Radioen

On air

De Moien  |  Smash Mouth - Walkin' On the Sun

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat maachen d'USA a China?

Weltklimakonferenz

Wat maachen d'USA a China?

Et wäert dëst Joer kee grousse Worf ginn op der Weltklimakonferenz zu Bonn. Anescht wei virun zwee Joer zu Paräis, geet et dës Kéier net drëms, grouss Ziler festzeleeën. Et geet drëms am Detail auszeschaffen, wei dës Ziler an d'Realitéit kennen ëmgesat ginn.

auto_stories

2 min

D'Medie wäerten sech op d'USA an op China konzentréieren

Zu Paräis hu sech 195 Länner engagéiert, d'Zäregas-Emissiounen däitlech zréckzeschrauwen, an esou dofir ze suergen, datt d'Hausse vun der weltwäiter Temperatur bei ënner zwee Grad bleift. Wéi ee Bäitrag déi eenzel Länner dozou musse leeschten, ass awer nach net am Detail festgeschriwwen. Dat soll eréischt op der nächster Klimakonferenz 2018 zu Katowice a Polen méi genee definéiert ginn. D'Konferenz vun dësem Joer ass eng Iwwerganksetapp um Wee dohinner. D'Negociateure vun deene verschiddene Länner wäerten also dëst Joer vill iwwer technesch a prozedural Detailer diskutéieren, ouni definitiv Decisiounen ze huelen - Virgäng, déi engem net-spezialiséierten Public nëmme schwéier ze vermëttelen sinn.

Austrëtt vun den USA

D'Couverture vun de Medien dierft sech dofir dëst Joer virun allem mam Optrieden vun zwee groussen Acteure beschäftegen: D'USA a China. Den amerikanesche President Donald Trump hat am Summer ugekënnegt, datt säi Land sech aus dem Klimaaccord vu Paräis géif zréckzéien. Well dat awer virun 2020 net méiglech ass, wäert och zu Bonn eng amerikanesch Delegatioun vertruede sinn. Journalisten an Ëmweltaktiviste wäerten interesséiert beobachten, wéi destruktiv dës Delegatioun sech tatsächlech verhält. Den amerikaneschen Ausseminister, dee fir de Klimaaccord zoustänneg ass, huet nämlech virun e puer Wochen ugedeit, datt d'USA sech ënnert gewësse Konditiounen eventuell awer weider kënnen um Accord bedeelegen.

Progrès a China

Well onkloer ass, wéi ee Wee d'USA wëllen aschloen, ass d'Verhale vu China ëmsou méi wichteg - dat Land, wat weltwäit déi meeschten Zäregasen ausstéisst. Bis elo weist Peking sech kooperativ: De Bau vu Kuelewierker gouf gestoppt, an et gëtt massiv a Wand-, Sonnen- a Waasser-Energie investéiert. Mä fir d'Ziler vu Paräis kënnen ëmzesetzen, muss d'Ëmstellung, besonnesch a China, séier geschéien. Wei séier realistesch ass, dat kéint sech an de nächsten Deeg zu Bonn undeiten.