Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Daniel Balthasar - Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat geschitt nom Entkommen?

Jesidesch Fraen am Irak

Wat geschitt nom Entkommen?

De Genozid vun de Jesiden an haaptsächlech d'Versklave vun hire Fraen duerch den IS huet am Summer 2014 d'Welt schockéiert. Vill Frae konnten déi lescht Joren der Terrororganisatioun entkommen, mee sinn elo mat laangfristege Problemer konfrontéiert, fir dës traumatesch Joren hanner sech ze bréngen. Weiderhi si Kënschtler an d'Zivilgesellschaft mobiliséiert, fir datt hiert Schicksal am Irak net vergiess gëtt.

auto_stories

3 min

Zu Erbil, an der Haaptstad vum irakesche Kurdistan huet d'Fotojournalistin Seivan Salim d'kurdesch Sängerin Mahabad Ibrahim fir d'Erëffnung vun hirer Ausstellung "Escaped" agelueden.

Si sengt kurdesch traditionell "Lamentatiounslidder", währenddeem d'Gäscht roueg duerch d'Ausstellung ginn: D'Fotoserie portraitéiert eng Dose jesidesch Fraen, déi dem IS entkomme konnten, nodeems d'Terrororganisatioun déi jesidesch Héichbuerg Sinjar am Joer 2014 iwwerfall hat, an Dausende vu Frae versklaavt, verkaaft a mëssbraucht huet.

Wäiss als symbolesch Faarf

D'Fraen op de Fotoen hunn all e wäisst Kleed un a sti virun engem schwaarzen Hannergrond. D'Portraite gi vun eenzelen Temoignagë begleet, d'Geschicht vun hirem Entkommen. D'Fotografin Seivan Salim huet et immens schwéier fonnt fir déi richteg Ästhetik fir de Projet ze fannen. "Dës Fraen hunn esou vill gelidden, wéi kann een dëst duerch eng Foto ausdrécken?"

Si hätt sech fir e wäisst Hochzäitskleed entscheet, wat verschidde Bedeitungen huet: "Fir d'alleréischt ass Wäiss d'Faarf vun der jesidescher Relioun, an zweetens representéiert Wäiss och Fridden a Rengheet." Domat wéilt si der Welt weisen, datt dës Frae reng an haaptsächlech onschëlleg bleiwen, trotz de schrecklechen Erfarungen, déi si duerchgemaach hunn.

Vill Frae ginn nach vermësst

De Projet gëtt et schonn zanter 2015, mee et ass fir d'éischte Kéier, datt d'Kënschtlerin an hirem Heemechtsland Irak ausstellt. Si wëllt d'Cause vun de Jesiden als weiderhin aktuell ënnersträichen:

"Mir wëssen, datt den IS elo um Terrain esou gutt wéi verluer huet. Mee et ginn nach Dausende vu Mënsche vermësst. Dat ass de Grond, wisou ech och hei am Kurdistan ausstelle wollt. Meng Fotoe weise Fraen, déi nach um Liewe sinn. Mee wat ass mat deenen anere geschitt?"

Net nëmme ginn nach immens vill Frae vermësst, mee déi, déi zeréckkomme konnten, liewen zum groussen Deel nach a schlechte Konditiounen a Lagere fir Banneflüchtlingen. Si versichen, no hirer Gefaangenschaft ënner dem IS de Wee zeréck an hir Communautéit ze fannen.

Ongewollt Kanner

Am Fall wou dës Fraen awer mat Kanner zeréckkomm sinn, sinn d'Hürden enorm. D'Bahar Ali, Direktesch vun der kurdescher Fraerechtsorganisatioun Emma seet, datt d'Kanner, déi duerch eng Vergewaltegung entstane sinn, e grousse Problem duerstellen. "Dat si keng isoléiert Fäll, et sollen der ëm Dausend sinn."

Dem irakesche Gesetz no, dat op d'Scharia baséiert, gëtt e Kand mat engem muslimesche Papp automatesch och als Musulman ugesinn. "Dat ass de Grond, wisou déi jesidesch Communautéit dës Kanner net akzeptéiere wëllt." D'Organisatioun Emma géif dowéinst fuerderen, datt dat Gesetz geännert gëtt.

Nei Problemer a Froen

Jesidesch Frae bréngen zanter dem Genozid eng ganz Rei kontrovers Themen op den Dësch: d'Fro vun der Ofdreiwung, déi politesch Representatioun vun der Fra, d'Bekämpfe vun der haislecher Gewalt, d'Gläichstellung virum Gesetz. Et gi vill Iddien, mee si brauchen Ënnerstëtzung, esou d'Bahar Ali.

"Haut wëlle mir eis op d'Opportunitéite konzentréieren, déi aus dëser Situatioun entstane sinn. Fakt ass, datt net vill Leit d'Jeside virum Krich kannt hunn. Mee elo hu mir net nëmmen eis Aen opgemaach, et sinn och immens vill staark jesidesch Fraen opgetaucht."