Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Sheer Mag - Moonstruck

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat fir eng Partei passt am beschte bei mech?

Smartwielen.lu

Wat fir eng Partei passt am beschte bei mech?

Den 26. Mee sinn d'Europawahlen. Wat fir eng Partei passt am beschte bei mech? Wat fir Kandidate passen am beschte bei meng Iddien? A wat sinn eigentlech meng politesch Iddien? D'Online-Instrument Smartwielen soll hëllefen, op déi Froen ze äntwere fir e méi bewosste Choix ze treffen. Wéi funktionéiert den Tool, wéi gouf en ausgeschafft a wat si seng Limitten?

auto_stories

4 min

Bei de Chamberwahlen 2018 haten iwwer 50.000 Wieler op d'Instrument Smartwielen zeréckgegraff. Och fir d'Europawahlen ass den Online-Questionnaire erëm disponibel. D'Parteien an d'Kandidaten hu sech am Virfeld op 33 politesch Aussoe positionéiert. Den Utilisateur kann dat selwecht maachen an esou iwwerpréiwen, wéi hie par Rapport zu den eenzele Parteien a Kandidate steet. De Marc Schoentgen vum Zentrum fir politesch Bildung:

Et gouf vill Mëssverständnisser, wéi smartwielen d'lescht Joer lancéiert ginn ass. Et geet net drëm de Wieler an d'Wielerin ze beaflossen, mee him eng Entscheedungshëllef ze ginn. Dat ass firwat déi Toolen entwéckelt gi sinn. An an engems dem Utilisateur an der Utilisatrice d'Méiglechkeet ginn, sech iwwer Programmer vun de Parteien an och iwwer d'Iddien an d'Positioune vun de Kandidaten ze informéieren.

All d'Parteien, ausser d'ADR, hu bei Smartwielen fir d'Europawahle matgemaach, esou wéi dräivéierel vun alle Kandidaten. 12 Kandidate vun den 58, déi um Site Smartwielen affichéiert sinn, hunn de Froebou net ausgefëllt. Op de Kandidatelëschte bei Smartwielen feelt bei der ADR de Fernand Kartheiser a bei der KPL den Ali Ruckert.

Fir de Questionnaire opzestellen, gouf breet consultéiert. Aus ronn 300 Aussoen goufen der 33 ausgewielt. Um Enn staamt bal d'Hallschent vum Questionnaire vum europäesche Wahlometer Votematch Europe.

Transparenz

Den Tool Smartwielen wëllt maximal transparent sinn, dozou de Chercheur Raphael Kies vun der Uni Lëtzebuerg:

Natierlech kann e soen, keen Instrument ass perfekt. Konstruktioune vu politescher Dimensioun sinn ëmmer diskutabel, dat heescht, d'Froen, déi een an déi politesch Dimensioune stécht, sinn ëmmer diskutabel. Mir hu vill doriwwer diskutéiert, mee mir hunn all d'Dokumenter transparent gemaach. Dat heescht, fir all Fro wësst dir wéi se an déi politesch Dimensioun integréiert ginn ass.

Et ginn Aussoe formuléiert wéi z. B: "EU-wäit Referende sollen ageféiert ginn". Mat der Ausso ee kann een dann averstane sinn oder net, oder e bësse méi, an e bësse manner. Dobäi kann een all Äntwert, déi ee ginn huet och ponderéieren, dat heescht uklicken, ob d'Äntwert engem méi oder manner wichteg ass.

Siwe politesch Themeberäicher ginn ofgefrot, fir déi awer net d'selwecht vill Froe gestallt ginn. Esou ginn et zum Volet "Institutionell Reformen" aacht Froen. Zum Thema Sozialstaat a Famill sinn et der just dräi.

Verschidden Themeberäicher net representéiert

Et fält op, datt verschidden Themeberäicher am Questionnaire feelen: Educatioun, Aarbecht, Justiz, Kultur, Wunnen, Chancëgläichheet, Sport, Relioun. - Och taucht de Politikberäich Ekonomie net als eegene Beräich op. Aspekter zum Wirtschaftssystem fënnt een awer ënner dem Volet Finanzen a Steieren.

Fir all Ausso, zu där de Benotzer vu Smartwielen sech positionéiert, kann een zousätzlech Informatiounen uklicke fir besser ze verstoen, wat domadder gemengt ass.

Interessant ass och d'Erklärung, déi Smartwielen iwwer den Ubau vun OGMe gëtt. Hei heescht et:

"Och wa keng wëssenschaftlech Studien e Lien tëschent der Consommatioun vun OGMen a Gesondheetsproblemer feststelle konnten, fäerten d'Verbraucher*innen, datt dës Produite sech negativ op hir Gesondheet auswierke kéinten." - An dëser Erklärung gëtt net drop higewisen, datt de Problem vun den OGM deen ass, datt se d'Biodiversitéit negativ impaktéieren an zu Ëmweltbelaaschtung féieren, duerch den Asaz vu Pestizide fir déi se resistent genmanipuléiert goufen. - D'Erklärung zur Fro klammert an dësem Beispill wichteg Aspekter ëm d'Problematik aus an insinuéiert, datt de Verbuet vun OGMen op enger kollektiver Angscht berout.

Bemierkenswert Astufung vu Parteien

D'Äntwerten, déi ee bei Smartwielen ofgëtt, ginn an zwou Grafiken iwwerholl. Do gesäit een, wou ee sech par Rapport zur Partei oder dem Kandidat positionéiert (just op der Basis vun den 33 Aussoen, zu deene Parteien a Kandidaten Aussoe gemaach hunn). Bemierkenswäert ass, datt sech op der Grafik Smartmap déi gréng méi lénks positionéiere wéi déi Lénk; datt d'CSV an d'LSAP sech allebéid d'selwecht wäit lénks positionéieren, an datt d'KPL an déi Konservativ op enger Linn leien, wat den Ausmooss vun europäescher Integratioun ugeet. Den Dan Schmit vun der Uni Lëtzebuerg:

Mir hunn elo net vill euroskeptesch Parteien zu Lëtzebuerg, wat jo elo net onbedéngt verwonnert. An der ekonomesch riets-lénkser Positionéierung hu mir och elo am Moment keng Partei, déi besonnesch vill no riets zitt iwwer eng gewësse Moyenne eraus.

Déi meescht Parteien, déi zu Lëtzebuerg fir d'Europawahlen untrieden, bekenne sech an hiren Aussoen, Smartwielen no, zum Sozialstaat an zum Ëmweltschutz.

De Raphael Kies iwwer den Interêt fir op Smartwielen zréckzegräifen:

Och Bierger, déi sech guer net fir Politik interesséieren, musse wiele goen. A wann ee wielt, dann ass et besser, datt ee sech e bëssen informéiere geet op Sitte wéi Smartwielen, wéi aus dem Bauch eraus ze wielen.