Radioen

On air

Kultur um 5  |  Wild Nothing - Suburban Solutions

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat léiert eis de Fall vu Cambridge Analytica?

Wirtschaftschronik

Wat léiert eis de Fall vu Cambridge Analytica?

Wahlcampagnë ginn duerch den Internet zwar ëmmer méi bëlleg a rentabel. Och si hunn awer ee Präis, wéi dat illegaalt Notze vu Facebook-Donnéeë weist. Wat d'Wiel Enn 2016 vum amerikanesche President Donald Trump dem Internetkonzern Facebook abruecht huet, ass schwéier anzeschätzen. Wat Facebook duerch dës Presidentewahlen elo verluer huet, léisst sech allerdéngs schonn un enger präziser Zuel festmaachen.

auto_stories

3 min

Dem Mark Zuckerberg seng Firma huet de leschte Méindeg ronn siwe Prozent vun hirem Wäert op der Bourse agebéisst, also iwwer 35 Milliarden Dollar. De Weekend virdru war bekannt ginn, datt Privatdonnéeë vu Facebook-Notzer an déi falsch Hänn gerode waren. D'Firma Cambridge Analytica ass op d'Auswäerte vun Date spezialiséiert. Dës Filial vum Verhalensfuerschungskonzern SCL Group, deen och scho fir déi amerikanesch an déi britesch Regierunge geschafft huet, war iwwer Ëmweeër u vertraulech Donnéeë vu 50 Milliounen amerikanesche Facebook-Notzer komm. D'Beschafe vun dësen Daten - iwwert eng Facebook-Ëmfro - hätt géint d'Reegele vu Facebook verstouss.

Mat dësen Informatioune konnten déi psychologesch Profiller vu potentielle Wieler opgestallt ginn, si wieren deemno och geziilt fir Wahlpropaganda zugonschte vum Donald Trump agesat ginn. Ob dat elo fir dem Trump säi Succès decisiv war, doriwwer kann ee just spekuléieren. Vun där Geschicht kann een awer Verschiddenes zeréckbehalen. Wa perséinlech Donnéeën a grousser Quantitéit vu wiem och ëmmer op eng legal oder illegal Aart a Weis bis gesammelt gi sinn, da gi se och benotzt, sief et op eng legal oder illegal Manéier.

Käschten-Notze-Rechnung

D'Kette vun den Evenementer, déi unhand vun dësen Donnéeë beaflosst ginn ass - an deem Fall déi amerikanesch Presidentewahl an hir Suitten - kann am Prinzip net méi réckgängeg gemaach ginn. Ënnert dem Stréch reduzéiert sech d'Entscheedung, sech bei der Finanzéierung vun engem Wahlkampf op legalem oder illegalem Terrain ze bewegen, op eng Käschten-Notze-Rechnung.

De fréiere franséische President Nicolas Sarkozy ass dëser Deeg vun der Justiz verhéiert ginn. Him gëtt illegale Finanzement vu senger erfollegräicher Wahlkampagne 2007 duerch de fréiere libeschen Diktator Mouammar Kadhafi virgeheit. Hei sollen Zomme vu bis zu 50 Milliounen Euro gefloss sinn. Sollt dat stëmmen, dann hätt een et hei mat engem Klassiker aus der Politik ze dinn. En traditionelle Wahlkampf an engem relativ grousse Land wéi Frankräich kascht vill Suen, déi ee sech dann aus net ëmmer ganz proppere Quelle beschaaft. De Sarkozy kéint um Enn veruerteelt ginn, mee och hei kënne weder seng Presidence nach där hir Suitte réckgängeg gemaach ginn.

Wahlkampf méi rentabel féieren

Wahlkämpf kënnen awer och duerchaus rentabel gefouert ginn. Aus de rezente Parlamentswahlen an Italien ass de populistesche Movimento Cinque Stelle als stäerkste Partei ervir gaangen. Dës Formatioun finanzéiert sech iwwer kleng Spenden. All Stëmm hätt si néng Dollar-Cents kascht, während déi traditionnell Parteie fir eng Stëmm aacht an en hallwen Dollar, also bal 100 Mol méi hätte missten ausginn.

Dat huet den Davide Casaleggio, den heemleche Chef vum Movimento Cinque Stelle, an engem Bäitrag fir de Washington Post geschriwwen. Säi verstuerwene Papp Gianroberto Casaleggio, dee mat enger Internet-Berodungsfirma e Verméige gemaach hat, war Matbegrënner vun der Partei. Internet huet beim Wuesse vun der Fënnef-Stäre-Beweegung deemno och eng grouss Roll gespillt. D'Militante bedeelege sech iwwer eng Online-Plattform. Och Wahlkampf gëtt haaptsächlech iwwer dee Wee gemaach. D'Struktur vum Movimento Cinque Stelle ass allerdéngs onkloer.

A wéi eng Roll spillt d'Internetfirma, déi den Davide Casaleggio vu sengem Papp geierft huet? Benotzt déi eventuell d'Daten, déi iwwert d'Aktivitéit op der Fënnef-Stäre-Plattform gesammelt ginn, fir kommerziell Zwecker? De Casaleggio stellt seng Beweegung als ee Beispill vun direkter Demokratie duer, dat déi traditionell politesch Organisatioune - senger Meenung no - an Zukunft wäert ofléisen an déi representativ Demokratie obsolet maachen. Dat ka gutt sinn. Mee do virdru mussen eng ganz Rei Froe beäntwert ginn, déi sech elo schonn am Zesummenhang mat Internet an Datesécherheet stellen.