Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Villagers - You Lucky One

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Wéi een an de Bësch rifft..."

Fräie Mikro

"Wéi een an de Bësch rifft..."

Lëtzebuerg huet elo, "toutes proportions gardées", och eng gréisser Affaire iwwer d’Meenungsfräiheet. An der "Causa Schley" ass villes iwwerdriwwen, mengt de Marc Glesener, Kommunikatiounsberoder a laangjäregen Journalist.

auto_stories

4 min

Wéi wäit geet Meenungsfräiheet? Wéini gëtt aus der Meenung vun deem engem eppes, wat fir en aneren ze wäit geet. A wéini soll, oder vläicht misst souguer, dat bestrooft gi wat ze wäit geet? An de leschte Wochen ass am däitschen Nopeschland vill an intensiv iwwer des Fro diskutéiert ginn. D’Affaire "Böhmermann-Erdogan" ass wuel kengem onbekannt.

Nu hu mer zu Lëtzebuerg zanter zwee Deeg am Kontext „Meenung ëffentlech maachen“ och eng Affaire, déi Welle mécht. Et ass d'"Affaire Schley".

Ëm wat geet et? De Laurent Schley vun der AHA, der Allianz vun Humanisten, Atheisten an Agnostiker, soll verbal iwwer d’Streng geschloen hunn. An engem Kommentar op Facebook huet hien d’Leit vun der Initiative "Fir de Choix" den 10. Dezember d’lescht Joer als "reliéis Fanatiker" betitelt.

Dëst hunn d’Léit vum Choix, déi sech fir de Reliounsunterrecht an der Schoul asetzen, net op sech setzen gelooss an den Dokter Schley op d’Gericht geholl. An do kruten si elo souzesoen Sukkurs vum Parquet. Dëse freet zwee Méint Prisong mat Sursis fir den AHA-Mann.

De Parquet gesäit duerch d’Wierder vum Wëssenschaftler Schley eng Attack op d’Meenungsfräiheet vun de Leit vun der Choix-Initiative.

Dat ass eng kloer Uso. An et sollt eigentlech all deenen ze denke ginn, déi liichtfankeg iwwert anerer ëffentlech hierzéien.

Prisongsstrof vläicht e bëssen héich gegraff

Nu mengen ech perséinlech, datt eng Prisongsstrof vläicht e bëssen héich gegraff ass. Elleng de Fait, dat de Parquet hei eppes net duerchgoe loosse well, ass awer ënnert dem Stréch eng gutt Saach. Et ass heiansdo scho bal penibel zu wat fir engen Amalgammen, stereotyppen-Aussoen an einfach domme Frechheeten et an der ëffentlecher Debatt kënnt. De Summum hei sinn dacks déi anonym Kommentaren op verschiddene Siten oder onméiglech Bäiträg op de soziale Netzwierker.

Zum Fong an der Causa Schley nach dat hei. Wann een am Duden kuckt, steet do folgend Beschreiwung vum Fanatiker:

(...) jemand, der von bestimmten Ideen, einer bestimmten Weltanschauung oder Ähnliches, so überzeugt ist, dass er sich leidenschaftlich, mit blindem Eifer [und rücksichtslos] dafür einsetzt (...)

Setzt ee "reliéis" virun d’Wuert Fanatiker muss een eigentlech wëssen, wat een domat - och a besonnesch am aktuelle Kontext - insinuéiert. Op d'mannst sollt een, wann een esou eppes seet, iwwert d’Wierkung vun de Wierder nodenken.

Wierder wierken a provozéieren Reaktioun. Bewosst iwwerdreiwe ka wéidoen. An dat sollt een am Prinzip an enger Diskussioun ënnert verstännege Leit si loossen. Nun ass eng Prisongsstrof, esouguer op Sursis, allerdéngs och eng iwwerdriwwen Reaktioun. Mais, wéi heescht et sou schéin: Wéi een an de Bësch rifft...