Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wat si meng Date wäert?

Wirtschaftschronik

Wat si meng Date wäert?

D'Sammelen a Verwäerte vu perséinlechen Date wäert an Zukunft ëmmer méi zentral fir d'Wirtschaft ginn. Haut scho ginn Daten als neie Pëtrol vum 21. Joerhonnert bezeechent. Et ass awer eng Form vun Exploitatioun, well d'Gesellschaften, déi d'Date gebrauche fir Suen ze verdéngen, d'Leit net adequat dofir bezuelen, mengt de Pierre Reyland.

auto_stories

4 min

Meeschtens ass et jo esou, datt, wann een eppes keeft oder verkeeft, de Präis bekannt ass. Dëse Präis, oder Wäert, ass zwar net ëmmer direkt novollzéibar - d'Präisser, déi fir Biller a Konschtwierker op Steeë bezuelt ginn ass e Beispill - mee op d'mannst gëtt et eng Zuel, e Montant, an also, eng gewëssen Transparenz.

Beim Wäert vu perséinlechen Daten, déi gesammelt a weiderverkaf ginn, ass dat net esou. An et ass praktesch onméiglech ze wëssen, wat meng Date wäert sinn, déi Facebook oder Google vu mir sammelen a weiderverkafen. Fest steet just: Perséinlech Date sinn d'Piliere vun der Internetekonomie: 90 Prozent vum Ëmsaz vu Google, a 95 Prozent vum Ëmsaz vu Facebook sinn u Reklamme gekoppelt, déi op der Analys vu perséinlechen Date berouen.

A wéi wäit gi mir ausgenotzt?

Dat ass problematesch a werft op d'mannst d'Fro op, a wéi wäit mir alleguerte vu Facebook & Co kommerziell ausgenotzt oder ugeschmiert ginn. Well mir - an dat schéngt wahrscheinlech - fir eis Daten, déi mir sou liichtfankeg hierginn, vläicht net dat kréien, wat se wäert sinn.

Dës Iwwerleeung passt och an déi ganz Diskussioun iwwer de Schutz vun der Privatsphär - dee jo wéinst der rezenter Affär Facebook/Cambridge Analytica méi wéi jee a Fro gestallt ass. E konkret a präzis Bezifferen, oder op d'mannst Aschätzung, vum Wäert vun eise perséinlechen Date wier nämlech en nëtzleche Critère fir ze decidéieren, ob, an ënner wéi enge Konditiounen, mir bereet sinn, déi Daten hierzeginn.

Den Utilisateur ass de Produit

Dobäi ass et natierlech och net esou, datt, wéi dacks gesot gëtt, mir Facebook an anere Gesellschaften eis Date fir näischt ginn. Mir kréien zwar keng Suen dofir, mee, mir dierfe Facebook gratis benotzen. Oder mir kënnen eis gratis bei Google e Gmail Kont opmaachen, mat etleche Megabytë gratis Späicherplaz, etc.

Dëse Modell, wou d'Firmen, déi eis Date sammelen, eis hir Servicer zu engem groussen Deel gratis zur Verfügung stellen, ass dee bis elo heefegste Modell vun der Transaktioun, oder dem Kontrakt, dee mir mat dëse Gesellschaften aginn. Op dëse Geschäftsmodell applizéiert sech och deen an Tëschenzäit berühmte Saz vun engem Internet Commentateur, deen 2010 scho geschriwwen hat: "Wann dir näischt dofir bezuelt, da sidd dir net de Client; mee da sidd dir de Produit, dee verkaf gëtt".

Bei Internet Servicer, déi net gratis sinn, ass dat a priori anescht. Den Abonnement, deen ee bezilt, zum Beispill fir en E-Mail Kont, soll eng gewësse Sécherheet a Garantie sinn, datt déi perséinlech Daten net x-mol weiderverwäert a verkaf ginn.

Dräi Zorte vun Daten

Datt de Wäert vun eise perséinlechen Date sou schwiereg auszerechnen ass, läit och dorun, datt e ganz volatil ass a vu ville Facteuren ofhänkt - vum Zweck vun den Daten, vum Notzer a vun den Ëmstänn. Fir Entreprisen, déi eis Date benotze fir eist Konsumverhalen ze studéieren, ginn et u sech dräi Zorte vun Daten: Fräiwëlleg Daten a Contenu, dee mir zum Beispill op de soziale Reseauen aginn; dann observéiert Daten, zum Beispill, geographesch Donnéeën, wéi mir eis deplacéieren, déi iwwer Smartphone gesammelt ginn; an, drëttens, Daten, déi aus den zwou éischte Kategorië kënnen ofgeleet ginn. Dës Kategorie ass fir d'Betriber am meeschte Wäert, well domat Konsum- a Verhalensprofiller opgestallt ginn, déi de Firmen et erméiglecht, eis déi Publicitéiten ze schécken, déi am beschte bei eise Profil passen.

Allerdéngs sinn eis Daten, individuell, net vill Wäert. De Wäert ersteet eréischt an der grousser Mass, zesummen an am Verglach mat den Date vun Honnertdausenden aneren.

Date ginn zur Wärung

Wat do d'Date vun Eenzele wäert sinn - doriwwer hunn der scho vill sech de Kapp zerbrach. D'Financial Times huet zum Beispill eng Zort Rechemaschinn publizéiert, mat där een de Wäert vu senge perséinlechen Date soll erausfanne kënnen. Dobäi kënnt eraus: Meng Daten, wann ech se éierlech aginn, a wa se an engem Grupp mat Dausend aneren dra sinn, wieren 0,083 US Dollar wäert. Also net immens vill.

Mee d'Daten-Ekonomie ass am Gaang sech séier weiderzëentwéckelen. Virun allem an den USA ass d'Daten-Industrie scho wäit verbreet. Op Internet-Sittë wéi datacoup zum Beispill, kann ee seng perséinlech Date verkafen, et kritt ee Suen dofir, de Site hëlt sech eng Kommissioun. Dëse Modell ass nach an de Kannerschong. Mee Date sinn am Gaang, nieft Suen oder Bitcoin, ëmmer méi och zu enger Wärung ze ginn. An iergendwann wäert et wuel sou sinn, datt een och mat Date ka bezuelen.