Radioen

On air

Tockcity  |  Mdou Moctar - Imouhar

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat fir eng Plaz fir deen elektresche Vëlo?

Lëtzebuerger Vëlosinitiative

Wat fir eng Plaz fir deen elektresche Vëlo?

30 Prozent elektresch a 70 Prozent normal Vëloen - esou hat d'Vëlosinitiative sech d'Zukunft vum Projet "Vel'oh" an der Stad Lëtzebuerg gewënscht. Et koum awer anescht, wéi si sech dat virgestallt haten.

auto_stories

2 min

Vum Summer u wäerten d'Vëloen, déi een an der Haaptstad ka léinen, alleguer elektresch sinn. D'Lëtzebuerger Vëlosinitiative (LVI) ass net begeeschtert. "Et wier flott gewiescht, wann een och weiderhin e Choix gehat hätt", seet d'Monique Goldschmit vun der Initiative. Dat war och dëser Deeg e grousst Thema op der Generalversammlung vun der LVI. Elo awer hofft ee séier op méi Informatiounen, iwwert déi ugeschwate Vëloen, a virun allem iwwert de Motor, mat deem se lafen.

Gutt Progressioun vum Vëlosreseau

An de leschte Jore goufe 25 Kilometer Vëlospiste gebaut, weider 225 Kilometer wieren an der konkreter Ëmsetzung. Déi Chifferen huet den zoustännege Minister François Bausch op der Generalversammlung vun der LVI genannt. Frou ass d'Monique Goldschmit virun allem, datt geschwënn 100 Kilometer Lücken, déi et tëschent de Vëlospiste ginn, sollen zougemaach ginn.

Ganz zefridden ass d'LVI awer och iwwert en neie Verkéiersacteur: Den Tram. "Vëlosfuerer vermësche scho laang d'Mobilitéit", seet d'Monique Goldschmit, déi an deem Sënn begréisst, datt de Vëlo mat an den Tram däerf.

"Et misst een..."

"Wa mir wierklech wëllen e Vëlosland ginn, da mussen aner Prioritéite gesat ginn", fuerdert d'Monique Goldschmit. D'LVI ass net frou, datt Konflikter ëmmer zu Ongonschte vu Vëlosfuerer a Foussgänger geléist ginn. De Raum fir béid kéint just vun de motoriséierten Acteure kommen, esou d'LVI.


Interview mam Monique Goldschmitplay_arrow