Radioen

On air

De Moien  |  Arcade Fire - Everything Now

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi ass et mat de Courses-sorties?

Fleegeversécherung

Wéi ass et mat de Courses-sorties?

D'Reform vun der Fleegeversécherung, déi zënter dem éischte Januar a Kraaft ass, huet séier fir Mëssverständnesser gesuergt. Virun allem bei den Akeef, déi d'Fleegepersonal mat de Leit ka maachen, déi op Fleeg ugewise sinn. Ass déi Leeschtung ofgeschaaft oder einfach nëmmen ëmgedeeft ginn? Kënnt d'Fleegeversécherung dofir op oder mussen d'Patienten deen Akt aus eegener Täsch bezuelen? D'Prestatairen an de Sozialministère interpretéieren d'Gesetz net d'selwecht.

auto_stories

4 min

13.742 Leit waren Enn 2016 op d'Leeschtunge vun der Fleegeversécherung ugewisen. Déi Leeschtunge variéiere jee no Besoin vun de betraffener Persoun. Eng 700 Leit hunn zum Beispill op eng Begleedung bei Akeef an administrativen Demarchen zeréckgegraff. D'Reform vun der Fleegeversécherung huet de ganze System ëmorganiséiert, ënnert anerem mat der Aféierung vu gestaffelte Forfaite fir d'Fleeg. Déi reforméiert Fleegeversécherung soll - dem Sozialminister Romain Schneider no - méi effikass sinn, Sue spueren, a gläichzäiteg eng gutt Qualitéit vun der Fleeg garantéieren.

Wéi d'Reform den éischte Januar a Kraaft getrueden ass, sinn awer séier Problemer opgedaucht, zemools bei de Courses-sorties. De Ministère verséchert, datt déi Leeschtung ëmmer nach vun der Fleegeversécherung iwwerholl gëtt. "Et sinn awer Leit, déi sech bei eis gemellt hunn", erkläert de Georges Clees vun der Patientevertriedung. "De Prestataire géif hinne soen, d'Courses-sorties wiere gestrach. Natierlech kéinten d'Leit esou e Service an Usproch huelen, da missten si dofir extra bezuelen."

"Net bei de Prestatairen ukomm oder am Gesetz net kloer gereegelt?"

De Ministère gëtt zou, datt d'Hëllef fir d'Akeef net méi schwaarz op wäiss am Gesetz definéiert ass. Déi Hëllef géif awer ënnert déi sëllech Activités occupationnelles falen, déi am Kader vun den neie Gardes en groupe geleescht kënne ginn. Fir déi Garde sinn 20 Stonnen d'Woch am Grupp virgesinn, oder fënnef Stonnen d'Woch fir eng individuell Garde.

"Eng Garde ass do, fir d'Sécherheet vun der ofhängeger Persoun z'assuréieren", sot de Sozialminister Romain Schneider uganks Februar virun der Press.

"Zweetens fir hiren Isolement social z'evitéieren. An da selbstverständlech och fir den Aidant z'entlaaschten. An deem Sënn hu mir deen neie Cadre intégré gemaacht, fir d'Persoun ze betreien, all Kéiers gebonnen un déi Garde. Mir hunn an deem Kader och d'Courses-sorties ofgeschaaft fir se z'ersetzen duerch Gardë mat qualifizéiertem Personal."

D'COPAS, den Daachverband vun de Prestatairen am Fleegesecteur, refuséiert awer fir d'Hëllef fir d'Akeef am Kader vun de Garden ze leeschten. Et sief, de Patient bezilt dës Leeschtung aus eegener Täsch. De President vun der COPAS, Marc Fischbach, gesäit en Ënnerscheed tëschent enger Garde an enger Course-sortie:

"Den Akt vun der Course-sortie betrëfft eleng déi Persounen, déi autonom genuch si fir selwer déi Akeef ze maachen, déi noutwendeg sinn, fir hir elementar Liewensbedürfnisser z'erfëllen. Während bei de Garden et ëm Leit geet, déi net méi autonom sinn, hir Autonomie ganz oder deelweis verluer hunn, an ëmmer nees op eng Drëttpersoun ugewise sinn. Dat sinn also Leit, déi vun enger Drëttpersoun surveilléiert an encadréiert ginn, an dat doheem."]

Beim Ministère heescht et dogéint, datt d'Courses-sorties duerchaus am Kader vun deene verschiddene Garden organiséiert kënne ginn, virausgesat de Gesondheetszoustand vum Patient léisst et zou. Des weidere misst d'Garde net onbedéngt doheem geséchert ginn. De Begrëff "à domicile" am Gesetz oder an de groussherzogleche Reglementer wier just eng "technesch Terminologie fir d'Trennung ze maache mam Foyer bzw. mam Heem".

"Hëllef fir d'Akeef net verbueden, also erlaabt"

De COPAS-President seet dann, datt déi verschidden Akten, déi d'Prestatairë leeschten a fir déi si vun der Fleegeversécherung bezuelt ginn, misste kloer am Gesetz definéiert sinn. Dem Marc Fischbach no ass d'Gesetz awer net kloer. "Wann een elo mengt, datt een Akten, déi ganz ënnerschiddlech Objektiven hunn, ka faktesch austauschen an d'Courses-sorties duerch d'Hannerdier nees aféieren, da mengen ech, datt et gesetzlech net erlaabt ass. D'Prestatairë sinn an éischter Stell verflicht, de Wëlle vum Gesetzgeber ze respektéieren."

De Ministère vun der Sécurité sociale argumentéiert, datt d'Hëllef fir d'Akeef net verbueden, also erlaabt ass. Et hätt een am Gesetz keng ausféierlech Lëscht vun den Aktivitéite wollten opstellen. Engersäits fir ze verhënneren, datt Leit vu Leeschtungen ausgeschloss ginn. Anerersäits géif déi méi allgemeng Formuléierung vun den Activités occupationnelles eng Flexibilitéit ginn, déi d'COPAS selwer ëmmer scho gefuerdert hätt. D'Prestatairë kéinten déi Aktivitéiten ubidden, déi de Besoine vun de Leit ugepasst sinn.

Ausso géint Ausso?

Fir d'Patientevertriedung ass et jiddefalls eng problematesch Situatioun. "D'Aussoe vun der COPAS a vum Ministère sti sech géigeniwwer", seet de Georges Clees. "Do ass natierlech de Leeddroenden de Patient, deen an der Mëtt sëtzt. Do si Leit, déi déi Hëllef net kréien. Do muss ee kucken, wou den Hoken ass. Mir hunn am Gesetz och net genee fonnt, wéi dat elo gehandhaabt soll ginn."

Nach am Dezember, also kuerz virum Akraafttriede vun der Reform vun der Fleegeversécherung, hätt een d'Prestatairen op enger Reunioun informéiert, sou de Ministère. Uganks Februar hat de Minister Romain Schneider gesot, et géif ee bannent dräi Méint nom Akraafttriede vum Gesetz en éischte Bilan vun der Reform maachen. "Ech hu mech och engagéiert, wa musse Rektifikatioune gemaacht ginn, da soll en déi maachen", sot den LSAP-Politiker. "Et geet mir net drëm, fir hei d'Gesiicht an där Saach net ze verléieren. Et geet mir drëm, datt mir eng Reform maachen, déi dat garantéiert, wat mir wollte maachen: Qualitéit, Flexibilitéit, Ofsécherung vum System."