Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi barriärefräi ass den ëffentlechen Transport?

Ticketlosen ëffentlechen Transport

Wéi barriärefräi ass den ëffentlechen Transport?

Vun e Samschdeg un ass den ëffentlechen Transport fir jiddwereen hei am Land gratis. Mee si Bus an Zuch och fir jiddwereen d'selwecht accessibel? Wéi gesäit et zum Beispill fir Rollstullfuerer oder blann Leit aus?

auto_stories

3 min

Wärend engem Joer ass de Jean Schintgen dräimol an der Woch mam ëffentlechen Transport op de Kierchbierg an de Rehazenter gefuer. Dat nodeems dem 75-Järege säi rietse Fouss wéinst sengem Diabetis huet missen amputéiert ginn. Zanterdeem ass hie gréisstendeels op de Rollstull ugewisen.

"Ech hat eng Kéier ... dee Witz ... ob der Linn déi ech geholl hu fir an de Rehazenter, hate se eng Kéier e Bus agesat, dee keng Ramp hat, wou s de der Froe gestallt hues, d'Zil ass de Rehazenter an dann ass keng Ramp am Bus."

De ronn ee Kilometer laange Wee ass net ongeféierlech fir Rollstullfuerer. Vun Doheem bis bei de richtege Busarrêt ass de Jean Schintgen all kéiers mam elektresche Rollstull gefuer. Dacks géifen och Autoen, déi um Trottoir stinn, hënneren, sou datt Rollstullfueren net géife laanscht kommen.

Dacks muss de Jean Schintgen op der Strooss fueren, well den Trottoir ze enk oder duerch e Chantier verspaart ass. Mee och d'Busarrête sinn eng Erausfuerderung. D'Buschauffere wieren hëllefsbereet, sou de Jean Schintgen. Wärend den Haaptverkéierszäiten ass d'Plaz fir Rollstullfuerer awer dacks begrenzt.

"Dann ass de Bus vu Leit esou voll, datt der einfach praktesch net erakommt an dann och schlecht erëm erauskommt. Also dat ass den Ament nach net ideal. Mee ech géif awer dovun ausgoen, datt déi allermeescht Bussen haut ekipéiert sinn, fir datt se och Rollstullfuerer kënne mathuelen."

Den ëffentlechen Transport ass fir blann Leit problematesch

Den ëffentlechen Transport ass awer net fir jiddwer Mënsch mat Handicap d'selwecht accessibel. D'Pascale Link ass zanter hirem eelefte Liewensjoer blann an erkläert. Fir blann Leit wier et relativ schwiereg fir sech just op den ëffentlechen Transport ze verloossen, seet si. Mee och op Strécken, déi ee kënnt, kann et zu Iwwerraschunge kommen. Wann awer zum Beispill den Arrêt géif gewiesselt ginn, kéint een als blann Persoun "scho mol an de Stress geroden".

Generell géif ee sech am ëffentlechen Transport vill Froe stellen, sou d'Presidentin vun der AMVA, der Associatioun fir blann Leit. "Ëmmer déi Angscht, kënns de lo aus dem Zuch eraus, kriss de d'Dier op, hëlleft een dir, wou gees de dech da setzen."

Vill Leit wiere sech dacks net bewosst, wéi si mat enger blanner Persoun am ëffentlechen Transport am beschten ëmginn. Dat kann zu penibele Situatioune féieren, erzielt d'Pascale Link.

"Wann d'Chauffere mol do bësse sensibiliséiert wieren a wëssen, wéi reagéieren ech, wann eng blann Persoun an de Bus klëmmt, dat géif engem schonn eng grouss Sécherheet ginn."

Vill Leit sinn op den Adapto ugewisen

An de leschte Jore wieren eng Rei Efforte gemaach ginn, fir den ëffentlechen Transport méi barriärefräi ze maachen. An awer si vill Leit mat enger Behënnerung an hirem Alldag op den Adapto-Service ugewisen.

"Och wa lo iwwerall akustesch Usoen an de Busse wäert sinn, ass et fir déi blann Leit awer onméiglech fir mam ëffentlechen Transport ze fueren", well si vun der Gare oder vum Busarrêt net op déi prezis Enddestinatioun kommen.

Ouni den Adapto wiere vill Mënsche mat enger Behënnerung doheem isoléiert a kéinten um soziale Liewen net deelhuelen. Dowéinst gouf de Service 2007 vun der Pascale Link gegrënnt. Si deelt d'Suerge vu villen Adapto-Notzer, wéinst der geplangter Reform vum Service. Et misst een elo ofwaarden, ob et tatsächlech zu de gefaarte Problemer kënnt, sou nach d'Presidentin vun der AMVA.