Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Bodega - Cultural Consumer III

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat maache géint Suicidegefor am Alter?

Gesellschaft

Wat maache géint Suicidegefor am Alter?

Iwwer Suicide schwätze ka Liewe retten. Dat war eng vun de Conclusiounen an der Emissioun Riicht eraus zum Thema Suicidegefor am Alter. Zu Lëtzebuerg huele sech al Persounen dräi bis véier Mol méi dacks d'Liewen, wéi Jonker ënner 25 Joer.

auto_stories

3 min

Et wier bewisen, datt déi grouss Hemmung an der Gesellschaft fir iwwer Suicide ze schwätzen net berechtegt wier, seet de Sacha Bachim, Psycholog a Member vun der Ligue Luxembourgeoise d'Hygiène mentale. "Wann ee bei de Leit explizitt nofreet. Dat ass ganz dacks eng Erliichterung fir si. An do kann dann dacks eng Dier opgoen, déi vläicht virdrun zou war."

All véierte Mënsch iwwer 65 géif un enger psychescher Krankheet leiden, meeschtens un enger Depressioun, heescht et an der Broschür iwwer "Suicidepreventioun am Alter", un där de Sacha Bachim matgeschafft huet. Et wier wichteg opmierksam ze sinn an op d'Signaler opzepassen, erkläert de Psycholog.

Psychesch Problemer gi bei ale Leit net genuch wouergeholl

Leider géife psychesch Problemer bei ale Leit als Krankheet dacks net wouer genuch geholl ginn. "Dat gëtt heiansdo bagatelliséiert". Souwuel vun der Gesellschaft, wéi vun de Professionellen. Dat hätt mam Bild vum Alter an eiser Gesellschaft ze dinn. Dobäi wier eng richteg Diagnos an Orientatioun immens wichteg, mengt och de Xavier Thiéry, Direkter vum CIPA Houwald.

Et hätt een d'Tendenz, al Leit mat kognitive Problemer a Verbindung ze bréngen. "Ganz dacks héieren ech am Haus vu Mataarbechter, déi net onbedéngt am Soin schaffen, dat ass eng dement Persoun. Ech froe mech ëmmer, op wat si sech baséiere fir esou eng medezinesch Diagnos ze poséieren."

Et géifen zum Beispill Ënnerscheeder tëschent Demenz an Depressioun ginn. Et wier deemno wichteg, alleguer d'Mataarbechter vum Altersheem op dës Problematik opmierksam ze maachen. A mat den Dokteren ze kooperéieren.
Isolatioun duerch Gesellschaftswandel

Ee weidere Grond, deen d'Suicidegefor am Alter ka fërderen, wier d'Isolatioun, erkläert de Marc Hubert. Dat hätt ënner anerem mat engem Gesellschaftswandel ze dinn, an deem dat intergenerationellt Zesummeliewe géif ofhuelen. Den Aumônier, deen d'Leit an der Klinik zu Wolz an zu Ettelbréck begleet, ass der Meenung, datt méi Plaze misste geschafe ginn, wou al Leit sech onbefaangen treffe kéinten. "D'Zesummesi" misst gefërdert ginn.

Besser Dokumentatioun néideg

Fir d'Preventiounsaarbecht vum Suicide am Alter verbesseren ze kënne bräicht Lëtzebuerg eng besser Dokumentatioun fir kënnen anzeschätzen, op en Doud e Suicide war oder net. Als Beispill nennt de Sacha Bachim d'Suiciden an däitschen Altersheemer. Do hätt ee Fuerscher festgestallt, datt et eng grouss Diskrepanz tëschent den dokumentéierte Fäll an de wierkleche Suiciden an Altersheemer gëtt.

Dëst Joer leeft den nationale Suicidepreventiounsplang vun der Regierung aus. De Sacha Bachim ass awer optimistesch, datt an deem Kader de Programm iwwer d'Suicidepreventioun am Alter wäert weidergeféiert ginn. Wéi dat konkret soll ausgesinn, wier allerdéngs nach onkloer.