upasst, d'Sozialversécherung och aus dem Staatsbudget bezilt an zousätzlech Versécherunge steierlech fërdert.

Den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum, ënnersträicht, datt de Pensiounssystem, wéi en aktuell existéiert, den Aarmutsrisiko bei ale Leit géif reduzéieren. Et wier e stabillen a performante System, deen een awer opwäerte kéint. Sou huet de Marc Baum drop higewisen, datt Leit, déi méi wéi fënnef Mol de Mindestloun verdéngen, prozentual manner missten an d'Sozialversécherung abezuelen.

Investitiounen an d'Bildung

Eng hëtzeg Diskussioun gouf et tëschent der Tania Mousel vun déi jonk Lénk an dem DP-Educatiounsminister Claude Meisch. Déi jonk Politikerin huet gefuerdert, datt méi Suen an déi ëffentlech Schoul missten investéiert ginn. Si huet kritiséiert, datt Reformen dacks just am Lycée technique géifen duerchgesat ginn, an datt Reformen net ëmmer duerchduecht wieren.

D'Carole Dieschbourg (déi gréng), d'Francine Closener (LSAP), de Gast Gibéryen (ADR), de Claude Meisch (DP) an de Laurent Zeimet (CSV). Foto: Sophie Margue.

De Claude Meisch (DP) sengersäits huet ënnerstrach, datt déi aktuell Regierung vill an déi ëffentlech Schoul investéiert hätt. Och am Lycée classique wieren et Reforme ginn, esou wier beispillsweis d'Informatiksektioun geschaf ginn.

Biolandwirtschaft fërderen

Als ofschléissend Diskussioun huet d'Jessie Thill vun déi jonk gréng mam Deputé-Maire Laurent Zeimet (CSV) diskutéiert. Et misst ee méi an d'Biolandwirtschaft investéieren an de Fleesch- a Mëllechkonsum hannerfroen, fuerdert déi jonk Politikerin. Déi jonk Generatiounen hätten ee méi kritescht Konsumverhalen. Datt d'Leit sech fir Bio géifen interesséieren, hätte rezent Ëmfroe gewisen.

Den CSV-Politiker Laurent Zeimet sengersäits huet d'Jessie Thill gefrot, wéi si et géif erklären, datt trotz dem Interessi relativ wéineg Leit sech mat Bio géifen ernären a wéi een déi Leit kéint motivéieren, fir méi lokal a bio anzekafen. Weider huet de Laurent Zeimet gefrot, wéi een d'Bauere kéint zur Biolandwirtschaft animéieren. D'Jessie Thill huet dozou gemengt, datt een déi europäesch Agrarpolitik misst iwwerschaffen a Subside méi geziilt asetzen. Weider wier et wichteg, fir d'Bevëlkerung fir lokal a biologesch Produiten ze sensibiliséieren.


De Public forum gëtt vun der Zäitschrëft forum organiséiert. Diskutéiert hu sechs Jonker mat sechs Beruffspolitiker iwwer verschidden Themen:

Sechs Beruffspolitiker hu matdiskutéiert:

  • D'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg vun déi gréng;
  • D'Staatssekretärin am Wirtschaftsministère Francine Closener vun der LSAP;
  • Den Deputéierte Gast Gibéryen vun der ADR;
  • Den Deputéierte Marc Baum vun déi Lénk;
  • Den Educatiounsminister Claude Meisch vun der DP;
  • Den Deputé-Maire Laurent Zeimet vun der CSV.