Radioen

On air

Notturno  |  Nick Zubeck, Felicity Williams & Karen Ng - Time Machine

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi d'Marine Le Pen sech um Donald Trump kéint orientéieren

Populismus

Wéi d'Marine Le Pen sech um Donald Trump kéint orientéieren

Den Donald Trump gëtt de nächsten amerikanesche President. An an Europa gleeft kee sengen Aen. Bal keen, jiddefalls. Ee vun deenen éischte Gratulanten war d'Marine Le Pen. D'Parteicheffin vum Front National wëllt nämlech d'nächst Joer, genau wei den Trump, eng onerwaarte Victoire feieren.

auto_stories

3 min

Et war kuerz no véierel op siwen, e Mëttwoch de Moien. D'Prognosen hu gewisen, datt den Donald Trump déi wichteg Swing-States Ohio a Florida dierft gewannen. Hie wier domat quasi gewielt. Mee ebe just quasi, an net confirméiert. A Frankräich war dat enger vum Trump senge Supporterinnen awer scho genuch: D'Marine Le Pen huet hire Computer ugemaach an dem President elect via Twitter zu senger Victoire gratuléiert:

Et probéiert ee sech virzestellen, wat der Madame Le Pen an deem Moment duerch de Kapp gaangen ass. Ma zimlech vir bäi dierft dëse Gedanke gewiescht sinn: "Wann deen Trump, mat senger rassistescher an anti-muslimescher Rhetorik President ka ginn, da kann ech dat och!"

An d'Wourecht ass: Déi amerikanesch Wahlen - souwuel de riduculë Wahlkampf wéi och d'Resultat - hunn de Rietspopuliste weltwäit Courage gemaach. Mee d'Marine Le Pen an de Front National kéinten am meeschten dovu profitéieren.

Le Pen zimlech sécher am zweeten Tour

Den Trump huet et fäerdeg bruecht, sech an engem de facto 1 géint 1 duerchzesetzen. An dat trotz sengen Ufeindungen ënner anerem géint Latinoen, Fraen oder Homosexueller. Den Trump huet gewonnen, popular vote hin oder hier.

Genau dat kéint der Marine Le Pen hir grouss Chance sinn. Bei den Européennes virun zwee Joer krut de Front National scho 25 Prozent. No den Attentater vu Charlie Hebdo an dem 13. November d'lescht Joer gesinn déi franséisch Sondagen d'FN-Chefin zimlech sécher am zweeten Tour vun de Presidentschaftswahlen am Fréijoer. Dat heescht: 1 géint 1. An egal wien de Géigner ass: Déi Franséisch Bevëlkerung wäert un alleguer déi Amerikaner denken, déi mam Trump fir haart Positiounen gewielt hunn.

Trump-Agrumenter gëlle just zum Deel a Frankräich

Eng vun de groussen Erkenntnisser vun dësen US-Wahlen ass, datt vill Léit - virun allem, awer eben net just di aarm, wäiss Populatioun aus dem mëttlere Westen - am Trump eng Alternativ gesinn hunn: E Businessmann, kee Politiker. Een, deen "déi haart Wourecht seet". Vläicht gëtt seng Mauer un der mexikanescher Grenz net gebaut. Mee wann, wéi hie gëschter an engem Interview mat CBS sot, 2 bis 3 Milliounen Illegal Awanderer expulséiert ginn, dann hu seng Wieler d'Gefill, eppes ausgeriicht ze hunn.

Natierlech kann d'Marine Le Pen sech net op verschidden Trump-Argumenter verloossen. Si huet net als Business-Mënsch Millioune verdéngt, a kéint net behaapten, Frankräich wirtschaftlech "great again" ze maachen. Mee och a Frankräich hu vill Léit es genuch vun der politescher Elite, de Grandes Ecoles - Absolventen, déi sech am Elysée d'Klensch an d'Hand drécken.

Natierlech, d'Marine Le Pen ass och an der politescher Welt opgewuess. Mee déi aarm Amerikaner hu mam Donald Trump och genau deen 1-Prozent-Typus gewielt, deen si dach esou verdäiwelen.

Politesch Realitéit ouni Inhalter

D'Realitéit ass déi, datt mir an eng politesch Welt rutschen, an där Inhalter näischt méi wäert sinn. Wien och just ee vun den dräi Debaten tëscht Trump a Clinton gesinn hunn, gouf dat kloer an däitlech virun A gefouert. Dës Aart a Weis Politik ze maachen, mat perséinlechen Attacken an ouni kloer Proposen, ass keen amerikanescht Phänomen. D'AfD ass dofir e gutt Beispill, an och de Front National.

Et bléift ze hoffen, datt dem Marine Le Pen säi Géigner am zweeten Tour sech - anescht wei d'Hillary Clinton - net op deen Niveau muss erofloossen, an d'Fransouse mat Inhalter an enger wierklecher Alternativ kann iwwerzeegen.