Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Them Lights - CW

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi d'EU hir Klimaziler bis 2030 erreeche soll

EU-KLIMAPOLITIK

Wéi d'EU hir Klimaziler bis 2030 erreeche soll

Muer stellt d'Europäesch Kommissioun ee Pak vun 12 legislative Propose vir, déi dofir suerge sollen, datt klimaschiedlech Emissioune bis 2030 ëm 55 Prozent par Rapport zu 1990 reduzéiert ginn. Watt ass alles dran an deem Pak? Een Iwwerbléck vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber.

auto_stories

5 min

Foto: Bigstock

Et sinn eng ganz Partie nei Gesetzer geplangt. Wat gehéiert alles dozou?

Et handelt sech am Ganzen ëm eng Dose legislativ Propose. Net all dovu sinn nei Gesetzer, et sinn och Ännerunge par Rapport zu Direktiven, déi et scho gëtt, geplangt.

Déi Nobesserunge goufen néideg, well jo am Abrëll d'Klimazil bis 2030 vu 40 op 55 Prozent eropgesat gouf. Dofir nennt d'Kommissioun dee Pak och "Fit fir 55".

E Mëttwoch stellt de Vizepresident vun der EU-Kommissioun Frans Timmermanns, dee fir de "Green Deal" zoustänneg ass, dës Propose vir. Si touchéiere vill verschidde Beräicher: vum Emissiounshandel, der Besteierung vun der Energie, den Emissiounsstandarde fir Autoe bis hin zu den Ziler fir erneierbar Energie an der Energieeffizienz.

Da sinn och nei Instrumenter, wéi eng CO2-Ausgläichssteier geplangt. Alles an allem sinn et decisiv Elementer, vu deem Green Deal, dee jo dofir suerge soll, datt d'EU hiert Zil bis 2050 deen éischte klimaneutrale Kontinent ze ginn, och erreeche kann.

Wat ass da bis elo vun dem "Fit fir 55 "-Pak bekannt?

Et scho villes bekannt, och wann d'Kommissioun no baussen ee grousst Geheimnis drëm gemaach huet. Mee och wann, zum Beispill, de Frans Timmermans nach virun zwou Woche bei eis am Interview net vill verrode wollt, gouf et an de leschte Wochen erstaunlech vill Leaken, déi mat Sécherheet esou gewollt waren.

D'Kommissioun wollt, andeems se schonn emol e puer Detailer duerchsickere gelooss huet, déi eng oder aner Propos testen. Mee mir kënne vläicht déi Haaptpunkten duerchgoen:

Erneierbar Energie an Energieeffizienz

D'Ziler solle verschäerft ginn. Bis elo schreift d'Direktive vir, et misste bis 2030 op d'mannst 32 Prozent vun eiser Energie aus erneierbare - also zum Beispill Solar oder Wandenergie - kommen. Deen Undeel soll elo op eventuell op d'mannst 38 bis 40 Prozent eropgesat ginn. Déi genee Propos ass nach net bekannt, an där leschter Propos, déi eis virläit, sinn nach "XX" op de Plaze vun de Prozenter.

EU-Offizieller hunn awer de Chiffer vun 38 bis 40 an de Raum gestallt. Wat kloer schéngt ze sinn, ass datt dat Zil op EU Niveau contraignant wier, et géife par contre net fir all eenzel Memberland verbindlech Klimaziler definéiert. Dat hunn d'Klimaschützer negativ kommentéiert.

Bei der Energieeffizienz sollen och nei Ziler festgeluecht ginn. Si wieren allerdéngs zimmlech weiderhi just eng Indikatioun a géifen och net verbindlech fir all Memberland definéiert.

CO2-Ausgläichssteier

Dat ass ee ganzt neit Instrument a weltwäit dat éischt vun där Zort. Et handelt sech streng geholl net ëm eng CO2-Steier, mee ëm ee Mechanismus, dee bei Importer fir een Ausgläich suerge soll. E soll déi europäesch Industrie, déi sech un déi am Verglach mam EU-Ausland u méi streng Klimareegelen hale muss, virun deloyaler Konkurrenz aus dem Ausland schützen.

Betraff wier de Stolsecteur, genee ewéi Zement, Aluminium, Elektricitéit oder d'Düngemëttelproduktioun. Entreprisen, déi Produiten aus deene Beräicher wëllen importéieren, missten een Ausgläich bezuelen - an zwar dann, wann et an deenen Drëttlänner, wou déi Saachen hierkommen, keen esou ee System gëtt, respektiv méi niddreg Ëmweltstandarde gëllen.

Hei sinn vill Detailer nach net bekannt. Et gëtt awer och hei scho vill iwwer Suitten diskutéiert. Eng grouss Fro an deem Zesummenhang ass, wéi genee dee Mechanismus un den Emissiounshandelssystem liéiert gëtt, an ob d'Entreprisen am Zesummenhang mat deem System nach ëmmer fräi Zertifikae fir CO2 accordéiert kréien.

Erweiderten Emissiounshandel:

De System vum Emissiounshandel gëtt et jo schonn zanter 16 Joer. E gesäit fir bestëmmte Secteuren iewescht Limitte fir CO2-Emissioune vir, bannent deene Limitte kréien d'Entreprisen CO2-Zertifikater. Wie mat sengem CO2-Ausstouss driwwer läit muss sech Zertifikae kafen, wien drënner läit, kann der verkafen.

D'Effikassitéit vun deem Emissiounshandel ass en vue vum Klimaschutz bis haut net onëmstridden. Kloer ass, datt en elo muss wéinst deene méi héijen Ziler ugepasst ginn. Den Ament gëllt dee System fir déi grouss Anlage vun der Industrie an deckt domat bal d'Hallschent vun den Emissioune vun Zäregasen of. Dat geet an den Ae vun der Kommissioun net duer, si wëllt fir den Transport a fir d'Gebaier e weideren Emissiounshandelssystem aféieren.

D'Iddi wier och an deem Beräich ee Präis fir CO2-Emissiounen anzeféieren. Dat allerdéngs hätt vill méi direkt Repercussiounen op de Consommateur wéi den alen Emissiounshandelssystem - ganz einfach well Proprietäre vun Haiser oder awer d'Pëtrolsindustrie deen CO2-Präis direkt op d'Locatairen oder d'Autofuerer géifen ëmleeën.

An do hu scho verschidde Säite massiv Bedenke geäussert, wat déi sozial Suitte vun esou enger Mesure ugeet. D'Kommissioun wëllt ee Klimasozialfong aféiere fir dat opzefänken. Dee géif europäesch organiséiert, d'Sue géifen awer national verdeelt ginn.

Enn vum Verbrennungsmotor?

Hei ass nach net gewosst, wat genee d'Kommissioun wäert proposéieren. Et wäert mat Sécherheet keen Verbuet vun Diesel- oder Bensinsautoe ginn.

Sécher ass, datt d'Kommissioun d'Direktiv iwwer d'Standarde fir d'Emissioune vun Autoe verschäerfe wëllt. Rieds war dovun, datt een Datum géif proposéiert ginn, vun deem un d'Autoe bei Null Emissioune misste sinn. Dat wier de facto ee Verbuet. Déi Iddi, oder virun allem deen Zäitraum, soll allerdéngs an der Kommissioun selwer ëmstridde sinn.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.