70.000 Léit waren dës Woch um Web Summit zu Lissabon, en Evenement, dat ëmmer méi grouss gëtt an ëmmer méi Staren ulackelt.
Um éischten Owend huet de Whistleblower a fréieren NSA-Mataarbechter Edward Snowden sech vu Moskau aus an der grousser Concert-Arena gemellt. Hien huet déi grouss Tech-Firme Google, Amazon, a Facebook ugegraff.
De President vu Microsoft Brad Smith sot, datt hie sech Suerge mécht, datt kënschtlech Intelligenz och ka mëssbraucht ginn. Op enger anerer Bühn huet de fréiere franséische Fussballstar Eric Cantona professionell Spiller opgeruff, ee Prozent vun hire Gewënner un e gudden Zweck ze ginn.
An deem eklektesche Gewulls probéieren eng Rei Lëtzebuerger Start-Uppen entdeckt ze ginn, oder eng nei Rei Clienten an Investisseuren ze fannen.
Lauschtert de Reportage vum Philip Crowther