Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat geschitt no der Erstiermung vum Kapitol?

Onrouen zu Washington

Wat geschitt no der Erstiermung vum Kapitol?

No de gewaltsamen Zeenen am amerikanesche Kapitol wëllen elo Demokraten an den USA datt de President Donald Trump nach virum Enn vu sengem Mandat d'Wäisst Haus verléisst. Hie soll entweder zerécktrieden, vu senger eegener Regierung erausgehäit ginn, oder et soll zu engem neien Impeachment am Kongress kommen. D'Angscht ass, datt hie seng Supporter a senge leschten zwou Wochen als President net wëllt ënner Kontroll kréien.

auto_stories

3 min

De Bilan vun den déidleche Randaler am amerikanesche Kapitol klëmmt op fënnef Doudeger: um Freideg Moien ass ee blesséierte Polizist gestuerwen.

Trump assuméiert keng Responsabilitéit

Den Donneschdeg war roueg zu Washington. Am Wäissen Haus huet een näischt vum Donald Trump héieren, zum Deel wuel well Facebook an Twitter seng Konte gespaart haten.

Bis gëschter Owend, wou hien nees Accès krut an ee Video-Message opgetaucht ass, an deem ze héieren ass: "Fir déi Leit déi responsabel ware fir Gewalt an Zerstéierung, dir representéiert eis Land net. A fir déi, déi géint d'Gesetz verstouss hunn, dir wäert dofir bezuelen."

Responsabilitéit fir d'Gewalt akzeptéiert den Donald Trump net. Ënner anerem de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn hat jo um Donneschdeg gesot: "Den Donald Trump ass e Verbriecher, e politesche Brandstëfter a gehéiert virun e Strofgeriicht".

D'Nationalgard zu Washington stationéiert

Gëschter waren nach e puer Trump-Supporter an der amerikanescher Haaptstad ënnerwee, mee no un de Kapitol oder un d'Wäisst Haus komme si net méi. Grouss schwaarz Barrièrë stinn elo ronderëm dat amerikanescht Parlament, een Dag ze spéit natierlech. Et sinn déi nämmlecht Barrièren, déi och schonn zanter dësem Summer d'Wäisst Haus solle beschützen, no de Manifestatioune géint Rassismus a Police-Gewalt.

Foto: picture alliance / Consolidated News Photos

Och ass d'Nationalgard, also amerikanesch Zaldoten, elo zu Washington stationéiert. Et hat e Mëttwoch einfach ze laang gedauert fir si ze aktivéieren. Dat schéngt dem Donald Trump selwer a senger Regierung hir Schold ze sinn, obwuel den Trump a sengem Video seet, hien hätt si direkt op den Terrain geschéckt.

D'Police, déi de Kapitol beschütze soll, war net op d'Evenementer virbereet, obwuel Woche laang bekannt war, datt dem Trump seng Supporter, an och Milizen, de Wee op Washington fanne géifen. De Chef vun där Police huet säi Récktrëtt ugekënnegt.

Demissiounen an der Regierung

Récktrëtt gouf et der och nach eng Rei an der Trump-Regierung, d'Transportministerin an d'Educatiounsministerin zum Beispill. Demokrate wëlle méi: si wëllen den Donald Trump lassginn.

Mee säin enke Krees bleift him trei, a seng eege Regierung wäert hie kaum forcéieren, säin Amt nidderzeleeën.

Den Donald Trump huet a sengem Video awer endlech eppes zouginn: "De Kongress huet d'Resultater confirméiert. Eng nei Regierung iwwerhëlt de Pouvoir den 20. Januar. Ech konzentréiere mech elo drop fir eng uerdentlech Transitioun ze garantéieren."

Den FBI sicht no de Vandalen aus dem Kapitol. Vill vun hinne goufe scho vun amerikanesche Medien identifizéiert. Bekannt Neo-Nazien, Verschwörungstheoreetiker, Rassiste waren dobäi. Just iwwer 80 Leit goufe bis elo verhaft.